Vun traditionelle Sportaarte bis hin zu Ninja Warriors

D’LASEL

Jonker kloteren eng Wand erop, sprange vun engem Trampolin op e Pauschepäerd, probéieren, hiert Gläichgewiicht op engem Pilatesball ze halen oder hänken un enger Staang. Dëse ganze Parcours kléngt no enger richteger Erausfuerderung, déi net einfach ze bewältegen ass. Bei dësem Challenge handelt et sech ëm eng flott Aktivitéit, déi d’LASEL (Ligue des Associations Sportives Estudiantines Luxembourgeoises) am Kader vun hirem Programm ubitt. Der LASEL hir Offer ass riseg, mee wat genau huet et mat där Associatioun op sech a wéi versicht se, ëmmer mam Stroum vun der Zäit ze goen? Dëst alles gi mir an de follgenden Zeile gewuer.

D'LASEL ass d'Schoulsportfederatioun fir d'Lycéeën an d'Uni. Wat bitt si un a wat sinn hir Projeten?

Wann engem de Schoulsport am Lycée net duergeet an een och keng Loscht huet, sech an e Sportsveräin anzeschreiwen, dann ass d’LASEL genau dat Richtegt fir dëse Schüler. Bei dëser Schoulsportfederatioun, déi sech un d’Lycéeën an d’Universitéite riicht, kommen déi sportlech Teenager voll op hir Käschten. D’Lasel bitt eng enorm grouss Pallett u Sportsaktivéiten a ‑veranstaltungen un. D’Schüler aus deene verschiddene Lycéeë kënnen an de klassesche Ballsportaarte wéi Basketball, Fussball oder Volleyball a Kompetitioune géinteneen untrieden. Domat awer nach net genuch. Och a méi ausgefalene Sportaarte wéi Aquathlon, Triathlon, Duathlon oder Crossfit kënnen déi jonk Participanten hir Talenter ënner Beweis stellen.

E puer vun dëse Veranstaltungen, déi d’LASEL organiséiert, dierfte ville Leit e Begrëff sinn. De Laf Ronderëm de Séi zu Iechternach, bei deem eng ronn 1.000 Leefer deelhuelen, oder den Tournoi de Noël, e Multisport-Event, bei deem Studente vu verschiddenen Universitéiten am Volleyball, Fussball a Basketball untrieden, zielen zu de Klassiker vun dëser Federatioun. Mee niewent dësen „alen Huese“ probéieren déi Verantwortlech awer och ëmmer, nei Sportaktivitéiten an hire Programm opzehuelen. „Et ass ons wichteg, datt mir mam Trend ginn an eiser Jugend och méi geckeg Ereegnesser oder Sportaarten ubidden, déi se uspriechen“, erkläert de Generalsekretär Marc Hoffmann. Sou ass am Schouljoer 2021/2022 de Projet vun den Ninja Warriors an d’Liewe geruff ginn. Bei dësem Format, dat virun allem aus dem däitsche Fernsee bekannt ass, mussen d’Participanten aacht Obstakele meeschteren. „Dës Initiativ ass immens gutt ukomm, well et eppes Neies war“, gëtt de Marc Hoffmann ze verstoen. De Projet gëtt elo weider ausgebaut.

Schonn eng gutt Zäitchen elo virun der Rentrée lafen d’Preparatiounen op Héichtouren. D‘lescht Joer ass de Padel, eng Variant vum Tennis, déi an de leschte Joren ëmmer méi beléift ginn ass, an de Programm mat opgeholl ginn. „Et ass eng Sportaart, déi am Verglach zum Tennis vill méi einfach ze spillen ass“, verréit de Marc Hoffmann.

An och de Beachvolleyball ass méi an de Vierdergrond geréckelt. Scho säit 2022 fannen an dëser Sportaart reegelméisseg Tournoie statt. „Et ass virun allem interessant, fir déi Schüler, déi keng Lizenz hunn, un de Sport erunzeféieren“, sou de Generalsekretär. Dësen Aspekt, datt d’Schüler weeder bei engem Veräin lizenzéiert musse sinn nach Fraise fir Aschreiwunge musse bezuelen, mécht d’Bedeelegung fir dës Eventer ganz einfach.

A wann de Schoulsport aus dem Schoulprogramm gestrach an duerch en obligatorescht Deelhuelen um Programm vun der LASEL oder de Sportsveräiner am Land ersat géif ginn?

Dëst wär sécherlech eng revolutionär Iddi. D’Sportsveräiner oder d’LASEL géifen d’Presenze vun de Schüler zertifiéieren, soudatt déi valoriséiert Stonnen zum Schoulprogramm ziele géifen. Am Schoulprogramm ginn da Stonne fräi, soudatt een nach méi op aner Fächer poche kéint.

Vun der Iwwerleeung hier fënnt de Marc Hoffmann dëse Virschlag net schlecht, mee hie gesäit awer och e puer Problemer domadder. „Esou e Projet an d’Realitéit ëmzesetzen, ass ganz schwiereg“, gëtt de Generalsekretär ze bedenken. Fir d’éischt ass et wichteg ze wëssen, datt d’LASEL net dem Educatiounsministère ënnersteet an eng eege Federatioun ass. „Mir kënnen also esou Entscheedungen net huelen. Dës Entscheedunge musse vu ganz uewe kommen. Den Educatiounsminister misst do d’Gesetz änneren an d’Stonne vun der LASEL obligatoresch maachen. Et ginn nämlech nach ëmmer vill Kanner, déi sech ganz schwiereg dinn, fir sportlech aktiv ze sinn. Déi Kanner kriss du och net mat enger flotter Offer gelackelt“, erkläert hien. A sécherlech wärten d’Sportsproffe bei dëser Iddi wuel net vu Freed an d’Luucht sprangen, well si wäre jo direkt betraff.

Mee onofhängeg vun esou neien Iddie gesäit een, datt scho monter um Plang fir dat neit Schouljoer geschafft gëtt. 

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.