Placeholder Dummy template

Déi richteg Weeër fanne fir ze hëllefen

E Bléck op d’Lëtzebuerger Kooperatioun

Zanter den 80er-Joren ass Lëtzebuerg an der internationaler Entwécklungszesummenaarbecht aktiv. Säit 2009 fléisst alljoers 1 Prozent vum Bruttonationalakommes an d’ëffentlech Kooperatioun. Dës gestalt sech ëmmer méi als schwiereg, virun allem mat de rezenten Decisiounen aus den USA.

D’„Aide publique au développement“, kuerz „APD“, ass e fundamentale Pilier vun der internationaler Solidaritéit. Och Lëtzebuerg engagéiert sech fir aner Länner, an deenen et der Bevëlkerung net esou gutt geet ewéi eis heiheem. Déi ëffentlech Entwécklungszesummenaarbecht ass dobäi an zwee gedeelt: op där enger Säit ginn et geziilt Partnerschafte mat bilaterale Partner – 72 Prozent vum Lëtzebuerger Budget fléissen an dës Projeten –, op där anerer multilateral Kooperatiounen, spréch: d’finanziell Ënnerstëtzung vu méi Länner oder Organisatioune fir gewëssen Entwécklungsprojeten. 2024 huet de Grand-Duché ronn 551 Milliounen Euro an d’Entwécklungszesummenaarbecht investéiert.

A punkto bilateraler Zesummenaarbecht ginn tëscht Lëtzebuerg an senge Partnerlänner sougenannte PICen (Programmes indicatifs de coopération) ënnerschriwwen, déi de Kader vun der Entwécklungspolitik definéieren an iwwer e puer Joer ginn. Fir de PIC5 sinn dräi grouss Partner virgesinn, déi an de Beräicher Beruffsausbildung, Gesondheet a Waasser sollen Ënnerstëtzung kréien: de Cap Vert, Laos an de Senegal. D’Programmer mam Burkina Faso, dem Niger a Mali, zanter iwwer 30 Joer och Partner vu Lëtzebuerg, gi par contre net weidergefouert, well d’politesch Entwécklungen an de jeeweilege Länner de Respekt vun den internationale Wäerter net méi zouloossen a sur place e Risiko fir d’Sécherheet vun den Hëllefsorganisatioune besteet.

Ma och a sougenannte Projetslänner ass de Grand-Duché aktiv. Heizou gehéieren den Ament de Vietnam, El Salvador, Kosovo, d’Mongolei, déi besate palästinensesch Gebitter, Afghanistan, de Benin, Costa Rica, den Niger, Mali an de Burkina Faso. Lëtzebuerg ass awer keen Eenzelkämpfer, wann et ëm Entwécklungszesummenaarbecht geet, mee Deel vun engem weltwäite Reseau vu Bailleuren, dat heescht Länner, déi aner Staate mat finanzieller Hëllef, mee och Presenz um Terrain ënnerstëtzen. D’„Team Europa“, wéi sech d’EU-Memberstaate bei dësem Sujet nennen, ass eng vun de Gruppéierungen, zu deenen de Grand-Duché gehéiert an déi an iwwer 80 Länner Projete ko-finanzéiert.

2021 gouf vun der EU déi sougenannte „Global-Gateway“-Initiativ lancéiert. D’Zil ass et, bis 2027 ronn 300 Milliarden Euro ze mobiliséieren an dës an den Ausbau vun Infrastrukturen an Entwécklungslänner ze investéieren. Wärend dës Finanzementer, un deenen sech Lëtzebuerg als EU-Memberland bedeelegt, fir Partnerlänner sécherlech eng wichteg finanziell Ënnerstëtzung duerstellen, baséiert d’Initiativ op Géigesäitegkeet, dat heescht: Et soll e Retour fir Investissementer ginn, quasi eng Aart Géigeleeschtung, zum Beispill a Form vun Zougang zu Ressourcen. Lëtzebuerg wëll awer och weiderhin op Donen ouni wirtschaftlech Géigeleeschtung setzen – eng Approche, déi an Zukunft kéint méi rar ginn.

Een Organ, dat hei matdecidéiert, wéi vill Hëllef wouhi geet, ass de „Comité d’aide au développement“ vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OCDE). Fir Hëllef ze kréien, muss e Land nämlech gewësse Konditiounen erfëllen oder vun der OCDE a Weltbank als eligibel fir offiziell Entwécklungszesummenaarbecht unerkannt ginn. Hei kann et och sinn, dass e Land zum Beispill proaktiv op Bailleuren zoukënnt an dës fir e Partenariat invitéiert. Ass dëst de Fall, gëtt sur place d’Lag gecheckt a gekuckt, wéi a wat de Bailleur kann zur Verbesserung vun der Situatioun vum Demandeur bäidroen. Lëtzebuerg geet hei oft de Wee, sech u bestoend Programmer vun anere Bailleuren drunzehänken an a Gespréicher mam Beneficiaire, ma och den aktiven Organisatioune sur place ze definéieren, wat fir eng Expertis nach um Terrain gebraucht gëtt. Ee Beispill ass d’Zesummenaarbecht vun de Mataarbechter vu LuxDev mat deene vun der Deutsche Gesellschaft für Internationale Zusammenarbeit (GIZ) am Togo.

