D’Gemenge bestëmmen hir Ugeleeënheete selwer (kommunal Autonomie). D’Gemenge mussen sech bei hiren Tätegkeeten awer u generell national Veruerdnungen a Gesetzer halen. Den Inneministère préift, ob d’Handele vun de Gemengen de Gesetzer a Veruerdnungen entsprécht („surveillance de la gestion communale“).
An der Verfassung an am Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 ass festgehalen, wéi eng Gemeng organiséiert ass a wéi se funktionéiere soll.
D’Aufgabe vun de Gemengen ëmfaassen:
Munch Aufgabe loossen sech nëmme schwéier vun enger eenzeler Gemeng bewältegen. Dowéinst schléissen sech d’Gemengen dacks zesummen, fir bestëmmt Aufgaben a finanzieller souwéi administrativer Hisiicht gemeinsam besser duerchféieren ze kënnen (z. B. an de Beräicher Offall a Recycling, Waasserversuergung, Naturparken, Fräizäitariichtungen, Transport, …). Dës Verbänn ginn och Syndikater genannt.
Déi politesch Entscheedungen an administrativ Handlunge vun der Gemeng betreffen den Alldag vun de Bierger direkt: Offallentsuergung, Entretien vun de Gemengestroossen, Bau vun enger Sportshal, Organiséiere vun engem kulturellen Evenement, Entwéckele vun enger Strategie fir d’Fërderung vun Integratioun an Austausch, Ausstelle vun enger Identitéitskaart …
Fir ze wëssen, wat an enger Gemeng passéiert, kënnen d’Bierger ëffentlech Gemengerotssëtzungen an Informatiounsveranstaltungen als Nolauschterer matverfollegen oder sech z. B. an Informatiounsbroschüren, déi vun der Gemeng verëffentlecht ginn (Gemengebuet), op der Websäit oder op der Gemengenapp um Lafenden halen. Si kënnen awer och bei der Gestaltung vum ëffentlechen a politesche Gemengeliewen aktiv matmaachen, andeems se z. B.:
Déi kommunal Vertrieder zu Lëtzebuerg sinn an der Reegel keng Beruffspolitiker. Fir hiren Opwand an Asaz kréien se awer eng finanziell Entschiedegung respektiv Sëtzungsgelder. Fir hire Beruff an hier kommunal Charge kënnen ënnert een Hutt ze bréngen, kënnen se fir hir Aarbecht an der Gemeng fir eng gewëssen Unzuel vu Stonne vun hirer berufflecher Tätegkeet fräigestallt ginn. Dëst kann een och als bezuelte politesche Congé bezeechnen. D’Patrone kréien eng Entschiedegung fir den Aarbechtsausfall.
Dës Grafik ass eng Vereinfachung vun der Situatioun. Zum Beispill ginn de Walmodus an d’Ernennungsprozedure vun de politesche Vertrieder net gewisen. Och den Opbau vun enger Gemengenadministratioun kann net ausféierlech ugewise ginn. Trotzdeem ass et méiglech, unhand vun dëser Grafik d’Relatiounen tëschent den eenzelen Acteuren an der Gemeng besser ze verstoen a bei Interessi nach eemol geziilt nozefroen oder nach méi Informatiounen ze sichen.
D’Bierger liewen an enger Gemeng. Walberechtegt Bierger wielen hir Vertrieder an de Gemengerot. D’Gemengewale fannen all sechs Joer statt.
Wielen: Lëtzebuerger si vun hirem 18. Liewensjoer un automatesch op der Wielerlëscht vun hirer Gemeng agedroen. Net-Lëtzebuerger kënnen sech vum 18. Liewensjoer un an d’Wielerlëschten androe loossen. Bierger, déi op der Wielerlëscht agedroe sinn, mussen un de Gemengewalen deelhuelen.
Gewielt ginn: Walberechtegt Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger kënnen sech als Kandidat fir d’Walen opstellen, wann se säit 6 Méint an der Gemeng wunnen.
Méiglechkeeten, wéi een sech an der Gemeng bedeelege kann:
D’Membere vum Gemengerot entscheeden no de Walen op Basis vun de Majoritéiten a Koalitiounen iwwer déi zukünfteg Schäffen an de Buergermeeschter.
De Buergermeeschter iwwerhëlt d’politesch Leedung an der Gemeng. Dat bedeit, datt hien zesumme mat de Schäffe wärend hirer Amtszäit politesch Ziler erreechen a bestëmmt Projeten ëmsetze wëll. Hien huet z. B. follgend Aufgaben:
De Buergermeeschter an d’Schäffen – kuerz: de Schäfferot – sinn d’Exekutiv- a Verwaltungsorgan vun der Gemengepolitik.
