Fotoen: © www.melusina.lu
Do, wou am Oste vun der Stad d’Landschaft erëm mëttelalterlech idyllesch gëtt, läit Clausen, e klenge Quartier virun der Stad Lëtzebuerg. An dësem Quartier vun der Stad hat de Béier nach ëmmer eng gewëssen Traditioun, hei ass zanter jeehier de Mouselsbéier gebraut ginn. Datt sech an der Zäit hei ee Café un deen anere gereit huet, fir den duuschteregen Aarbechter dat ze ginn, wat se am meeschten no Feierowend an engem Dag voll schwéierer Aarbecht gebraucht hunn, dat war scho bal normal. Awer schonn an de Fofzegerjore waren et déi Jugendlech, déi sech an der rue de la Tour Jacob getraff hunn, fir Beim Malou deen een (oder aneren) Patt ze drénken. D’Malou war eigentlech „just“ d’Meedchen, geschmass huet awer seng Mamm, d’Annie, de Buttek. Nom Doud vum Annie an de Sechzegerjoren sinn d’Clienten ausbliwwen an d’Bild vun der Strooss huet sech och geännert. War de Bistro beim Malou bis dohin den Treffpunkt a Clausen, sinn no an no nei Lokaler derbäikomm, ënner anerem de „Melusina“. Bis Ufank vun de 70er-Joren hu sech hei italieenesch Gaaschtaarbechter getraff, wouduerch d’Atmosphär hei éischter enger Tavern an Italien ewéi engem Bistro am Stater Gronn geglach huet.
De Geroch vun Zigaretten, gemëscht mat Pastasciutta-Geroch, wär wuel fir ëmmer an der Loft hänke bliwwen, wann …
Niewent dem Melusina war e Festsall, deen iwwer d’Joren an de Vergiess gerode war. Heiansdo ass en nach benotzt gi fir dat eent oder anert Immigrantefest, oder fir d’Wäsch ze dréchnen.
E stadbekannten Jazz-Club war zu där Zäit aus der Hasteschmillen am Gronn verdriwwe ginn an huet mam Pächter vum Melusina en Arrangement fonnt. Vun dësem Zäitpunkt u sinn all zwou Wochen an deem ale Festsall Concerten organiséiert ginn, an deen alen a marode Festsall ass lues a lues zum Kult ginn. Bekannte Gréissten aus der Jazz-Zeen, wéi de Gary Burton oder den Art Blakley, hu sech an de Joren derno d’Klensch am Melusina an de Grapp ginn.
D’Situatioun am Melusina sollt sech an de Joren derno ëmmer erëm änneren. No Jore vum Erfolleg mam Jazz-Club hu Lëtzebuerger Pächter de Melusina iwwerholl an niewent dem Jazz-Club nach e Folk-Club an d’Liewe geruff, mat deem en neie Krees vu Clientë sollt an d’Lokal gelackelt ginn. Den Erfolleg sollt awer net laang unhalen an, nodeems déi finanziell Mëttele vun de Pächter opgebraucht waren, huet de Melusina fir e puer Joer seng Dieren zougemaacht, bis sech nei Pächter fonnt hunn. Schnell ass de Sall komplett ëmgebaut ginn, deen ale Charme ass verluer gaang. Zäitzeien erzielen, datt et éischter improviséiert ausgesinn huet. Och an dëser Episod blouf den Erfolleg aus an den Jazz- an de Folk-Club sinn aus dem Melusina erausgeplënnert an hunn hir Concerten anerwäerts organiséiert.
De Melusina hat iwwer verschidden Dekaden ëmmer en Op an Of. Awer Enn vun den Nonzegerjoren huet sech esou munches am Melu, wéi d’Lokal am Volleksmond säit jeehier genannt gëtt, gedoen. Lues a lues ass aus der Disco e Club ginn an am Lokal niewendrun ass e Restaurant amenagéiert ginn. D’Schaumparty, d’Ballonsparty, d’Coca-Cola-Party an eng Hellewull vu legendäre Studentebaler bleiwen deene meeschte vun eis an Erënnerung, och wann déi eng oder aner heemlech Knuutscherei an engem vun den däischteren Ecker vum Melu bei muencherengem aus der Erënnerung verschwonne sinn.
De Melusina, d’Brasserie Mansfeld, de Café beim Malou, de Pygmalion, de Brittania an de Maybe Not Bob’s – si all hunn iwwer Joren de Clausener Quartier ausgemaacht a sinn, een ewéi deen aneren, iwwer d’Joren zum Kult ginn. Iwwerlieft hu bis haut déi mannste vun hinnen, mee am Melu, deen och haut nach den Zentrum vum Partyquartier Clausen ass, gëtt och haut nach ëmmer gefeiert a sech ameséiert.
An och wa vum Melu, genee ewéi bei senger Namensgeberin, dem Melusina, esou muencher Detail aus der Geschicht net niddergeschriwwe gouf, si se och haut nach allen zwee jiddwer Lëtzebuerger e Begrëff a wëssen ze begeeschteren.