Kulturministesch (Foto: © SIP/Yves Kortum)
Fir op dës Fro ze äntwerten, ass et wichteg ze verstoen, datt Esch2022 kee Kulturjoer ass, mee eng Europäesch Kulturhaaptstad.
Europäesch Kulturhaaptstied sinn eng Aktioun vun der EU, déi fir di verschidde Phase vum Projet genee Regele virgesäit, déi och kloer soen, wee fir déi verschidde Phasen zoustänneg ass:
Zu Lëtzebuerg war mat Esch och just eng Stad um Titel interesséiert. Mee et muss ee sech bewosst sinn, datt an anere Länner heiansdo bis zu 7-8 Stied eng Kandidatur eraginn. Et ass also eng Kompetitioun virum Hannergrond vun enger Visioun, wéi sech eng Stad duerch d’Kultur weiderentwéckele wëll.
Selektiounsprozess: d’Kandidatur(en) gi vun engem europäesche Panel vun onofhängegen Experte iwwerwaacht an evaluéiert; dee Prozess gouf vum Kulturministère logistesch begleet a mir haten och een Observateur am Panel. Op Basis vun der finaler Recommandatioun vum Panel war et dunn de Kulturministère, deen Esch Enn 2017 zu Bréissel als Europäesch Kulturhaaptstad nominéiert huet.
Programmatioun: déi definéiert sech en fonction vun der genereller Thematik, déi an der Kandidatur (am sougenannte Bidbook) vun der Stad zréckbehal gouf an op Basis vun där Esch2022 dunn den Appel à projets lancéiert hat. D’Programmtioun ënnerläit also der Verantwortung vun der ASBL Esch2022 mat, hannendrun, engem Verwaltungsrot vu ronn 20 Leit, wou de Kulturministère als Haaptgeldgeber mat zwee Leit vertrueden ass.
Am Kader vum Appel à projets war de Kulturministère och am Comité de lecture dobäi, wou et drëm s gaangen ass, déi 600 eragereechte Projeten ze préiwen unhand vun de Critèren, déi Esch2022 sech ginn hat.
Dëst ass eng Fro, déi d’ASBL Esch2022 méi direkt concernéiert, vu datt de Kulturministère per se net fir d’Organisatioun an d’Ëmsetzung vun Esch2022 zoustänneg ass.
Als Member vum Verwaltungsrot huet de Kulturministère awer versicht, seng Erfarunge mat anzebréngen, an dat net nëmmen a Bezuch op déi lescht zwou Kulturhaaptstied. Mee doduerch, datt all Capitale hiert eegent Konzept huet, wat op déi jeeweileg Stad, resp. Regioun ofgestëmmt ass, kënnen d’Capitalen, resp. d’Froen a Problemer déi sech stellen och net forcément matenee verglach ginn.
D’Zil vum Projet ass et d’kulturell Diversitéit vun enger Stad an och – wéi elo hei zu Lëtzebuerg – enger Regioun mat sengem direkte franséische Noperen ze weisen an opzeschaffen, d’Kulturzeen an de Mëttelpunkt ze stellen an Impulser fir eng nohalteg kulturell an touristesch Entwécklung vum Minett ze setzen.
Dofir wënschen ech mir, datt Esch2022 d’Pluralitéit an d‘Zesummeliewe vun de Kulturen am Minett nohalteg stäerkt an de Leit aus dëser Regioun d’Gefill vermëttelt, datt se an engem Kulturraum mat enger gemeinsamer europäescher Vergaangenheet liewen, schaffen a studéieren. De partizipative Prozess vum Projet, sou wéi och d’Ëmsetze vu senger europäescher Dimensioun leie mir dowéinst um Häerz.
Doriwwer eraus, geet et bei dësem Projet dorëm s datt d’Kultur laangfristeg zum Developpement vun der Stad an der Regioun bäidréit an hir kulturell, sozial a wirtschaftlech Entwécklung begleet. Grad hei, um Gebitt vun Esch2022, wou iwwer 100 Nationalitéiten zesummeliewen, kann d’Kultur sech als wichtege Facteur erweise fir nohalteg Ustéiss ze ginn, déi och iwwer den 31. Dezember 2022 eraus nach hir Friichten droe wäerten. Dat si grouss Erausfuerderunge fir d’Ekipp vun Esch2022, d’Gemengen a fir all d’kulturell Acteuren, déi hei implizéiert sinn.