LuxDev, also d’Lëtzebuerger Agence fir Entwécklungsaarbecht, ass zanter iwwer 45 Joer an der internationaler Entwécklungszesummenaarbecht aktiv, dëst aktuell a ronn 15 Partnerlänner. Déi finanziell Hëllef vun der Agence fléisst engersäits a Programmer vum Lëtzebuerger Staat (2024 insgesamt 130,3 Milliounen Euro), ma gëtt och un Drëttparteien („bailleurs tiers“) weidergereecht (2024 en Total vu 14 Milliounen Euro). D’Agence ass dobäi Member vum Practitioner’s Network for European Development Cooperation, engem Netzwierk vu 25 Acteuren aus 19 Länner, déi zesummen un Entwécklungsprojete schaffen an um Terrain Synergië bilden.

Nieft Partenariater mat anere Bailleuren, Organisatiounen an Agencen ass awer virun allem d’Kooperatioun mat de lokalen Autoritéiten immens wichteg, fir sécherzestellen, dass Entwécklungszesummenaarbecht och nohalteg wierkt. Am Senegal ass LuxDev esou aktuell um Bau vu Sportinfrastrukture bedeelegt, déi am Kader vum Projet „FIT! Sénégal“ fir d’Olympesch Jugend-Summerspiller 2026 zu Dakar gebaut ginn. De Projet gëtt vun der EU ko-finanzéiert a vu sechs Länner gedroen. Um Terrain aktiv sinn dobäi nieft LuxDev och Entwécklungsagencen aus Italien, Frankräich an Däitschland, déi fir de Projet kollaboréieren. Weider aktuell Projete sinn de Bau vun enger École des métiers du tourisme, de l’hôtellerie et de la restauration am Benin, am Optrag vun der beninescher Regierung, oder d’Stipendie fir Studenten am Kader vum „GreenTech“-Programm am Kosovo, fir dee LuxDev mam Innovation Center Kosovo kollaboréiert.

E weidere wichtege Spiller um Terrain ass déi international Berodungsfirma PROMAN, déi sech op Entwécklungszesummenaarbecht spezialiséiert an hire Sëtz am Grand-Duché huet. Zu de Clientë vun der 1986 gegrënnter Firma gehéieren nieft Regierungen och d’Europäesch Kommissioun an Hëllefsorganisatioune wéi Unicef, esou dass PROMAN d’Planung, de Management an d’Koordinatioun vun internationalen Hëllefsprogrammer iwwerhëlt oder begleet.

E grousse Beneficiaire vun Hëllef ass den Ament d’Ukrain, an där sech Lëtzebuerg zanter dem Start vum russeschen Ugrëffskrich mat ronn 950 Milliounen Euro an der humanitärer Hëllef, ma och fir d’Rekonstruktioun engagéiert. Dës wäert och 2025 eng Prioritéit bleiwen. 2025 verhandelt de Grand-Duché awer och mat 13 Organisatiounen an Agencen nei Accorden. Ronn 15 Prozent vun der ëffentlecher Entwécklungszesummenaarbecht vum Land ginn nämlech vun Netregierungsorganisatioune fir Entwécklung (ONGD) iwwerholl; 2024 huet den zoustännege Ministère esou 91 Projete kofinanzéiert.

E grousse Coup fir déi international Entwécklungszesummenaarbecht war d’Annonce vum US-President Donald Trump, d’USA wéilten déi amerikanesch Entwécklungszesummenaarbecht USAID künfteg net weiderféieren. Bis elo waren d’USA dee gréisste Bailleur fir vill Programmer weltwäit, dorënner den ONUSIDA, also de gemeinsame Programm vun de Vereenten Natioune fir HIV/AIDS, ma rezent huet den US-Ausseminister Marco Rubio confirméiert, dass vum 1. Juli u just nach knapp 1.000 vun de bis ewell matfinanzéierte 6.200 Projete géifen ënnert sengem Ministère weidergefouert ginn. An senger Deklaratioun zur Entwécklungspolitik an der humanitärer Hëllef vum 12. Februar sot den zoustännege Minister Xavier Bettel, dat budgetäert Lach, wat d’USA elo hannerloossen, kéint weeder Europa nach de Rescht vun der Welt séier fëllen, an déi betraffen Agencë missten elo Prioritéite setzen, méi effikass ginn an sech reforméieren.

„Déi gesamt multilateral Weltuerdnung, wéi se am 20. Joerhonnert no zwee Weltkricher opgebaut ginn ass, gëtt haut hannerfrot oder esouguer frontal attackéiert“, esou de Xavier Bettel. Decisioune vun den USA wéi de Récktrëtt aus der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) wieren e Coup géint eis aktuell Wäerter, ma géifen och gewëssen Trends vu verschiddene Länner erëmspigelen, notamment den Isolationismus amplaz vum Multilateralismus. Et kéint een zwar net fir de finanzielle Verloscht opkommen, ma sech awer kloer positionéieren, esou de Minister: „Als Europäer musse mir eng gemeinsam Approche hunn. Dat heescht, e staarken a kohärente Message iwwert eis Valeuren, eis Interêten an d’Noutwendegkeet vum Respekt vum internationale Recht kloer an däitlech eriwwerzebréngen.“

Et wier keng einfach Zäit fir déi international Entwécklungszesummenaarbecht, ma et wéilt ee weiderhin allméiglech Mëttele mobiliséieren, fir deenen Äermsten an der Welt ze hëllefen: duerch d’Abanne vum Privatsecteur a Finanzementer, d’Notze vu Kënschtlecher Intelligenz, zum Beispill am Partenariat mam Flüchtlingskommissariat vun de Vereenten Natiounen, Sëtzer a wichtege Conseilen oder awer den Ausbau vun der Satellitte-Kommunikatiounsplattform emergency.lu, déi aktuell an 11 Länner am Asaz ass an och wärend Krisesituatiounen den Austausch tëscht de verschiddenen Acteure soll erméiglechen.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.