D’Erausfuerderunge vum Denkmalschutz zu Lëtzebuerg

© Gilles Seyler

Wien zu Lëtzebuerg un den Erhalt vu Gebaier an den Denkmalschutz denkt, deen denkt natierlech direkt un de Service des sites et monuments nationaux. Ma hanner dësem Service stécht méi ewéi nëmmen d’Erhale vu Buergen a Schlässer. Mir hu mam Patrick Sanavia, dem Direkter vum SSMN geschwat, fir e bësse méi iwwer säi Service gewuer ze ginn.

„De Service des sites et monuments nationaux (SSMN) huet véier Haaptmissiounen“, erkläert eis de Patrick Sanavia. Dës Missioune kënne follgendermoossen zesummegefaasst ginn:

Als Bauhär léisst den SSMN op verschiddene Plazen, déi dem Staat gehéieren a wou et drëm geet, wäertvoll Bausubstanz ze consolidéieren, deelweis ze restauréieren a se der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen, schaffen. Dat si meeschtens Buergen, Festungsanlagen an Industriefrichen. De Moment lafen 145 Projeten op iwwer 60 Sitten. Dorënner ganz bekannte Plaze wéi d’Schlässer vu Veianen a Beefort, awer och manner bekannter wéi d’Leekolle vun Uewermaartel an déi al Gaszentral op der Déifferdenger Schmelz. 2020 huet den SSMN e Buch erausginn, an deem 12 realiséiert Projete virgestallt ginn (XII – Patrimoine féodal et fortifié au Grand-Duché de Luxembourg).

© Bohumil Kostohryz

Als Beroder hëlleft de Service och de Privatleit, de Gemengen, dem Kierchefong a Privatinvestisseure bei der Restauratioun vun hire Gebaier, dat da meeschtens a Form vu Subsiden. Iwwer 1.000 Dossiere sinn de Moment amgaangen, verwierklecht ze ginn. Dacks geet et hei ëm Wunnhaiser, mee Kierchen an Industriesitte sinn awer och derbäi. Eng grouss Erausfuerderung si sécherlech d’Frichë vun de Schmelze vun Diddeleng, Schëffleng an den Terres Rouges zu Esch.

Den SSMN huet vun 2008 un eist gebauten Ierwe reperéiert, fir de Gemenge beim Erstelle vun hiren allgemenge Bebauungspläng (PAG) ze hëllefen. Ronn 27.000 Objete goufe sou fonnt. Vill Gemengen hunn och mat hirem PAG en adequate kommunale Schutz ëmgesat. Zanter 2016 gëtt dat Ierwen och systematesch inventariséiert, fir e kohärenten nationale Schutz ze erméiglechen, dat fir all Gemeng. 4 Gemenge si ganz opgeschafft (Fiels, Fëschbech, Helperknapp a Miersch). Den Ament inventariséiert den SSMN zu Lëntgen, zu Luerenzweiler an zu Kielen.

Och d’Prozedure fir en nationale Schutz (Klassementer an Aschreiwungen op den Zousazinventaire) ginn all vum SSMN gemaach. Vun 2010 bis haut gouf d’Zuel vun den nationale Protektioune verduebelt. Bal 1.800 Gebaier sinn elo esou geschützt.

Bei esou enger breeder Palett u Missiounen trëfft de Service des sites et monuments nationaux natierlech och alt emol op administrativ Hürden. „D’Schutzprozedure solle mat engem neie Gesetz vereinfacht ginn“, esou de Patrick Sanavia. „Dësen Text, deen nach dëst Joer kéint gestëmmt ginn, erméiglecht eng konsequent Protektioun fir all dee Patrimoine, deen inventariséiert gouf, an dat flächendeckend mat engem eenzege Reglement pro Gemeng.“

Fir op dësem Terrain virunzekommen, brauch den SSMN awer virun allem och nach méi Leit. An 10 Joer konnten si hir Ekipp verduebelen op haut ronn 40 Agenten. Dat geet awer net duer, fir séier genuch virunzekommen.

„D’Sensibilitéit fir de Patrimoine ass net immens grouss an eisem Land. Dofir awer de Gourmang an de schlechte Goût. A wa bis eppes fort ass oder verschampeléiert, dann ass et natierlech ze spéit. Mir kommen och ganz ongär a leschter Minutt. Dofir ass et wichteg, an den nächste Méint a Jore kohärent, konsequent a séier ze inventariséieren an ze schützen“, esou nach den Direkter vum SSMN.

Fir d’Leit, virun allem d’Proprietären an d’Gemengen, ze sensibiliséieren, brauch de Service spezifesch Agenten, déi nëmmen dës Aufgab hunn. De Patrick Sanavia schwätzt sech dofir ganz kloer derfir aus, datt den SSMN e Service pédagogique soll kréien, deen hinnen iwweregens schonns zanter Jore via Gesetz zousteet.

Dann organiséiert den SSMN awer och all Joer d’Journées du Patrimoine, wou eng ganz Rei Sitte fir de Publikum opginn. Dëst Joer sinn dës Jounéeë vum 25. September bis den 3. Oktober a stinn ënner dem Motto „Patrimoine pour tous“. En Highlight ass hei sécher déi al Fligerhal „Nennig“, déi klasséiert gouf a wou e Concert wäert stattfannen.

En Artikel vum Louis Reding

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.