D’Héichbuerg vun de Biergcourssen am Häerz vun Europa

START

Zil

Längt: 1,850 kilometer

Beschtzäit: 48,260 Sekonnen

Zënter méi ewéi 3 Joerzéngten zielt d’Eschduerfer Biergcourse, de „European Hill Race“, bis wäit iwwer eis Grenzen eraus zu deene bekanntsten a beléiftste Biergcourssen an Europa.

De 4. September 1988 si fir déi éischte Kéier d’Courseautoen iwwer d’Nationale 12 op Eschduerf eropgestiermt. An hir Pilote ware voller Luef iwwer dee vum Organisateur „Union des Pilotes“ ausgesichte Parcours vun 1,850 km, deen sech ganz agreabel vun deenen aneren zu där Zäit hei am Land gewinnte Biergcoursestrecken ënnerscheet huet: „C’est le plus beau parcours que je n’ai jamais découvert ici au Grand-Duché. Bien large, avec un revêtement parfaitement lisse, rapide et en même temps sélectif, bref, un rêve!“, huet owes no der Course de Fransous Hervé Bayard, deen déi Zäit e richtegt Abonnement op d’Victoiren hei am Land hat, an d’Notizbléck vun de Reporter diktéiert. Deemools huet d’Course iwweregens nach „Course de côte de Luxembourg“ geheescht, well gefaart gouf, Eschduerf wier den auslännesche Pilote kee Begrëff.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Duerch déi gutt Kontakter zum däitsche Biergcoursemilieu koum Eschduerf schonn dat Joer drop fir déi éischte Kéier an de Kalenner vum däitschen „Alpine Gruppe H-Bergcup“, deen zu där Zäit nach fir d’Autoen ënner 1300 Kubik reservéiert war. Esou konnt, direkt beim zweeten Ulaf, e Starterfeld vu méi ewéi 100 Autoen op d’Been gestallt ginn, an déi kleng Gëftzwergen hunn de Public net nëmme mat hirem – Pardon fir den Ausdrock – gäile Sound, mee och mat hire fantastesch schnellen Zäite begeeschtert. Déi hunn esou munchem Tourewonpilot mat méi groussen Autoen, jo esouguer dem belsche Champion Gérard de Ville de Goyet op sengem spektakuläre Porsche 935 elle Kappzerbrieches gemaach.

Bis haut ass deen antëscht als „KW-Bergcup“ bekannte Mix vun héichgeziichtenen Toureween dem Eschduerfer Bierg trei bliwwen. An Enn vun den 90er sollt sech och den „Deutschen Motorsportbund“ (DMSB) dozou decidéieren, Eschduerf als eenzeg Course am Ausland an de Kalenner vum däitsche Biergchampionnat opzehuelen.

Hat sech Eschduerf also banne kierzter Zäit am däitsche Biergmilieu e Numm gemaach, esou huet Ufank September leider d’Kollisioun mam Datum vum EM-Laf zu Türckheim am Elsass weiderhin den Duerchbroch bei de franséische Pilote verhënnert. Dowéinst gouf dunn 1990 decidéiert, op den 1.-Mee-Feierdag ze plënneren, woubäi och hei am Ufank d’Biergcourse vun Abreschviller um Fouss vun de Vogeesen am Wee stoung, éier een sech du mam Organisateur vun do eens ginn ass, déi zwou Coursse jeeweils knapps hannereneen, mee net méi um nämmlechten Dag duerchzeféieren, wat et dunn esouguer enger ganzer Rei Spëtzepiloten, déi vu méi wäit hier ugereest sinn, erlaabt huet, direkt un deenen zwou Courssen deelzehuelen.

1991 gouf dunn och den Numm „Course de côte de Luxembourg“ duerch „European Hill Raceersat. No dräi Victoirë vum Fransous Hervé Bayard konnt fir d’éischte Kéier e Lëtzebuerger säin Numm an de Palmarès schreiwen: de Christian Hauser um Martini-BMW JB42, een Erfolleg, deen hien 1997 an 2002 widderhuele konnt, iwwerdeems säi Fils David an de Joren 2012, 2015 an 2016 dräi Mol d’Nues vir hat. Zwou weider Lëtzebuerger Victoirë goungen 1994 an 1998 un de Conny.

