Den Huttmécher

E vergiessene Beruff

Historesch kann een d’Handwierk vum Huttmécher bis an d‘13. Joerhonnert zeréckverfollegen a beleeën, e Beruffstand, deen zu där Zäit als eegestänneg Zonft bestanen huet. Deemools goufen Hitt aus verschiddene Materialien ewéi Filz, Lieder, Pelz oder och Stréi hiergestallt. Den Huttmécher war ee wichtege Beroder a Froe vun der Moud a Kleedungsstécker fir déi besser Gesellschaft. En huet zu den Handwierksberuffer gezielt, déi besser ugesi waren. Et brauch een nëmmen op den Haff oder op de Palais ze kucken, fir ze gesinn, datt Hitt och haut nach gäre vum adelege Vollek gedroe ginn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wann och hautdesdaags nach Hitt an der Ëffentlechkeet gedroen ginn, obwuel se net zur Alldagskleedung gehéieren, huet sech esouwuel de Kontext vum Handwierk weiderentwéckelt ewéi och de Begrëff vum Huttmécher. Dësen huet sech reng ob d‘Hierstelle vum Hutt konzentréiert. Bei den Hitt vun den Damme koum dann an zweeter Instanz eng Modistin an d‘Spill, fir d´Kappbedeckung kënnen ze dekoréieren. Wou et virdrun eng kloer Trennung tëschent engem Huttmécher an engem Modist gouf, benotzt een elo allgemeng den zweete Numm, wann een sech ob d‘Erschafe vun neien Hitt bezitt. Säit dem Bestoe vum Handwierk huet sech a Bezuch op d‘Material, aus dem d´Hitt hiergestallt ginn, net vill geännert. Allerdéngs huet sech de kreativen Deel stänneg weiderentwéckelt an Hitt mussen sech den neisten Trenden an der Moud upassen. Doduerch huet kreatiivt Talent beim Hierstelle vun der Kappbedeckung méi Gewiicht a Wäert kritt an dëst zitt och an dëser Zäit jonk Leit un, well se sech gären onofhängeg maachen an de kreative Fräiraum notze wëllen.

Placeholder Dummy template

Zu Lëtzebuerg kann ee leider keng Meeschterprüfung als Modist (Huttmécher) ofschléissen, dofir muss een zum Beispill bei eis däitsch Nopere goen. Mee et fënnt een och an eisem Land nach de leschten Huttmécherbetrib mat Lëtzebuerger Originnen. Dat ass nämlech Modes Nita an der Stad. Patron a Fils aus dem Familljebetrib ass de Marco Laux, deen de Betrib, dee säit 1969 besteet a säin Ursprong zu Esch-Uelzecht hat, iwwerholl a moderniséiert huet. Natierlech gëtt et nach aner Modisten an eisem Ländchen. Och wann déi meescht keen eegene Betrib hunn, gëtt et awer eng Rëtsch Leit, déi d´Ausbildung vum Huttmécher ofgeschloss hunn. Allerdéngs ass de Modes Nita den eenzegen Huttmécherbetrib, deen nach säin eegent Geschäft huet, an et kéint een deen een oder aneren Huttmécher nach an der Couture an an de Kleedergeschäfter begéinen.

Leider blouf de Beruff vum Huttmécher net vun der Industrialiséierung verschount, deemno ginn hautdesdaags e groussen Deel vun den Hitt an der Groussindustrie produzéiert an d‘Handwierker, déi zum Deel uspriechend Unikater hierstellen, stellen éischter eng Minoritéit duer. Si ginn awer vu Leit, déi eng individuell Virstellung vun hirer Kappbedeckung hunn oder déi den Austausch mat de Fachleit sichen, kontaktéiert a verflicht. Deemno seet och de Besëtzer vu Modes Nita, datt d‘Leit, déi a säi Geschäft kommen, bei si kommen, well si do ee qualitative Produit kréien, deen hire Virstellungen entsprécht. De Marco Laux confirméiert, datt d‘Groussindustrie de Volume vu senger Clientèle aschränkt an dëst Handwierk et net einfach huet, sech ze behaapten an niewent der Masseproduktioun bestoen ze kënnen.

Duerch eng garantéiert Qualitéits­virstellung, d´Notze vun Naturproduiten, duerch Zeréckgräifen op lokal oder europäesch Matière première ka säi Geschäft sech awer kloer vun der Masseproduktioun ofgrenzen. Aktuell erlieft dëst Handwierk en Opschwong, zemools op Hochzäiten entsteet erëm en Trend, elegant an ausgefalen Hitt ze droen.

En Hutt gëtt engem eng ganz aner Ausstralung a kann aus psychologescher Siicht enger Persoun och méi Selbstvertraue ginn, wouduerch ee vläicht erëm léiwer eraus op d‘Strooss geet. D´Aflëss vun de Medie spillen eng wichteg Roll. Duerch Musekclippen, Filmer ewéi de Picky Blinders oder duerch nei Serien op Netflix a Co. kommen och méi jonk Leit zum Beispill eng Kap era kafen.

„Si fannen dat cool”, erkläert eis de Marco Laux. A wann een dann och nach en neit trendyt Bild vu sech kann ofginn oder e Selfie mat Stil maache kann, well een den Hutt als lescht Stéck bei säin Ensembel bäifüügt, wat sprécht dann nach géint esou e Kleedungsstéck, wat nach virun e puer Joerzéngten onverzichtbar war?

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.