Placeholder Dummy template

Mat verbonnenen Aen am Restaurant

Dinner in the Dark – eng Sensibiliséierungsaktioun vun der Stad Lëtzebuerg

Et kann ee wuel behaapten, datt de Virgang vum Iessen definitiv eng sozial Dimensioun huet. Iwwerall op der Welt ginn et Leit, déi zesummekommen, fir gemeinsam eppes z’iessen – sief et als Famill, mat Frënn oder zum Beispill am Kader vun engem Geschäftsiessen oder Date. Iesse goen ass quasi eng Kulturtechnik, déi en angeneeme Raum schaaft, an deem ee ka Leit kenne léieren, eng Verbindung opbauen oder oprechterhalen. Mee wéi fillt sech esou eng Restaurantsbegéinung un, wann ee fir e ganzen Owend d’Ae verbonne kritt?

Ech tappen am Däischteren. Viru mengen Aen ass et komplett schwaarz. Ech konzentréiere mech dorop, d’Schëller vu mengem Kolleeg, un där ech mech mat menger rietser Hand unhalen, net lasszeloossen. „Wéi laang dauert et nach, bis mer eist Zil erreechen?“, froen ech mech. Et muss e grousse Raum sinn, duerch dee mer ginn. Mir – dat heescht de Patrick Hurst, mäi Kolleeg an ech. De Patrick guidéiert eis. Fir hien ass dat Alldag: sech duerch d’Welt ze beweegen, ouni eppes ze gesinn. Säit senger Gebuert ass hien nämlech blann. Fir eis ass et nei a mir sinn zimmlech orientéierungslos. Et ass e komescht Gefill, sech an engem Raum opzehalen, ouni ze wëssen, wéi et hei ausgesäit a wien nach do ass. Endlech komme mer bei eisem Dësch un. Bestëmmt huet et net esou laang gedauert, mee wann een näischt gesäit, well een eng Mask unhuet, da verännert sech d’Perceptioun.

Et ass Dënschdegowend, ech sinn op engem vun der Stad Lëtzebuerg organiséierten Event am Restaurant Odeon, dem sougenannten Dinner in the Dark, a virun allem sinn ech erliichtert, endlech kënnen op mengem Stull ze setzen. Elo geet et awer net viru wéi bei engem normale Restaurantsbesuch. Fir d’éischt stelle sech déi véier Männer vir, déi den Owend begleeden an och animéieren: Niewent dem Patrick ass dat den Joaquim Alves, deen och blann ass – allerdéngs net vu Gebuert un – esouwéi de Pedro Dias an de Marc Flies vum Service intégration et besoins spécifiques. Gutt – a wéi geet et weider? Ech probéieren nach ëmmer, mech ze orientéieren. Wéi grouss ass de Raum? Wou genee sëtze mer? Wéi vill Leit sinn do? Wéi debrouilléieren déi aner sech?

Éischt Orientéierung ouni Vue oder: wann d’Glas brécht

Mir kréien e puer Explikatiounen, déi eis d’Liewen oder zumindest dësen Owend solle méi liicht maachen. Wa mer eng Bestellung wéilte maachen, op d’Toilette missten, eng Fëmmpaus bräichten oder eng Fro hätten, da sollte mer d’Hand hiewen. E Garçon géing da bei eis komme fir ze hëllefen. Ech melle mech direkt, fir eis en Apero ze bestellen. Mäi Kolleeg wëll nach e puer Wierder mam Mann wiesselen, mee e kritt keng Äntwert op seng Bemierkungen. Wat ass geschitt? De Garçon huet d’Bestellung notéiert an ass dono direkt nees gaangen. Knapp eng Minutt drop héieren ech de Patrick Hurst soen: „Wann ee mat enger blanner Persoun ze dinn huet, ass et ëmmer wichteg, unzekënnegen, wann ee fortgeet, soss kann et nämlech gutt sinn, datt se einfach weider mat der Mauer schwätzt.“

Dës e bëssen absurd Situatioun weist konkreet, firwat et esou wichteg ass, datt et entspriechend Sensibiliséierungsmoossname ginn. Et geet nämlech net nëmmen dorëm, de Gäscht ze erméiglechen, ze erliewen, wéi eng Erausfuerderungen eng blann Persoun huet, déi eppes wëll an engem Restaurant iessen. Mee op där anerer Säit gehéiert et och zum Zil, d’Restaurantspersonal fir genee dës Defien ze sensibiliséieren. An en Challenge ass et definitiv. De Joaquim erkläert: „Déi meescht Leit orientéiere sech zu 80 % um ‚Seh‘-Sënn. Wann deen op eemol fort ass, ginn déi aner Sënner zwar méi staark, mee et ass trotzdeem eng extreem wichteg Orientéierungsperspektiv net méi do.“ An dofir iwwerrascht et mech och net, datt et net allze laang dauert, bis ech Glas héiere briechen.

