Claudia a Michel

„D’Logik huet mech iwwerzeegt!“

Bei den Zeie vu Jehova op Besuch zu Lëtzebuerg

D’Zeie vu Jehova – jiddweree kennt se. Si stinn an de Foussgängerzonen a bidden hir Zäitschrëften „Wachtturm“ an „Erwachet!“ frëndlech un a si gi vun Dier zu Dier a wëllen iwwer d’Bibel schwätzen. Mee wie sinn si? E Besuch doheem.

1998 ass si den Zeie vu Jehova bäigetrueden a léisst sech no hirem Brauch duerch e komplett Ënnerdauchen deefen. Dofir muss si aus der kathoulescher Kierch austrieden. Mat hirer Aarbecht an der Schoul konnt si dat deemools gutt arrangéieren, erzielt si. Jiddweree wosst, datt si eng „Zeien“ ass, mee d’Marie-Louise erënnert sech awer net un Ausernanersetzungen, mee et wär en tolerant Matenee gewiescht.

Haut ass d’Marie-Louise eng vun iwwer 2000 Zeie vu Jehova – vun hinne ginn et weltwäit 8,5 Milliounen. D’Zeie vu Jehova leeë Wäert op den Numm „Jehova“ fir Gott, si si géint bestëmmt Saachen – ewéi d’Blutttransfusiounen, well d’Blutt helleg ass. Dofir ginn si oft kritiséiert, well am Zweiwel geet et bei dëser Entscheedung ëm Liewen an Doud. Fir Net-Zeien ass et ausserdeem schwéier ze verstoen, datt chrëschtlech Fester ewéi ausgerechent Ouschteren a Chrëschtdag net gefeiert ginn, well se eben och heednesch Elementer an Urspréng hunn. Ëmmerhi gëtt dat Hellegt Abendmahl gefeiert, eemol am Joer, ëmmer um 14. Nisan, ofhängeg vum Mound – dat ka mol am Mäerz oder am Abrëll sinn. Besonnesch haart fir Kanner: De Gebuertsdag gëtt net gefeiert. Während aner Kanner Kuch an d’Schoul matbréngen an hir Kolleegen op eng Party alueden, däerfen d’Gargano-Kanner dat eben net. „Jo, dat ass net ëmmer einfach“, seet deen 48 Joer ale Michel Gargano. „Mee et ginn zwou Plazen an der Bibel, wou d’Feiere vum Gebuertsdag schlecht ausgeet. An: D’Feiere vun engem mënschleche Gebuertsdag verherrlecht de Mënsch. Dat wëlle mir net. Mir däerfen nëmme Gott verherrlechen.“ Hien a seng Fra hu schonn op aneren Deeg de Kanner eppes an d’Schoul matgi fir ze schneeken – an dat, fir Merci fir d’Matenaner ze soen. Natierlech bleiwen d’Kanner trotz allem ëmmer „anescht“. Si gi mat schellen, wann d’Elteren eemol d’Woch owes, an ëmmer sonndes moies ënnerwee sinn. „Well ech weess, datt Jehova dat Bescht ass, wëll ech dat och fir meng Kanner“, erkläert de Michel Gargano. D’Kanner selwer soen näischt dozou – nach net?

Beim Michel Gargano an senger Fra Claudia ass vill lass. Déi dräi Kanner rolzen an der Stuff, niewelaanscht ass d’Televisioun un. D’Claudia deckt den Owesdësch, et gëtt Ham a Brout. Eng ganz normal Famill. An awer ass d’Famill Gargano anescht. Well si sinn Zeie vu Jehova. Mënschen, déi zu enger bibeltreier Glawensgemeinschaft gehéieren, där hire Schwéierpunkt de Studium vun der Helleger Schrëft an enger eegener Iwwersetzung ass, zéien heiraus konkret Tippen a Richtlinne fir hiert Liewen. A Mënschen, déi aneren dovun erzielen an si an hir Gemeinschaft ophuele wëllen.

De Michel sëtzt mat enger Frëndin vum Haus un der Kichentéik: d’Marie-Louise Jodocy ass 70 Joer al an och Zeie vu Jehova. An dat säit genee 20 Joer. „Jo, ech hu Jubiläum!“, seet si glécklech a lepst un hirem Kaffi. Am Alter vu 50 Joer huet déi deemoleg Schouljoffer zur Glawensgemeinschaft fonnt. „E Bekannten hat mir schonn oft vun sengem Glawen a Studium vun der Bibel erzielt. Ech si ganz kritesch an ech hu laang gebraucht, bis ech mech emol dorop agelooss hunn. Ech si mir Versammlungen ukucke gaang an ech hu mech ëmmer gefrot – firwat sinn si nëmmen esou frëndlech?“ Si huet ugefaang, den „Wachtturm“ ze liesen. Theemen ewéi „Si mir fir Gott wichteg?“ an „Wien ass un der Säit Jehovas?“ hunn si ugeschwat. Als jonk Fra war d’Marie-Louise Jodocy an der kathoulescher Kierch engagéiert a wollt esouguer kuerzfristeg an e Klouschter antrieden, awer si huet och villes kritesch gesinn. „Bei den Zeie vu Jehova gi Saache logesch erkläert, och déi, fir déi et bei de Katholicke keng Erklärung gëtt. Dat huet mech iwwerzeegt“, seet si.

Hien huet laang gebraucht, bis hien sech tatsächlech entschloss huet, den Zeie vu Jehova bäizetrieden. En „Sichenden“, e kritesche Mënsch, wär hie schonn ëmmer gewiescht. Hien huet de Jesus ëmmer scho sympathesch fonnt, an e wier viru sengem Bäitrëtt ewell laang Zäit an engem liewegen Austausch mat engem Zeie vu Jehova gewiescht. „Op engem bestëmmte Punkt wollt ech méi wëssen“, erënnert hien sech. Derbäi kënnt, datt a sengem Liewen e puer beweegend Saache passéiert wieren, déi hien zum Bibelstudium bruecht hätten. D’Buch „Was lehrt die Bibel wirklich“, dat d’Zeie vu Jehova verdeelen, hat hie schonn 2003 studéiert – „d’Bild gouf lues a lues méi kloer“, esou de Michel Gargano. Bis zur Daf an dem Bäitrëtt am Joer 2013 war et awer e laange Wee. De Michel Gargano huet keng iwwerstierzt Entscheedung getraff. An hien ass haut mat dëser komplett zefridden. Fréier hat hien eng eege Bäckerei, haut schafft hie fest ugestallt an engem anere Beräich. D’Wäerter vun den Zeie vu Jehova wären och seng eegen, an derbäi gehéiert och Zäit fir d’Famill ze hunn – mat där neier Aarbecht ass dat éischter méiglech. Wat de Michel och gär huet: Jiddweree ka bei de Versammlunge priedegen, jiddweree kann eppes bäidroen. „Mir si keng Sekt mat engem Guide, un dee sech jiddwereen adaptéiert!“, betount hien. Hien huet d’Gerechtegkeet gär an huet se an der Bibel fonnt.

Et gëtt ëmmer méi onroueg an der Wunneng: D’Kanner hunn Honger. Pappa, Owesiessen! Eben eng ganz normal Famill. „Mir sinn net perfekt, mir sichen.“ Mat dëse Wierder seet de Michel Gargano eis Äddi. „Mir sichen.“


en Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.