Dinner-Hopping gëtt et zu Lëtzebuerg säit 2018 an et ass e Produit vun der Firma Sightseeing.lu, déi hirersäits zum Grupp Keywi SA gehéiert. Dat englescht Wuert hopping bedeit an dësem Kontext eppes ewéi de „Wiessel tëschent de Kichen“. Op engem Dinner-Hopping kritt een also verschidde Platen aus ënnerschiddleche Restauranten zerwéiert. Mee wéi kënnt een dann op d’Iddi, en amerikanesche Schoulbus als mobille Restaurant duerch d’Stad fueren ze loossen?
De Luc Reis erënnert sech un deemools, wéi hien en änlecht Konzept zu Berlin gesinn huet, dat him gutt gefall huet. Dat war en Doppeldeckerbus mat Kichen u Bord, an där wärend der Tour gekacht gouf. „Dat wär dach eppes Cooles, fir op de lëtzebuergesche Marché ze bréngen“, duecht hie sech. D’Konzept huet awer misste fir eis kleng Stad mat hire méi enke Stroossen a Kéieren ugepasst ginn. 2017 ass dunn en originalen amerikanesche Schoulbus an den USA bestallt an op Lëtzebuerg importéiert ginn. Ee Joer laang huet de Bus souwuel technesch – fir eisem Code de la route ze entspriechen – ewéi konzeptuell – als Restaurant op Rieder – missten ëmgebaut ginn. Elo däerfe just nach maximal 28 Leit dra sëtzen, virum Ëmbau waren et der 68.
2018 war et endlech sou wäit, an de giele Schoulbus konnt seng éischt kulinaresch Faart ugoen. Un all Dësch kënne bis zu véier Persoune sëtzen. Allerdéngs gëtt hei zu Lëtzebuerg net am Bus gekacht, mee just dra giess. Dinner-Hopping schafft mat enger gudder Dose Restauranten zesummen, déi ëmmer erëm wiessele kënnen, jee no Angebot oder Disponibilitéit. Insgesamt gi wärend engem Owesiessen am Schoulbus dräi Platen aus dräi ënnerschiddleche Restauranten zerwéiert: Entrée, Haaptplat an Dessert. Mol kënnt d’Entrée vun deem engen, mol den Haaptplat oder den Dessert vun deem anere Restaurant op de Busdësch.
Wien elo Angscht huet, datt säi Wäiglas beim Bremsen ëmfält oder d’Zooss an enger Kéier vum Teller leeft, dee ka berouegt sinn: „De Bus steet, wann d’Leit iessen“, verséchert de Luc Reis. „En plus sinn d’Glieser mat engem Magnéit ekipéiert, wat wichteg ass fir d’Faart vun engem Restaurant bei deen nächsten. Souguer bei enger Vollbremsung bleift d’Glas um Dësch stoen, och wann an deem Fall awer eppes aus dem Glas erausschwappe kéint. Aktuell sinn d’Glieser aus engem héichwäertege Plastik, dee staark u richtegt Glas erënnert“, erkläert hie weider. „Nei dobäi kommen elo Glieser aus richtegem Glas, wou direkt e Magnéit agebaut ass.“
Dozou kënnt, datt de giele Bus keng normal Geschwindegkeet fiert, mee éischter mat 25 bis 30 Kilometer an der Stonn. D’Chaufferen, déi drop fueren, si speziell forméiert a fueren net onbedéngt an d’Stroosse mat de gréisste Lächer.
De Luc Reis erkläert eis, datt de Bus seng Tour um Park-and-ride Bouillon start. Vun do aus steiert en den éischte Restaurant un. Wärend der Faart kënnen d’Passagéier sech Gedrénks bestellen an drénken. Beim Restaurant ukomm, parkt de Chauffer sech da sou no wéi méiglech bei d’Lokal. Als éischt ginn d’Besteck, de Broutkuerf an d’Zerwéiten an de Bus bruecht. „Virun an no all Iessen hunn d’Passagéier genuch Zäit, fir de Bus ze verloossen, e bësse frësch Loft ze tanken oder am Restaurant op d’Toilette ze goen“, verséchert de Luc Reis. U Bord ass nämlech keng. Nom Iesse gëtt d’Geschier an d’Besteck erëm zeréck an de Restaurant bruecht.
Jee no Grupp a Verfügbarkeet kënnen ënnerschiddlech Entertainment-Méiglechkeeten am Bus ugebuede ginn. Dat kann e Gittarist, e Saxofonist oder eng Sängerin sinn, déi live spillen oder sangen. „Heiansdo sinn d’Leit och eleng domat zefridden, wann hir Musekswënsch aus der Playlëscht um iPad iwwer d’Soundanlag vum Bus gespillt ginn.“ Dëst Joer soll dann och nach Karaoke dobäikommen.
„Eng ganz Tour dauert ongeféier véier an eng hallef Stonn a start normalerweis géint 19:15 Auer“, verréit eis den Direkter. Fir ze buche kann een op ee vun den zwee Sitten dinnerhopping.lu oder sightseeing.lu goen – d’Konterbont-Lieser kréien iwwregens zéng Prozent Rabatt, wa se hei dropklicken – a sech e passenden Datum aus der Lëscht eraussichen. Et kann een och uginn, ob een Allergien huet oder sech vegetaresch oder léiwer vegan ernäert.