D’Erausfuerderunge loossen net op sech waarden

Ech sti virun enger ganzer Rëtsch Erausfuerderungen. Wéi fannen ech um Dësch am beschten dat, wat ech grad sichen? Wou steet mäi Glas? Wéi kréien ech et gefëllt? Wéi weess ech, a wéi engem Glas wat dran ass? Ass iwwerhaapt eppes dran? Dat kann een natierlech duerch d’Gewiicht vum Glas erausfannen oder andeems een e Fanger drastécht, wat natierlech eng manner hygieenesch Method ass. Op kee Fall well ech eppes ëmgeheien, dofir sinn ech virsichteg. Gottseidank ass d’Entrée eng Geméiszopp, do ka mam Läffel net vill schifgoen – oder? Mäi Kolleeg klappt mat sengem Läffel an den Teller, fir mir ze signaliséieren, datt en nach näischt krut. En ass absolut iwwerzeegt. Déi zwee Männer vun der Stad Lëtzebuerg laachen: „Passt op, datt Dir Iech keng Flecken op d’Hiem maacht, well Ären Teller ass definitiv voll.“ Esou kann ee sech ieren, wann d’Aen net matspillen.

Den Haaptplat ass eng Aart portugiseschen „Auflauf“ mat Kalleffleesch an enger exzellenter, e bësse méi schaarfer Zoossiss. Mir froen eis e Läffel, nodeems mer et mat der Forschett a mam Messer opginn hunn. Trotzdeem brauch ech Hëllef, fir déi lescht Stécker Fleesch op de Läffel ze kréien – se wëllen einfach net. Och den Dessert, eng wonnerbar Mangocrème, läffele mer, mir wëllen eis keng Bléisst méi ginn. De Restaurant ass deen Owend gnädeg mat eis, well all Plat ass zur Nout mam Läffel ze genéissen.

D’Liicht um Enn vum Tunnel

Vill besser schloe mir eis beim Erkenne vum Iessen, dat eis zerwéiert gёtt. Nom Dessert gi mer nämlech gefrot, ob mer da kéinte soen, wat mer giess hätten – an effektiv fanne mer praktesch all d’Zutaten eraus, déi an de Plate verschafft gi sinn. Mengem Kolleeg seng Nues ass tatsächlech esou gutt, datt hie verschidden Ingredienten eleng um Geroch erkennt. Do muss ech leider passen. Am Laf vum Owend hunn ech zwar gemierkt, datt meng Orientéierung sech verbessert huet, mee dat loung definitiv net u mengem Gerochssёnn. Eemol krut ech souguer mat, datt e Garçon niewent mer stoung an dobäi hat e kee Wuert gesot. Ech hu seng Presenz quasi gespuert oder besser: Ech hu se héieren, well meng eege Stёmm wéinst der Persoun direkt niewent mer op eemol aneschters geklongen huet.

Den Dinner in the Dark ass elo fäerdeg, mee mäi Kolleeg an ech wёllen eis Maske guer net méi ausdoen. Esou lues hu mir eis dru gewinnt, näischt ze gesinn. Mir diskutéieren iwwer d’Erfarung. „Et ass deelweis wierklech schwéier, sech op eng aner Persoun ze konzentréieren, wann een d’Gesiicht an de Mond net gesäit“, seet mäi Kolleeg. „Déi aner Stëmme gi méi haart an et ass méi schwéier, fir alles ze differenzéieren.“ Och ech sinn iwwerrascht, wéi vill Zousazinformatiounen een am Alldag duerch d’Gesiicht vu sengem Géigeniwwer kritt.

An nach eppes iwwerrascht mech, nämlech wéi midd déi ganz Experienz mech gemaach huet. Dat loung bestëmmt um Kaméidi vun de maskéierte Gäscht. D’Ekipp, déi eis encadréiert huet, huet ëmmer erëm misse betounen: „Dir gesitt zwar näischt, mee daf sidd Der net.“ De Kaméidi huet d’Orientatioun definitiv méi schwéier gemaach. Esou flott den Owend och war, um Enn sinn ech einfach nëmme frou, meng Mask kënnen auszedoen an endlech ze gesinn, mat wéi enge Leit ech am Restaurant sëtzen.

En Artikel vum Heng Barone

Infobox

Den Dinner in the Dark gëtt zënter méi wéi 10 Joer vum Service intégration et besoins spécifiques vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert. Dëst Joer fannen insgesamt 7 Eventer a jeeweils verschiddene Restaurante statt. Deen nächsten Dinner in the Dark ass de 16. Juni am Piri Piri. De Präis ass 45 Euro fir de Menu (Fleesch, Fësch, vegetaresch) ouni Gedrénks. Umelle kann ee sech per Telefon: 4796 4150 oder per E-Mail: integration@vdl.lu. Méi Informatioune gëtt et op: Dinner in the Dark – Dîners dans le noir | Ville de Luxembourg.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.