D’Melodie vum Gléck

En Doktertitel?
D’Marie-Paule Theisen
kritt e mat 75 Joer

Eng vun den Haaptfroe vum Mënsch ass déi vum Gléck: Wéini ass ee glécklech? D’Marie-Paule Theisen huet sech mat dëser Fro wëssenschaftlech beschäftegt. Dofir huet d’Uni Lëtzebuerg hir am Dezember den Doktertitel am Fachberäich Psychologie iwwerreecht. Do war si selwer scho 75 Joer al.

Standardméisseg gëtt Gléck un d’Héicht vum Bruttoinlandsprodukt geknäppt. Et ginn awer och aner Tendenzen, wéi den „UN World Happiness Report“ aus dem Joer 2017 weist. Do gëtt Gléck ënner anerem doru gemooss, ob et eng Vertrauenspersoun bei Krisen am Liewe gëtt. D’Marie-Paule Theisen huet esou eng Persoun, hir Tatta Germaine. Déi Fra, déi si voller Léift „Tatta“ nennt, huet entscheedenden Afloss op de Liewenswee vun hirer Niess, déi sech spéider wëssenschaftlech mat der Fro vum Gléck beschäftege wäert. D‘akademesch „Carrière“ fänkt spéit un. Als jonk Fra ass doru guer net ze denken. D‘Marie-Paule steet fréi op eegene Been. D’Eltere féieren d’Duerfbäckerei an d‘Patisserie zu Rëmeleng, d’Meedche léiert de Beruff vun der Spillschoulsjoffer. Dorop ausrouen deet si sech awer ni. Bis si op dem zweete Bildungswee niewent der Aarbecht hir Première nomécht, ass si iwwer verschidden Ofschlëss vun der Spillschoulsjoffer zur Schouljoffer eropgeklommen.

An der Escher Brillschoul hält si laang Schoul. Fir de „Bac“ muss allerdéngs eng speziell Hürd geholl ginn: Dat lescht Schouljoer wëll si ënner Schüler verbréngen a mat hinne léieren. Do ass d’Marie-Paule 33 Joer al, huet grad „congé sans solde“ ugefrot a keng Wunneng. D‘Tatta Germaine hëlt si op, d’Première geléngt. Béid Frae bleiwen sech no, reesen zesummen duerch d’Welt. 25 Joer geet dat esou. Du koum den 23. Dezember 2005. Eng Chute an der Trap fesselt d’Germaine un d‘Bett, mat schwéiere Behënnerungen. Fir d‘Marie-Paule steet direkt fest: „Si huet mech deemools net am Stach gelooss, elo loossen ech si net am Stach.“ Si hëlt hir „Ersatzmamm“ aus der Klinick a gëtt zu engem „Familljemember, dee fleegt“, wéi et banal am Fachjargon heescht. Et ass Betreiung ronderëm d’Auer, siwen Deeg d’Woch, an den Ausléiser fir hir akademesch „Carrière“, déi sech deelweis an der Pensioun ofspillt.

„D’Universitéit huet mir dobäi gehollef, e Burnout ze verhënneren“, seet si. Virum Accident hat d’Marie-Paule eppes bei hirer Tatta beobacht. Eppes, dat net nëmmen dës Famill betrëfft. D’Germaine war e Liewe laang Hiewan – mat Leif a Séil. Zu Esch gëtt si nach laang no der Pensioun vu Mammen erëmerkannt. „No der Pensioun war si oft traureg“, mengt d’Marie-Paule, déi an der Tëschenzäit längst domat ugefaangen huet, sech mat dem eegenen Alginn auserneenzesetzen. „Ech hunn ëmmer gemierkt, datt hir eppes feelt.“ Ville vun den anere Rentner geet et ähnlech wéi dem Germaine.

Glécklechsi kann ee léieren

„Reese kann een e puer Joer laang“, erkläert d’Marie-Paule, „iergendwann ass och am Haus alles gemaach an de Gaart ass nëmmen am Summer eng Oflenkung.“ Langweil kënnt op – gemëscht mam Gefill, net méi gebraucht ze ginn. D’Signaler aus dem gesellschaftlechen Ëmfeld maachen et net besser. „Rentner kaschten d’Gesellschaft nëmmen nach, bréngen ekonomesch awer näischt méi.“ Een anert Wuert dofir ass onglécklech sinn.

Fir d’Marie-Paule steet séier fest: „Ech wëll kee motzegen, onzefriddene Senior ginn.“ Si schreift sech an der Universitéit an. Nom Bachelor leet si 2011 eng Masteraarbecht zum Theema „Langweil am Alter“ vir. Doran entwéckelt si en Dräi-Stufe-Plang, fir genee dat ze evitéieren. Dat kéint een dach weiderentwéckelen, fënnt net nëmme si, mee och hire Professer. Dëse bitt sech als Dokterspapp heifir un, wouropshin si sech un d’Aarbecht mécht. D’Germaine steet bei der Wiel vum Themegebitt Pätter: Gerontologie, d’Wëssenschaft vum Alginn.

