Laut den neiste Statec-Zuele vun 2024 kommen all Dag ronn 228.000 Grenzgänger op Lëtzebuerg schaffen. Déi meescht – an domadder bal d’Hallschent vun alle Frontalieren – kommen aus Frankräich (125.000). Déi zweet an drëtt Plaz geet un d’Grenzgänger aus Däitschland (52.000) an aus der Belsch (51.000) mat bal gläichem Undeel. Zesumme maache si ronn 45 Prozent vun alle Beschäftegten zu Lëtzebuerg aus. Géintiwwer 2023 gouf et d’lescht Joer en Zouwuess vu ronn 2.500 Frontalieren. Kuckt een den Undeel vun de Grenzgänger iwwer déi lescht Joerzéngten, da gesäit een, datt dësen ëmmer méi oder manner zouhëlt. An de leschte Joren allerdéngs manner séier wéi fréier.
Zousätzlech gëtt et nach déi sougenannten „atypesch Grenzgänger“. Dat sinn iwwer 14.000 Lëtzebuerger, déi an engem vun eisen dräi Nopeschlänner wunnen an zu Lëtzebuerg schaffen. Si sinn also quasi Grenzgänger an hirem eegene Land. Eng heefeg Ursaach dofir sinn déi héich Immobiliepräisser, déi sech vill Lëtzebuerger net méi leeschte kënnen a wéinst deene se an d’Ausland plënneren. Dobäi ass d’Opdeelung, a wéi engem vun deenen dräi Nopeschlänner se wunnen, zimmlech gläichméisseg opgedeelt a variéiert just liicht vu Joer zu Joer.
Kuckt ee méi genee op d’Landkaart, déi vum Institut CEPA/INSTEAD am Kader vun hirer Studie iwwer d’Mobilitéit vun de Grenzgänger opgestallt gouf, da stellt ee fest, datt déi meescht Frontalieren aus de franséischen Arrondissementer Thionville, Briey a Metz kommen, aus de belschen Arrondissementer Arel, Virton a Baaschtnech an aus den däitsche Landkreesser Tréier-Saarburg, Tréier-Stad, Eifelkrees Bitburg-Prüm a Mertzig-Wadern. D’Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg konzentréiere sech virun allem op den Territoire vun a ronderëm d’Haaptstad, mam wichtegen ekonomeschen an institutionellen Zentrum Kierchbierg.
Et ass de Wunnuert, deen ausschlaggeebend fir d’Wal vum Transportmëttel ass, stellt den Institut CEPS/INSTEAD fest. Déi meescht Leit, déi op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen, wunnen a méi urbanen Zentren, wou d’Verbindunge mat Lëtzebuerg am performantste sinn. Ganz vir leien hei Metz, Thionville, Arel an Tréier. Ëmgedréint klammen d’Grenzgänger am meeschten an hiren eegenen Auto, jee méi ofgeschott se am ländleche Raum wunnen. Mee natierlech spillt och d’Aarbechtsplaz eng wichteg Roll. D’Frontalieren, déi an der Stad Lëtzebuerg schaffen, gräife vill éischter op Zuch a Bus zeréck wéi déi, déi ausserhalb vun der Haaptstad respektiv hirem direkten Ëmkrees schaffen. Fakt ass nämlech, datt den CFL-Reseau op d’Haaptstad ausgeluecht ass.
All Dag leeën d’Grenzgänger knapp honnert Kilometer zeréck, fir op hir Aarbecht an nees heem ze kommen. Sou ass et net verwonnerlech, datt d’Hallschent vun hinne viru 7 Auer moies fortfiert. Déi meescht maache sech deemno tëschent 6 an 8 Auer op de Wee. Op de jeeweilegen Haaptachsen tëschent deenen dräi Länner a Lëtzebuerg an op den Zuchstrecke kann ee vun enger Rush-Hour schwätzen. Mee net nëmmen d’Grenzgänger si Bestanddeel dovunner, och déi Einheimesch sinn ëm déi Zäit ënnerwee op hir Aarbechtsplaz. Dat féiert an dëse Spëtzenzäiten dacks zu engem Kollaps vum Verkéier op de Stroossen oder dozou, datt d’Passagéier am Zuch sech reegelrecht wéi d’Sardinnen an der Béchs fillen.
De Prinzip vum Homeoffice, dee sech an de Covid-Joren ausgebreet huet, ass grad bei de Grenzgänger immens beléift, well se doduerch vill Fuerzäit aspueren. Allerdéngs ginn et do Aschränkungen, déi tëschent dem Lëtzebuerger Finanzministère an de Responsabele vun eisen dräi Nopeschlänner ausgehandelt goufen. Dëst Ofkommes fixéiert säit 2024 e Maximum vu 34 Deeg Joer, op deene Frontaliere vun doheem aus schaffe kënnen, ouni zousätzlech Steieren un hiert Heemechtsland mussen ze bezuelen.
