Zu Lëtzebuerg ginn et dräi méi grouss Vereenegungen, déi sech fir d’Interesse vun de Kënschtler asetzen. Et sinn dat de CAL (Cercle Artistique de Luxembourg), de LAC (Lëtzebuerger Artisten Center) an den ARC (Art Contemporain du Grand-Duché de Luxembourg). Mir hunn eis mat Verantwortlechen ënnerhal.
Fänke mer mol mam CAL un, deen d’lescht Joer am Oktober säin 130. Grënnungsjoer gefeiert huet. D’Gebuertsstonn war am Grand Café op der Place d’Armes am Joer 1893. D’Roll vum CAL war an ass et, d’Konschtzeen Lëtzebuerg duerzestellen an se visibel ze maachen. „Net manner wéi 1400 Kënschtler sinn an deene leschten 125 Joer op d’mannst eemol beim Salon vum CAL ugeholl ginn”, esou hire President Marc Hostert deemools am Oktober 2018 fir den 125. Jubiläum.
A senger Begréissungsried zum Jubiläumstreffe sot hien awer och nach dat hei: „Wa Kultur an deemno och Konscht den Zement soll sinn, deen dozou bäidréit, eis Gesellschaft zesummenzehalen, da musse mer och an d’Kultur investéieren. Der Lëtzebuerger Konschtwelt feelt virun allem eng Plaz, en Archiv, eng Struktur, op där och d’Ierwe vun de Kënschtler kann erfaasst ginn. Doriwwer eraus misst e Kënschtler-Lexikon opgebaut ginn. An d’Kënschtler an hir Wierker missten och an de Schoulen en Thema ginn.”
2020 ass de CAL aus dem Gronn an d’Uewerstad niewent d‘Méchelskierch geplënnert. Zesumme mat der Stad Lëtzebuerg a mam Ministère huet de CAL do e Sall ageriicht, wou Formatiounen organiséiert kënne ginn, fir de Kënschtler bei praktesche Problemer wéi TVA, Packaging asw. ze hëllefen.
Den ARC ass eng Associatioun, déi zanter 1959 besteet. Laang Zäit huet se a méi labberer Zesummestellung bestan. Zanter 1993 gouf se dunn eng Vereenegung ouni Gewënnzweck (ASBL). Laang Zäit gouf d’Associatioun ënner dem Numm Art Contemporain du Grand-Duché de Luxembourg gefouert. Am Laf vun der Zäit huet sech doraus d’Ofkierzung ARC erausgeschielt.
Den ARC huet sech am Januar 2017 nei opgestallt mat neiem Kommitee, neiem Logo … a mat neie Memberen. Aktuell sinn et der iwwer 40. Dat sinn der praktesch duebel esou vill wéi virun e puer Joer. Opgepasst gëtt bei der Auswiel op d’Qualitéit awer och op de soziale „Charakter” vum Artist. Et si bal all Technike vertrueden: Molerei, Skulptur, Gravure, Foto, Cartoon, Graffiti, Installatiounen. Den ARC ass praktesch just zu Lëtzebuerg aktiv. E puer vun den ARC-Memberen hunn et awer och am Ausland scho „gepackt”.
Komme mer bei de LAC, deen 1984 gegrënnt ginn ass an haut iwwer 30 Memberen zielt. De Lëtzebuerger Artisten Center organiséiert hei am Land, awer och am Ausland, qualitativ héichwäerteg Ausstellungen a leescht eng grouss Aarbecht a puncto Informatioun a Konschterzéiung. „Mir hunn et fäerdeg bruecht, dem breede Public d’zäitgenëssesch Konscht méi no ze bréngen”, sou hire President Jean Fetz.
Ech hunn d’Gefill wéi wann, méi wéi jeemools virdrun, gekuckt gëtt, fir déi Jonk ze motivéieren, fir déi Jonk ze ënnerstëtzen. Haut ginn déi Jonk scho vun den Unien aus a gutt Galerië geschleist. Et geet alles méi séier haut. Et kann ee séier zimlech uewe „landen“. Awer grad esou séier nees um Buedem.
Mir liewen an enger Gesellschaft, déi ëmmer an ëmmer nees no neie Gesiichter sicht, nei Jonker also. De Problem ass haut, datt et, grad zu Lëtzebuerg, op engem klenge Raum, vill, ganz vill Kënschtler gëtt. Et si vill Jonker do derbäi, déi och scho richteg gutt sinn. Et gëtt do ëmmer méi schwéier, sech op Dauer ze behaapten. Do haten déi puer Artisten et virun 30 bis 40 Joer nach méi einfach, esou de Serge Koch.
