Fir d’Kniddelen:
An elo leeë mir lass:
Als éischt bereede mir den Deeg vir. Dofir kniede mer d’Miel, d’Eeër an d’Salz zesumme mat der Mëllech an dem Spruddelwaasser mat der Kichemaschinn; d’Mëllech an d’Waasser schëdde mer lues a lues derbäi, bis den Deeg zéiflësseg gëtt an sech vum Buedem vun der Schossel hiewe léisst.
Elo gëtt et Zäit, e grousst Kachdëppe mat Waasser opzesetzen. Soubal d’Waasser kacht, maache mer eng Pouz Salz dran. Wärend mer waarden, datt d’Waasser kacht, trenne mer d’Schwaart vum Speck erof, schneiden dësen a kleng Sträifen a broden en dann an enger Pan mam Botterschmalz krupseg un.
Elo stelle mir d’Kachplack mam Waasser méi kleng, fir datt et net méi kacht, a loossen se op mëttlerer Hëtzt stoen. Mat Hëllef vun zwee Iessläffelen huele mer ëmmer en hallwe Läffel Deeg, maachen deen an d’Waasser a waarden, bis d’Kniddelen uewen um Waasser schwammen. Elo kënnt de Schaumläffel an den Asaz, mat deem mer d’Kniddelen aus dem Waasser fëschen a mam Speck an der Pan eng Kéier liicht ubroden. Fir datt d’Kniddelen net kal ginn, maache mer se an eng feierfest Schossel, déi mir an de virgewiermte Schäffche bei 100 Grad Umluft erastellen. Dann huele mer déi lescht Portioun Kniddelen aus dem Kachdëppen a kënnen dës zesumme mat engem gudde Schotz Ram kuerz an der Pan ubroden. Dono schëdde mer dann alles an déi feierfest Schossel, déi mer aus dem Bakuewen eraushuele kënnen.
Bei Kniddele passt och een (oder zwee!) Flapp Äppelkompott ewéi d’Fauscht op d’A. Dëse sollt een am beschte scho virbereet hunn, éier ee mam Deeg ufänkt. Dofir schielt een d’Äppel, schneit se a kleng Stécker a léisst se zesumme mat Waasser, Zocker an Zitrounejus bei mëttlerer Hëtzt mëll kachen. Et muss een ëmmer erëm dra réieren an eventuell nach Waasser noschëdden, bis e fäerdeg ass. Dono kann een de Kompott nach püréieren, wann een dat léiwer huet.
Éier mir elo gudden Appetit wënschen, kënne mer nach e bësse gerappten Emmentaler op d’Kniddele streeën.
Endlech ass et esou wäit:
Mir wënschen Iech e gudden Appetit a vill Spaass beim nokachen!
E Rezept vum Sarah Melcher