Wärend dem 2. Weltkrich (1939-1945) sinn 80 Millioune Mënschen duerch Krich, aner Gewalt a Rassismus ëm d’Liewe komm. Vill Stied an Europa waren duerch Bomme bis zu 85 % zerstéiert a Millioune Leit hate keen Daach méi iwwer dem Kapp. Vill Famillje waren auserneegerappt, Stroossen an Zuchlinne waren zerstéiert an Honnertdausenden op der Flucht. Scho wärend dem Krich hunn sech Leit zu London Gedanke gemaach, wéi ee kéint verhënneren, datt nees eng Kéier esou eppes Schreckleches géif passéieren. Opgrond vun hiren Iwwerleeunge gouf dunn de 16. November 1945 d’UNESCO gegrënnt. Dat ass eng Organisatioun (UNESCO), déi zu de Vereenten Natiounen (UNESCO) gehéiert. Si schafft fir Fridden an Toleranz ënner de Mënschen duerch Educatioun (UNESCO), Wëssenschaften (Sciences, UNESCO) a Kultur (Culture, UNESCO). Hiren Haaptsëtz ass zu Paräis. Vun deenen 195 Natiounen, déi et am Moment op der Welt ginn, sinn der 193 Member vun der UNESCO. An all Land, dat Member vun der UNESCO ass, gëtt et eng Nationalkommissioun. Och zu Lëtzebuerg vertrëtt d’UNESCO-Kommissioun d’Iddien, d’Visiounen an d’Programmer vun der UNESCO hei am Land. Mee wat sinn dat fir Visiounen? D’UNESCO setzt sech fir Mënscherechter, Inklusioun, eng propper Ëmwelt, eng gutt Ausbildung fir all Mënsch op der Welt, Zougang zu propperem Drénkwaasser an d’Gläichheet tëschent Mann a Fra an. Och mécht si sech staark fir de Schutz vu kulturelle Gidder a schéine Landschaften, déi duerch Krich, Naturkatastrophen, Profitgier oder einfach Onwëssen a Gefor sinn.
Hire bekanntste Programm ass dee vum Weltierwen (Patrimoine mondial). Dëse Programm betrëfft kulturell oder natierlech Plazen, déi vun esou engem groussen an aussergewéinleche Wäert sinn, datt se der ganzer Mënschheet gehéieren. Esou war et fir d’Stad Lëtzebuerg eng grouss Éier, wéi 1994 d’Lëtzebuerger Alstad an hir Festungswierker zum Patrimoine mondial de l’Humanité erkläert goufen. Dës Éier bedeit awer och Verflichtungen: Mir mussen all zesummen derfir suergen, datt dëse Site fir déi zukünfteg Generatiounen erhalen a geschützt bleift. Dat ass d’Missioun vum Unesco Site Manager, dee fir d’UNESCO-Kommissioun all Aarbechten an Erënnerungen um UNESCO-Site observéiert a kontrolléiert. D’UNESCO-Kommissioun huet och dräi Weeër duerch hire Site entwéckelt: e Spadséierwee (vun ongeféier enger gudder Stonn) an e Vëloswee (vun ongeféier 10 Kilometer). Des Weeër kann een als PDF oder als Audioguide an der App izi.travel eroflueden. Och gouf e Wee geschaf fir Leit, déi sech net esou gutt beweege kënnen oder déi net esou gutt gesinn. Dëse Guide – a „leichter Sprache“ – läit a sechs Sprooche vir (UNESCO für Alle). Wien sech méi iwwer den UNESCO-Site wëll informéieren, kann dat am UNESCO Visitor Center am Lëtzebuerg City Museum maachen.
Awer de Mënsch huet och aner Ierfschaften, déi hien iwwer Generatioune weidergëtt. Dozou gehéiere Gebräicher, Rezepter, Dänz, Ritualer oder Kenntnisser iwwer d’Natur. Dat ass dat immateriellt Kulturierwen, dat een och Patrimoine vivant nennt. Wann ee wëllt eng Kandidatur bei der UNESCO maachen, fir op de Regëster vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet opgeholl ze ginn, muss ee fir d’éischt op engem nationale Regëster stoen. Dofir muss ee fir d’éischt eng Demande bei der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun maachen. Haut stinn op den nationale Regëster ënnerschiddlech Gebräicher a Kenntnisser wéi zum Beispill d’Sprangpressessioun, d’Schueberfouer mam Hämmelsmarsch, d’Konscht vun den Hiewanen, d’Konscht vum Juegdhar, d’Lëtzebuerger Haus- a Flouernimm oder de Brauch ronderëm de Kleeschen. 2010 gouf d’Iechternacher Sprangpressessioun op de Regëster vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet opgeholl an 2020 d’Haupesch-Bléiser mat hirer Konscht vum Juegdhar (weider Informatiounen).
E weidere spannende Programm vun der UNESCO, op deem Lëtzebuerg och vertrueden ass, ass dee vum Weltdokumentierwen, The Memory of the World, en digitale Katalog vu wichtegen Handschrëften, Partituren, Filmer, Zeechnungen, Archiven oder Fotoen. 2003 gouf an dee Programm déi beandrockend Fotoausstellung The Family of Man opgeholl, déi am Clierfer Schlass ze gesinn ass.
E grousse Succès ass der UNESCO-Kommissioun gelongen, wéi se no laanger Virbereedung an intensiver Mataarbecht vu ville begeeschterte Leit d’Kandidatur vun 11 Gemengen aus dem Süde konnt fir de Programm Man and the Biosphere areechen. Dëse Programm ënnersicht, wéi ee kann de Respekt vun der Natur mat enger verantwortungsbewosster wirtschaftlecher Entwécklung verbannen. Am Oktober 2020 goufen déi 11 Südgemengen als Minett UNESCO Biosphere an e weltwäite Reseau vu 714 Biosphären opgeholl. Genee sou e positiivt Resultat erhofft d’Kommissioun sech vun der Kandidatur vum Natur- & Geopark Mëllerdall, dee gären en UNESCO Global Geopark géif ginn. E Geopark ass e Gebitt vun internationalem geologeschen Interêt, dat sech a Richtung Nohaltegkeet entwéckelt (Naturpark Mëllerdal).
Zu Lëtzebuerg gëtt et och en Netzwierk vu bis elo 13 UNESCO-Schoulen, vum Enseignement fondamental bis hin zur Erwuessenebildung. Dës Schoulen engagéieren sech an hirem Alldag, awer och mat prezise Projeten, fir d’Wäerter an d’Visioune vun der UNESCO. Besonnesche Wäert gëtt op Toleranz, Solidaritéit a Respekt vun der Ëmwelt geluecht (méi Informatiounen). Och op der Universitéit vu Lëtzebuerg ass d’UNESCO mat engem Léierstull fir Mënscherechter vertrueden.
D’Kommissioun organiséiert och säit e puer Joer Les Rendez-Vous de l’UNESCO. Dat si Konferenzen, déi sech mat deenen Theeme beschäftegen, déi der UNESCO wichteg sinn, wéi zum Beispill Denkmalschutz, Pressefräiheet oder Naturschutz (Datumer a Sujeten).
Et gesäit een, datt d’Aarbecht vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun vill wichteg Gebitter betrëfft, déi all sollen dozou bäidroen, datt d’Mënsche solle respektvoll mateneen, mat hirem kulturellen Ierwen a mat der Natur ëmgoen.
En Artikel vum Simone Beck
Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun