1594 haten sech Jesuittepateren an der Stad Lëtzebuerg néiergelooss an do e Kolléisch gegrënnt, deen an de Raimlechkeete vun der aler Nationalbibliotéik ënnerbruecht war. Niewendru stoung vu 1621 un och hir Uerdenskierch (eis haiteg Kathedral), an engems lieu de culte fir d’Studente vum Jesuittekolléisch.
D‘siwwenzéngt Joerhonnert war wéinst Krankheeten, Hongersnéit a Kricher eng schwéier Zäit mat vill Leed a Misär zu Lëtzebuerg. Dofir hat ee vun de Pateren, de Jacques Brocquart (1588-1660), op engem klenge Grondstéck um haitege Glacis fir d’éischt e grousst hëlzent Kräiz an dunn den 8. Dezember 1624 eng Muttergottesstatu opgestallt, déi hie mat Studenten aus sengem Kolléisch dohigedroen hat. Ëmmer méi Leit aus der Stad sinn an hirem Misär bei déi Statu – eist haitegt Gnodebild – biede gaang.
1625 gouf um Glacis de Grondsteen vun enger Kapell geluecht. Well awer d’Pescht – de schwaarzen Doud – erëm ausgebrach ass, konnt de Bau net ofgeschloss ginn. Och de Pater Brocquart gouf krank an huet der Muttergottes versprach, hie géif mat buerbesse Féiss eng déck Käerz an d’Kapellchen droen, wann hien nees gesond géif. Dat ass effektiv geschitt, an esou konnt 1627 de Bau vun där klenger Glacis-Kapell ofgeschloss ginn. Um Gnodebild war den Titel ze liesen, deen de Pater Brocquart der Statu ginn hat: Maria, Mater Iesu, Consolatrix Afflictorum.
Schonn 12 Joer méi spéit huet d‘Kapell misse vergréissert ginn. Wärend den Aarbechte stoung d’Statu vun der Tréischterin an der Jesuittekierch, wouhinner se vun elo u reegelméisseg all Joer eng Woch (aacht Deeg – also eng „Oktav“) laang iwwerfouert gouf. Um Enn vun där Zäit gouf d’Gnodebild nees a feierlecher Pressessioun hannescht op de Glacis gedroen.
Wéi d’Jesuitte 1773 d’Stad hu misse verloossen an d’franséisch Revolutiounstruppen d’Glacis-Kapell an e Päerdsstall ëmfunktionéiert hunn, gouf d‘Statu vun der Tréischterin definitiv an d’Jesuittekierch bruecht. D’Glacis-Kapell ass dem Äerdbuedem gläichgemaach ginn, a vun där ursprénglecher Wallfaartskapell, an déi 170 Joer laang Pilger hir Uleies bei d’Tréischterin gedroen hunn, ass näischt méi iwwereg bliwwen. Viru Kuerzem awer, bei den Aarbechte fir den Tram, sinn d’Fëllementer vun där klenger Kapell erëmfonnt an dokumentéiert ginn.
E wichtegen Datum an der Geschicht vun der Oktav ass den 10. Oktober 1666, wéi d’Maria, d’Tréischterin am Leed, duerch en ëffentlechen Akt vu Magistrat a Geeschtlechkeet zur Schutzpatréinesch vun der Stad erwielt gouf.
Well d’Festung Lëtzebuerg vun Nout verschount blouf, wollt och d’Landvollek et dem Beispill vun der Stad nomaachen, dat ëmsou méi, wéi vu Süden erfort nei Krichsgefor opkoum. Déi dräi Stänn – Geeschtlech, Adel a Biergerstand – hunn dofir den 20. Februar 1678 festlech deklaréiert, och dat ganzt deemolegt Herzogtum ënner de Schutz vun der Muttergottes ze stellen. D’Oktav war zu engem nationale Fest ginn.
Fir den éischte Centenaire vun der Erwielung vun der Muttergottes zur Stad patréinesch wollten d’Lëtzebuerger en extrat Dankgeschenk un d’Tréischterin maachen: e Votivaltor, deen an der Abtei Orval aus fer forgé vum Pierre Petit hiergestallt gouf. Bis haut blénkt de Votivaltor an der Oktavzäit vun all deene Weigeschenker an Häerzer, déi drun hänken. Fir den 200. Anniversaire schliisslech gouf d’Gnodebild 1866 op Uerder vum Poopst Pius IX. gekréint.
Well mat der Zäit ëmmer méi Pilger komm sinn, gouf d’Oktav 1921 ëm eng Woch verlängert, an zanterhier gëtt se vum 4. bis de 6. Ouschtersonndeg (Duebel-Oktav) gefeiert, mee den Numm „Oktav“ ass awer bliwwen.
Wann och d’Zuel vun de Pilger an der Lescht ofgeholl huet, da bleift d’Oktav dach awer en Héichpunkt am Liewe vun der Kierch zu Lëtzebuerg. Vill Pilger versammelen sech Joer fir Joer virum Bild vun der Tréischterin, fir ze bieden an ze sangen, och wann si soss vläicht keng reegelméisseg Kierchegänger sinn. Mee d’Oktav mat hirer Tréischterin huet dach eng Unzéiungskraaft, déi kee leegne kann.
Awer och de Mäertche gehéiert zur Oktav. Fréier war en esouguer eng Noutwendegkeet. Wann d’Pilger – meeschtens ze Fouss – an d’Oktav koumen, dann hunn si eng Stäerkung gebraucht, well et goung jo dann am spéiden Nomëtteg nees op heem lass. A schliisslech wollt een och nach e Souvenir aus der Oktav mathuele fir déi, déi dat Joer net mat an d’Stad pilgere konnten: e Rousekranz, eng Medail oder och e Votivbild mat der Tréischterin drop.
(Eent vun deene Biller ass iwweregens ganz berüümt ginn: Zwéin Zaldoten hate 1642 hei zu Lëtzebuerg, sécher um Mäertche vun deemools, esou e Bild kaaft an et matgeholl an hir Heemecht, op Kevelaer um Nidderrhäin. D’Wallfaartsbild vu Kevelaer weist d’Tréischterin virun der Silhouette vun der Stad Lëtzebuerg an där éischter Wallfaartskapell um Glacis. Haut pilgeren all Joer bal eng Millioun Leit op Kevelaer a bieden do virum Bild vun der Tréischterin vu Lëtzebuerg.)
Um Mäertche kritt een haut wuel och nach reliéis Artikelen ze kafen, mee do hunn Iessen an Drénken, Spillsaachen an Amusement awer d’Iwwerhand kritt. Mee och dat gehéiert zu engem Pilgerdag: Et soll een sech begéinen, zesumme sinn an sech et gutt goe loossen. Et däerft eigentlech kee Pilgergang an d’Kathedral ginn, ouni datt een och op de Mäertche geet. Ëmgedréit däerft et awer och kee Besuch um Mäertche ginn, ouni datt een och virum Votivaltor wéinstens ee Gebiet gesot hätt – a wier et nach esou e kuerzt.
Déi nächst Oktav kënnt bestëmmt a wäert och 2025 tëschent dem 4. an dem 6. Ouschtersonndeg gefeiert ginn. Dat wär da schonn den 359. Joeresdag vun der Erwielung vun der Tréischterin zur Stadpatréinesch.
En Artikel vum Claude Bache