D’Jongfra Maria, Patrounin vun der Stad an dem Land Lëtzebuerg, steet am Mëttelpunkt vun dëser Wallfaart, déi fréier aacht Deeg gedauert huet – dohier kënnt och den Numm vun der Oktav. D’Consolatrix Afflictorum, also d’Tréischterin vun de Verdrësslechen, gëtt um Ufank vun der Oktav um Votivaltor opgestallt, iwwerdeems gi bekannt Oktavlidder gesongen an den Äerzbëschof hält déi éischt Oktavpriedegt, déi dann als Motto vun deem Joer den Toun ugëtt. Nom Zweete Weltkrich ass de Brauch opkomm, datt d’Jongbaueren an d’Jongwënzer Weess, Wäin a Wuess (also WWW) matbruecht hunn, an dës Coutume huet bis an dat 21. Joerhonnert iwwerlieft. Déi jonk Meedercher ware gehalen, hiren Herrgottsaffer vum Karfreideg, also de Wäert vun de Séissegkeeten an Naschereien, op den Altor ze leeën; dat huet de Georges Hellinghausen, Bëschofsvikar a Member vun der Oktav-Kommissioun fir de 400. Anniversaire vun der Oktav, am Luxemburger Wort geschriwwen.
Haut trëppelen tëscht dem drëtten an dem fënnefte Sonndeg no Ouschteren Dausende vu Pilger aus Stad a Land an d’Kathedral, egal, wei wäit dat och ass. Dës Wallfaart gehéiert zum Alldag vun engem gudde Katholik, se gëtt ënnerholl, fir d’Gewëssen ze erliichteren, fir Krankheeten ze iwwerstoen a fir Sënnen ze tilgen oder awer als Merci fir all Guddes, wat engem widderfuer ass. Ech hunn e gudde Frënd, deen an der Zäit all Joer fir d’Oktav vu Wolz aus zu Fouss bis an d’Stad gelaf ass. A well de Jos du schonn net méi deen Allerjéngste war, ass hien deen éischten Dag bis op Miersch getrëppelt, wou seng Fra hie mam Auto siche komm ass (an deen Dag drop och erëm higefouert huet) a vu wou aus dann deen zweeten Deel vun der Wallfaart konnt an d’Muskele bäissen.
A well déi sëllege Pilger no hirem Trëppeltour da meeschtens de géien Honger haten, huet och de Mäertchen um Knuedler vun Ufank un derzougehéiert. Fir eis Schoulkanner vun deemools war et natierlech op d’mannst gradesou wichteg wéi déi feierlech Mass, fir duerno direkt déi aner Säit vun der Kathedral d’Trap aus op de Mäertchen ze bëselen an do tëschent Zockerstaangen, Schappnougat a Spillgezei hin- an hierzeflanéieren. A wat fir déi Erwuessen e gebakene Fësch beim Joslet war, war fir eis Kanner déi routwäiss Turlatäin, dat horizontaalt Glécksrad, bei deem dat klabberegt, dräieckegt Lieder um Dréibock tëschent zwee rouden Neel huet misse stoe bleiwen, fir eng Plastikstut mat rout- oder blowäiss gesträifte Ficellen, engem Drëttelliter Waasser an engem Goldfësch kënne mat heem ze huelen, deen dann iwwerall gehënnert huet a muenchmol iwwer obskuer Weeër an der Uelzecht gelant ass.
De kréinenden Ofschloss vun der Oktav ass dann ëmmer d’Schlusspressessioun, déi deementspriechend pompös gefeiert gëtt an nach aus den Ufankszäite staamt, wou ënner den Ae vun der Groussherzoglecher Famill d’Tréischterin vun de Verdrësslechen, also d’Jongfra Maria, aus der Jesuittekierch erëm zeréck an d’Glaciskapell bruecht ginn ass. Haut ass vläicht e bësse Pomp aus de fréieren Zäite verluer gaang, mee de Cortège duerch d’Uewerstad ass nach ëmmer en Erliefnes fir Jonk an Al, an d’Traditioun vun de Veräiner a Gruppen, déi hei matmaachen, ass onverännert, sou huet schonn deemools dat bekanntent „Hei elei kuck elei“-Gesiicht Jean Octave dat reportéiert.
Ech héieren zwar elo schonn erëm béis atheistesch Lästerzongen driwwer braddelen, dass d’Schlusspressessioun eigentlech „e Rallye pédestre vun der kathoulescher Kierch fir den Transport vun enger Muttergottes fir opzeblose“ wär, an zwar net an engem Skoda Octavia oder engem Mercedes, mee per pedes an op enger iwwerdaachter Brëtsch. Honi soit, qui mal y pense.
En Artikel vum Sully Prud’homme
Fotoen: © LCTO/Dudau