Vun 1992 un huet d’Union des Pilotes och ëmmer méi d’Initiativ ergraff, dem Eschduerfer Public ganz staark a bekannten auslännesch Spëtzepiloten ze presentéieren. Esou konnt 1992 de Schwäizer Biergkinnek Fredy Amweg ugelackelt ginn, an 1993 dunn, dank der gudder Zesummenaarbecht mam Veranstalter vun Abreschviller, de Fransous Bernard Chamberod iwwerriet ginn zu sengem eenzegen Depart bei enger auslännescher Course a senger laanger Karriär, déi spéider vun net manner ewéi fënnef Championstitelen a senger Heemecht gekréint gouf. Och den Daniel Boccard, tëschent 1987 a 1999 sechsfache franséische Biergmeeschter, koum 1995 op Eschduerf, hat awer deemools näischt ze radette géint de Schwäizer Heinz Steiner, deen no senge Victoirë ’95 an ’96 nach bis 2004 de Streckerekord gehalen huet an deem säi Jong Marcel 2019 déi 31. Editioun gewonnen huet, nodeems hie schonn 2013 dee Séiersten zu Eschduerf war.

1997 huet, no e puer Joer guddem Zourieden, endlech och de Marc Regal dem Fléiwe vun de Lëtzebuerger noginn an säi Lola Formel 3000 un de Start bruecht, éier hien nëmmen e puer Méint méi spéit an de Pyrenäen ëm d’Liewe komm ass. Ee Joer drop koum dunn aus dem wonnerschéine Beaujolais bei Lyon e jonke Mann ugereest, deen sech geschwuer hat, d’Liewenswierk vu sengem Papp weiderzeféieren: de Lionel Regal, deen eréischt fir d’zweete Kéier a senger nach jonker Karriär an e Formel 3000 geklommen ass a vun do un net nëmmen e Stammgaascht um Eschduerfer Bierg ginn ass, mee och tëschent 2004 an 2010 mat sechs Victoiren den absolutte Kinnek vun der Eschduerfer Biergcourse sollt ginn.


D’Schicksal wollt et, datt de Lionel 2010, nëmmen een halleft Joer nom trageschen Doud vu sengem Frënd David Scheier bei der Schwäizer EM-Biergcourse zu Saint-Ursanne, säi Liewe sollt loossen, bannen e puer Méint e weidere schwéiere Schlag fir de Veranstalterveräin. Hat den David zanter e puer Joer mat vill Dynamik an Éiergäiz d’Organisatioun vun sengem Papp iwwerholl, sou war de Lionel net just déi sportlech Tête d’affiche, mee virun allem och europawäit dee wichtegsten Ambassadeur vun der Course, dee vill, ganz vill vu senge Pilotekolleegen dozou iwwerriet huet, iergendwann mat him op Eschduerf ze kommen.

Als absolut Kréinung an Unerkennung vu jorelaanger Aarbecht an Éiergäiz huet de Motorsportweltverband esouguer dat klengt Éisleker Dierfchen ausgesicht, fir deen alleréischten FIA Hill Climb Masters, de Sommet vun de Spëtzepiloten, ze organiséieren, sou datt am Oktober 2014 déi absolut „Crême de la crême“ vun der Disziplin aus 20 verschiddene Länner, dorënner och déi italieenesch Bierglegend Simone Faggioli, d’Monument vun de Biergcourssen op Eschduerf gereest koum. Mee och déi gewéinlech Editioune vum „European Hill Race“ Ufank Mee si weiderhin all Joers international héichklasseg besat a lackelen, wann d’Wieder da matspillt, antëscht allkéiers gutt 4.000 Spectateuren aus dem In- a virun allem aus dem noen a méi wäitem Ausland un, soudatt dee Weekend och d’Hoteller, d’Campingen an d’Restauranten aus der Regioun praktesch ausgebucht sinn. Et däerf ee rouege Gewëssens soen, datt d’Eschduerfer Biergcourse zu den zéng wichtegste Sportsmanifestatiounen hei am Land gezielt muss ginn.

An och haut gesäit een nach heiansdo en eelere Mann mam Béifchen un der Hand an den Eschduerfer Wise stoen a sengem Enkel an d’Ouer pësperen: „Kuck, esou en Auto hat de Bopi fréier och.“ Motorsport fir unzepaken a matzeerliewen!


En Artikel vum Patrick Weber

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.