De Gemengerot besteet aus direkt gewielte Vertrieder aus der Gemeng. D’Unzuel vun de Gemengerotsmemberen hänkt vun der Awunnerzuel an der jeeweileger Gemeng of. Fir datt e Beschloss ugeholl ka ginn, muss eng Majoritéit vun de Stëmme virleien.
D’Gemengeverwaltung setzt déi kommunal an national ordonéiert Beschlëss an Direktiven ëm. D’Gemengeverwaltung ass d’Ulafstell vun de Bierger fir kommunal Offeren (z. B. Fräizäitofferen, Informatiounsveranstaltungen, Schoulorganisatioun, mobil Fleegedéngschter …) an Déngschtleeschtungen (z. B. Ausstelle vun der Identitéitskaart, Entretien vu Gemengestroossen a Gréng- a Bëschflächen …).
D’Gemengeverwaltung besteet aus engem Sekretariat souwéi verschiddene Verwaltungsservicer an techneschen Déngschter (Biergeramt, Finanzservice, Fierschter, Offallentsuergung, Entretien vun ëffentleche Plazen a Gebaier, Waasserversuergung …)
D’Kommissioun beréit de Gemengerot souwéi de Schäfferot. Ausserdeem kann si eege Veranstaltungen an Initiativen ëmsetzen. Bierger kënnen sech un der Aarbecht vun der Kommissioun bedeelegen. Et ënnerscheet een tëschent gesetzlech virgeschriwwenen, obligatoresche Kommissiounen (z. B. fir Integratioun a Schoul) a faktltative Kommissiounen (z. B. fir Kultur, Ugeleeënheeten um Bau, Ëmwelt a Chancegläichheet …).
E Kanner- a Jugendgemengerot besteet aus Kanner an/oder Jugendlechen, déi sech fräiwëlleg fir d’Interessien a Bedierfnesser vu Gläichalteregen an der Gemeng asetzen (z. B. Spill- a Sportplazen, Ëmweltprojeten, eege Veranstaltungen …) Si leeden dem Gemengerot hir Empfielunge weider a léieren esou d’Kommunalpolitik kennen. Fir d’Gemengen ass et allerdéngs net verpflichtend, e Kanner- a Jugendgemengerot ze hunn.
Bierger kënnen sech a Biergerinitiativen zesummeschléissen, wann se der Meenung sinn, datt e Problem net an hirem Sënn geléist ka ginn, a si d’Ëffentlechkeet dorop opmierksam maache wëllen. Dës Zësummeschlëss sinn zäitlech meeschtens begrenzt a sinn dozou geduecht, Drock op de Gemengerot auszeüben an eng politesch Entscheedung ze beaflossen.
De Gemengerot ka bei Froe vu kommunalem Interessi e Referendum decidéieren, fir d’Bierger zu engem spezifesche politeschen Thema ze befroen an e Stëmmungsbild vun der Gemeng anzefänken. Zu Lëtzebuerg ass e Referendum nëmme konsultativ. Dat heescht, datt de Gemengerot no dem Referendum och eng Entscheedung treffe kann, déi net der Meenung vum Bierger entsprécht. Déi Initiativ kann och vun de Bierger ausgoen. Op d’mannst 1/5 respektiv ¼ vun de Wieler (jee no Awunnerzuel) mussen dofir eng Ufro beim Gemengerot maachen a Froe formuléieren, iwwer déi ofgestëmmt soll ginn.
Parteie si politesch Gruppéierungen, deenen sech Leit mat änleche politeschen Iddien an Ziler uschléissen. Parteie bedeelegen sech un der politescher Wëllensbildung. A Proporzgemengen, also a Gemenge mat mindestens 3.000 Awunner, wielen d’Bierger unhand vu Parteilëschten. A Majorzgemengen, dat heescht a Gemenge mat manner ewéi 3.000 Awunner, gëtt unhand vu Kandidatelëschten (ouni Andeelung no Parteien) gewielt.
Syvicol steet fir Syndicat des Villes et Communes luxembourgeoises. Dobäi handelt et sech ëm den nationale Gemengeverband zu Lëtzebuerg. E setzt sech aus Vertrieder vun de Gemengen, engem leedende Büro a Kommissioune souwéi Experten zesummen. E promovéiert d’Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen a mat de Gemengen am Ausland. Doriwwer eraus ennerstëtzt en d’Gemengerotsmemberen an hirer Aarbecht (z. B. duerch Weiderbildungen) a vertrëtt d’Gemenge vis-à-vis vum Staat an an internationalen Organisatiounen.