„Ech wollt si besser ënnerstëtze kënnen“, seet d’Marie-Paule, déi sech, obwuel d’Germaine un d’Bett gefesselt ass, „Gléck“ fir hir Vertrauenspersoun wënscht. Gléck kann een also léieren? „Jo“, äntwert si schnell a geheit mat Fachbegrëffer wéi „Mindfulness-Based Stress Reduction“ ëm sech. Iwwersat heescht dat „Stress duerch Uechtsamkeet reduzéieren“ Uechtsamkeet? Fir Gedriwwener am Hamsterrad vun der Leeschtungsgesellschaft héiert sech dat droleg un. Net seele léisst et esouguer einfach nëmmen negativ Handbeweegungen a Commentairë wéi „esoteresche Quatsch“ aus. Déijeeneg kontert si gäre mat dem wuessende Fuerschungsstand op dësem Gebitt, de Beleeger an hirer Dokteraarbecht a féierende Käpp wéi dem Molekularbiolog Jon Kabat-Zinn1 oder den Neurowëssenschaftler Richard Davidson2 an Ulrich Ott3. Dat si meeschtens Doutschlagargumenter, well och „Mr. Google“ kennt den Ausdrock a verweist op net wéineg, héchst seriö Säiten zum Thema. Den zesummegerullten Dokterstitel an der anthrazitfaarwener, schwéierer Kartrongsrull mam Logo „Uni.lu“ ass dat eent. Dat anert ass déi zukunftsweisend Iddi, déi wärend der jorelaanger Aarbecht doru wiisst. D’Marie-Paule Theisen bréngt eng „Akademie fir Pensiounplanung“ an d’Spill. Dëst ass an hiren Aen en echte gesellschaftleche Bäitrag zu de Folge vum demografesche Wandel, deen zwar ëmmer beschriwwe gëtt, awer nëmme bedéngt zu Analyse féiert, vu Visioune guer net ze schwätzen.

„Et bleift ze hoffen, datt (…) den Notze vum Uechtsamkeetskonzept zur Stressreduktioun am Erhale vun der Gesondheet vun der Zilgrupp 50plus och hei am Land vun de Verantwortlechen aus Politik, Wirtschaft a Wëssenschaft erkannt gëtt“, schreift d’Marie-Paule Theisen am Kapitel „Ausbléck“. „Datt déi virgeluechten Aarbecht zu ,Uechtsamkeet als Determinant vu Gléck am Alter‘ als bescheidene Bausteen zum gléckleche Liewe fir gesond, gestresst Beruffsopsteiger a Rentner gesi gëtt“, geet et am selwechte Kapitel weider. Den Dokterstitel vun der Autorin am Alter vu 75 Joer ënnersträicht dës Aussoen ëmsou méi.

En Artikel vum Wiebke Trapp

Dësen Artikel gouf an däitscher Sprooch de 16. Januar 2018 am Tageblatt Nr. 13 verëffentlecht.

Den Jon Kabat-Zinn (gebuer de 5. Juni 1944 zu New York) ass emeritéierte Professer op der University of Massachusetts Medical School zu Worcester. Hien ënnerriicht Meditatioun zur Uechtsamkeet, fir Mënschen dobäi ze hëllefen, besser mat Stress, Angscht a Krankheeten ëmgoen ze kënnen. Wärend sengem Beruffsliewen hat hien sech staark dofir engagéiert, d’Praxis vun der Uechtsamkeet a Medezin a Gesellschaft bekannt ze maachen an ze etabléieren. De Kabat-Zinn huet Bäiträg zu engem moderne Gesondheetswiesen – virun allem an den USA – geleescht an sech dobäi esouwuel an senger Fuerschung wéi och an der Léier op d’Zesummenhäng vu kierperleche Virgäng a geeschtegen Aktivitéite konzentréiert. Hien ass Grënner a fréiere Gerant vum 1995 etabléierte „Center for Mindfulness in Medicine, Health Care and Society“ (CFM, Zentrum fir Uechtsamkeet a Medezin, Gesondheetswiesen a Gesellschaft) op der University of Massachusetts Medical School.

(Quell: Wikipedia)

De Richard Davidson ass ee vun de bekannten Neurowëssenschaftler eiser Zäit. Hie léiert als Psychologie-Professer op der University of Wisconsin-Madison, ass Direkter vum „Waisman Laboratory for Brain Imaging and Behavior“ a leet de „Laboratory for Affective Neuroscience“. Den Davidson ass Comitésmember vum „Mind and Life Institute“ an Auteur vun e sëllegen Artikelen an och Bicher. Fir seng Fuerschungsstudie gouf hie schonn dacks ausgezeechent a geéiert. 2006 huet den Time Magazine hien als „ee vun den honnert aflossräichste Mënsche vun der Welt“ betitelt. Ee Joer méi spéit gouf hie vum Madison Magazine zur „Persoun vum Joer“ genannt.

(Quell: Auszuch aus dem Klappentext vu sengem Buch „Wege der Achtsamkeit“ vum Arbor-Verlag, 2012)

Den Ulrich Ott (gebuer 1965) ass en däitsche Psycholog a Meditatiounsfuerscher. Hien huet Psychologie op der Johann-Wolfgang-Goethe-Universität zu Frankfurt am Main studéiert an 1996 mat der Diplomprüfung ofgeschloss. Am Joer 2000 huet hien zum Thema „Merkmale der 40-Hz-Aktivität am EEG während Rou, Kapprechnen a Meditatioun“ promovéiert. Säit 2005 schafft hien als wëssenschaftleche Mataarbechter am „Bender Institute of Neuroimaging“ a leet do den Aarbechtsgrupp „Veränderte Bewusstseinszustände“.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.