Aktuell stinn dräi verschidden Touren zur Auswiel: den American-Tour, de Gourmet-Tour a La Bella Vita – den italieenesche Menü. Vum 6. Februar u kënnt en neien Tour dobäi: déi südamerikanesch Kichen. Am Moment kann ee schonn e klenge Virgeschmaach op deen neien Tour kréien, andeems een einfach den American -Tour bucht. Do ginn et nämlech aktuell südamerikanesch Spezialitéiten als Entrée, wéi zum Beispill Empanadas ‒ Deeg, dee mat Schwéngefleesch gefëllt ass ‒, Krockette mat Cheddar-Kéis a Jalapeños (schaarf mexikanesch Paprikaen). „Als Haaptplat kënnt awer dann déi typesch US-amerikanesch Kichen op den Teller, nämlech Beef-Burger mat Cheddar-Kéis, Iceberg-Zalot a Speck“, wéi de Luc Reis eis verséchert.
Beim Gourmet-Tour ass de Menü eng Iwwerraschung mat gastronomescher Nott a mam Fokus op déi saisonal Kichen. Déi genee Plate ginn eréischt owes am Bus ugekënnegt. Dacks kënnt hei op de jeeweilege Statiounen de Kichechef selwer an de Bus a gëtt Erklärungen zu sengem Plat. Aktuell zerwéiere Restaurante wéi, ënner anerem, den Atelier Windsor op der Stäreplaz, den Hesper Park oder de B13 zu Bartreng de Gourmet-Menü.
Wien de Schoulbus fir sech eleng wëll, kann e fir de Privat-Tour lounen. Dëst ass an der Reegel zwee bis dräi Mol d’Woch de Fall, seet de Luc Reis. Dat kënne Privatleit sinn, Firmen oder Veräiner, déi hire Leit eppes méi Spezielles wëllen ubidden. Och fir Hochzäiten oder Jonggesellinnenabschider – mat Béierfaass a Stripper(in) u Bord – kann de giele Schoulbus gebucht ginn.
De Luc Reis weist sech an eisem Gespréich ganz zefridden iwwer den Erfolleg vun dëser – wéi hie seet – zimmlech cooler Iddi. Hie spillt mam Gedanken, en zousätzlechen Tour méi am Norde vum Land – Ettelbréck oder Dikrech – unzebidden. „Do ginn et och ganz gutt Restauranten.“
Wien also deemnächst owes méi spéit e gielen amerikanesche Schoulbus op eise Stroossen erbléckst, brauch net ze fäerten, datt d’Schüler elo och nach nuets an d’Schoul musse goen, mee ka sech freeë fir déi Leit, déi sech grad e schéinen Owend gënnen. Wie manner altruistesch denkt, dee ka sech jo selwer esou en Owend buchen – oder hoffen, en Ticket geschenkt ze kréien. Wéi och ëmmer: Mir wënsche jiddefalls e gudden Appetit!
En Artikel vum Eric Rings
Fotoen: © dinnerhopping.lu
D’Rillettes aus ageluechtener Makréil ginn als Entrée zerwéiert.
Wat ee fir 4 Persoune brauch:
Eng klenggeschnidden Ënn mat e bësse Botter kuerz ubroden, mat engem Glas Wäisse Wäin ofläschen, 1l Geméisbritt, d’Zelleri- a Muertestécker, den Teimerjännchen an d’Lorberblat derbäimaachen.
30 Minutte brutschele loossen, d’Haut bei 8 Makréil-Fileten ewechmaachen, d’Flëssegkeet dono iwwer déi réi Makréil-Filete schëdden, ofdecken a 15 Minutten op d’Säit stellen.
D’Makréil-Fileten dann aus der Marinad huelen an d’Marinad op d’Säit stellen.
Et gi just 8 Makréil-Fileten heifir benotzt, déi aner 4 ginn herno fir d’Uriichte gebraucht.
Maach déi 8 Makréil-Fileten – bei deene virdrun d’Haut ewechgemaach gouf – an e Mixer a maach Follgendes derbäi:
3 Téiläffele gréngen Tabasco, de Saaft vun enger grénger Zitroun (Limett), Salz a Piment d’Espelette (jeeweils 2 grouss Prisen)
Ongeféier 4 Zoppeläffelen Olivenueleg a 4 Zoppeläffele vun der Marinad (och d’Ënnen, d’Muerten an den Zelleri) derbäimaachen.
Alles gutt 3 Minutte mixen, bis eng Rillettes-Textur entsteet.
Op dem Toastbrout eng gutt Kniddel Rillettes placéieren, e Makréil-Filet dropleeën (ee vun deene 4, déi s de op d’Säit geluecht has), dat Ganzt mat engem Bouquet Rucola garnéieren an e bësse Fleur de sel drop verstreeën. Looss dir et gutt schmaachen!