De Begrëff professionellen oder onofhängege Kënschtler gëtt leider allze gäre benotzt, fir der Konscht e Qualitéitssigel ze ginn. Dat ass ganz heefeg plompen Etiketteschwindel oder pure Selbstbedruch, sou z.B. wann Elteren hir Kanner no der Uni eng Zäit laang ënnerstëtzen, oder de Kënschtler vum Akommes vum Liewenspartner lieft. De Wunn- a Schaffraum ass begrenzt an deemno deier. Wien en Atelier ergattert huet a ka bezuelen, däerf sech glécklech schätzen.
Eng Visibilitéit kréien ass fir déi meescht schwéier. Et feelt u (festen) Ausstellungsraim, esouguer fir etabléiert Associatiounen. Ëmmer nees muss sech do nei orientéiert ginn, well flott Plaze verschwannen. Eng Luxembourg Art Week z.B. huet sech ee Joer mat engem Zelt missen hëllefen.
E Problem ass haut och déi feelend Präsenz vun der Press. Et feelt u Konschtkritiker. An der Press vläicht och alt emol un deenen néidege finanzielle Mëttelen, déi Leit ze bezuelen.
Eis Haaptmissioun besteet doranner, Artisten eng Méiglechkeet ze ginn, sech ze weisen. Wéi gesot ginn et zu Lëtzebuerg extreem vill Kënschtler an et ass heefeg schwéier fir deen Eenzelen, eng Ausstellungsméiglechkeet ze fannen. Zemools op laang Siicht. Wann en Artist Member bei enger Associatioun ass, da sinn him eng gewëssen Unzuel vun Ausstellungen op Jore garantéiert. Den Austausch, deen een am Laf vun der Zäit an esou enger Gruppéierung kritt, spillt natierlech och eng grouss Roll. Leider ass d’Zuel vu Memberen, déi do kënnen opgeholl ginn, awer och begrenzt.
Eng Associatioun spillt och konschthistoresch eng ganz wichteg Roll. An Zäiten, wou analytesch Presseartikele méi rar gi sinn, huet de Wäert vu Publikatiounen (Bicher, Katalogen), déi vun den Associatioune selwer erstallt ginn, u groussem Wäert gewonnen. Et ass awer bedenklech, datt de Benevolat d‘Konschtgeschicht muss schreiwen. Generell leeft zu Lëtzebuerg immens vill iwwer de Benevolat. Géif een deen ausklameren, wier ee wuel erstaunt, wéi wéineg nach géif iwwereg bleiwen.
Ech fannen net, datt et e Konkurrenzdenken tëschent deenen eenzele Gruppéierunge gëtt. All Associatioun huet säin eegent Feld, seng eege Visiounen. Et ass genuch Plaz fir jiddwereen do. Et trëppelt keen deem aneren op d’Féiss. Eigentlech misst all Kënschtlerkrees frou sinn, datt et och nach anerer ginn. Eng eenzeg Associatioun kéint jo d’ganzt Joer iwwer de Public net eleng beglécken. Kënschtler sëtzen iergendwéi all am selwechte Boot, ob se elo hei oder do ënnerdaach koumen.
Zesummenaarbecht tëschent den Associatioune besteet awer kaum. Jiddwereen huet genuch Aarbecht mat sengem eegene Programm.
Dat ass eng schwéier Fro. Et ass eigentlech ni genuch. Dat gëllt awer wuel fir all Branchen. Et feelt wéi gesot un Ausstellungsraim … an och ëmmer nees u finanzielle Mëttelen!!!
Net jiddereen, dee kreativ ass, ka verlaangen, datt e vum Staat dofir bezuelt gëtt. Et ass awer bedenklech, datt just e Grappvoll Leit wierklech vun hirer Konscht (e bëssen) uerdentlech liewe kënnen. Do misst schonn e Konzept ausgeschafft ginn, datt de Kënschtler entspriechend senger utilité publique och honoréiert kéint ginn. Wat net heescht, datt mer eng sougenannte Staatskonscht wëllen, mä mir hätte gären, datt eis Kënschtler seriö ënnerstëtzt a begleet ginn an déi néideg Hëllef kréien hei zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland.
„Ech fannen d’Iddi vun enger Nationalgalerie ganz wichteg. Et kéint een dat och Nationalarchiv vun der plastescher Konscht nennen. Et ass erstaunlech, wéi wéineg een sech hei am Land iwwer d’Lëtzebuerger Konscht kann informéieren, respektiv e (geschichtlechen) Iwwerbléck ka kréien,” esou de Serge Koch weider. „Mä dofir brauch et virun allem qualifizéiert Leit. Déi musse fonnt a bezuelt ginn.
Vläicht missten och d’Presseorganer fir de Beräich Kultur finanziell méi ënnerstëtzt ginn. Da misst awer virun allem Atelier- an Ausstellungsraum geschafe ginn. Grouss Deeler vu fréiere Schmelzen (Diddeleng, Schëffleng) leie brooch. Wat geschitt domadder?“, esou de Serge Koch ofschléissend.
En Artikel vum Roger Infalt