D’Zäit, déi de Grenzgänger fir den Trajet op d’Aarbecht an zeréck brauch, ass nämlech keng Quantité négligeable. Mam Auto brauch e Frontalier an der Moyenne 50 Minutten, fir op d’Aarbecht ze fueren. Mam ëffentleche Verkéier sinn et am Duerchschnëtt 70 Minutten, wann een den Trajet vun der resp. bis op d’Gare oder d’Bushaltestell an d’Ëmklamme mat arechent. Trotz längerem Trajet ass ee Virdeel vum ëffentlechen Transport allerdéngs, datt een déi Zäit sënnvoll notze kann, andeems een z. B. liest, schafft oder schléift.
Ëmfroen hunn erginn, datt ronn 15 Prozent vun de Grenzgänger aus den dräi Länner reegelméisseg mam ëffentlechen Transport fueren. Dat heescht, datt 85 Prozent – déi grouss Majoritéit – mam Auto fueren. Dovunner solle ronn 15 Prozent Covoiturage maachen, also sech zu op d’mannst zwou Persounen en Auto deelen, fir op d’Schaff ze fueren. E wichtege Punkt fir d’Autosfuerer ass de Parking op der Aarbecht. Ass dësen ze deier oder ass et schwiereg, eng Parkplaz an der Ëmgéigend ze fannen, dann entscheede se sech éischter fir den Zuch an/oder de Bus. Den nationale Mobilitéitsplang (Plan national de mobilité, PNM) gesäit vir, datt bis 2035 den Undeel vum ëffentleche Verkéier op 19 Prozent soll wuessen; fir d’Grenzgänger aus Frankräich gëtt souguer en Undeel vu 24 Prozent prognostizéiert.
Säit dem 1. Mäerz 2020 ass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis. Mee de Wee aus dem Heemechtsland eraus bis op Lëtzebuerg ass generell net gratis. Neierdéngs bréngen awer e puer nei Reegelungen hei finanziell Entlaaschtungen. Sou gouf zum Beispill am franséischen Duerf Roussy-le-Village, ongeféier 5 Kilometer südlech vun der Lëtzebuerger Grenz, e Park-and-ride gebaut. Vun do aus fiert dann déi lëtzebuergesch Linn 502 (gratis) bis op de Kierchbierg, also do, wou u sech de wirtschaftlechen Zentrum vum Land läit.
De beléiften Däitschlandticket fir den No- a Regionalverkéier gëllt neierdéngs och fir d’Zuchverbindungen aus Däitschland op Lëtzebuerg. Säit dem 1. Januar 2025 gëllt en dann zousätzlech och fir d’Busverbindungen op Lëtzebuerg. Wärend enger Testphas vun insgesamt 17 Méint, déi bis Mee 2026 dauert, kënnen d’Pendler domat och mat de 14 lëtzebuergeschen RGTR-Buslinne fueren, déi tëschent Lëtzebuerg an Däitschland zirkuléieren, ouni dofir mussen en zousätzlechen Ticket ze bezuelen.
An Zäite vu Work-Life-Balance stellt sech fir esou munche Grenzgänger d’Fro, ob e wierklech weiderhin all Dag an der Moyenne zwee Mol 50 Minutten den Dag am Auto soll sëtzen, fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen, oder ob e sech fir méi Liewensqualitéit vläicht mat manner Loun zefridde gëtt. D’Patronen an de Grenzregioune vun eisen Nopeschlänner sichen dacks verzweifelt no Aarbechtskräften, an et kann ee feststellen, datt munchereen elo schonns versprécht, sech dem Lëtzebuerger Lounniveau unzepassen. Wann e Grenzgänger dann op säin Auto ugewisen ass an en d’Verbrauchskäschten an d’Ofnotzung dovunner mat arechent, ass d’Rechnung vläicht séier gemaach.
Anerersäits ass d’Lëtzebuerger Ekonomie awer och op d’Grenzgänger ugewisen. Et ass also wichteg, sech Gedanken ze maachen, wéi eist Land och weiderhi fir d’Grenzgänger attraktiv bleift. Se komme jo op Lëtzebuerg, well se hei méi verdéngen. Datt se eis domat hëllefen, eis Wirtschaft um Lafen ze halen, ass en essenzielle Facteur. Ouni si géif nämlech näischt méi goen. Leider huet dat den Nieweneffekt, datt Lëtzebuerg ëmmer méi a sengem eegenen Trafick erstéckt. Wee sech awer moies am Beruffsverkéier driwwer opreegt, datt ze vill Autoe virun, hanner an niewent em stinn, soll sech bewosst ginn, datt och hien en Deel vum Stau ass an dëse grad mat verursaacht.
An zum Schluss e klenge positiven Ausbléck an d’Zukunft: Nei Usätz a punkto ëffentlechen Transport an duuss Mobilitéit wäerte sécherlech iergendwann hir Friichten droen.
En Artikel vum Eric Rings