Dem Hexemeeschter seng Lantermagique am Joer vun der Moundlandung

1969, den 21. September, mëttes um 13:15 Auer:

Dee Moment ass de Lëtzebuerger Journalist Jean Octave nawell nervös, op d’mannst erënnert hien sech 40 Joer dono an der Sendung Patch Radio mam Carlo Link um Radio 100,7 dorun.

De Grond: Déi éischt Sendung „Hei Elei, Kuck Elei“, ugefaange mat dëse Wierder: „Gudde Mëtteg! Et ass esou wäit: Wéi eis Press et ugekënnegt huet, bréngt Télé Lëtzebuerg vun haut un niewent sengem franséischsproochege Programm och e Programm a Lëtzebuerger Sprooch. An zwar all sonndes mëttes vu e Véierel op eng bis e Véierel op zwou.“

De Jean Octave, bis dohin am franséischsproochege Programm vun Télé Lëtzebuerg aktiv, huet den Nokuckerten déi dräi Grondgedanken – Lëtzebuerg vun haut, Lëtzebuerg vu muer a Lëtzebuerg virun 10 Joer – mat op de Wee ginn.

A senger deemoleger Umoderatioun huet hien op d’Moundlandung vum Juli dat nämmlecht Joer higewisen, an domat ënnermoolt, datt Lëtzebuerg da wuel och prett wär fir en Televisiounsprogramm a senger Landessprooch.

Datt déi Responsabel vun dëser wéchentlecher Stonnenemissioun net iwwerzeegt ware vum Succès vum Hei Elei, Kuck Elei weist schonn den Numm. De Gust Graas, deemools Generaldirekter vun der Compagnie Luxembourgeoise de Télévision (CLT), sot, datt wéi hien d’Mataarbechter vum neien Tëleesprogramm zesummegeruff hat, kee wierklech gegleeft huet, datt si d’Missioun vum éischte Lëtzebuerger Televisiouns-programm géife „meeschteren“. Vun do koumen se op den Hexemeeschter, d’Lidd aus der Dicks-Operett Mumm Séiss, an de mëttlerweil als gefligelt Wuert bekannte Vers doraus: Hei Elei, Kuck Elei.

Et waren an der Haaptsaach de Jean Octave an de Jos Pauly, déi an den Ufanksjoren de Programm vum Hei Elei gemaach hunn – spéider koum de Realisateur Jean-Paul genannt Menn Bodson derbäi, dee sech erënnert, datt d’Biller bis 1972 nach schwaarzwäiss waren.

An engem Artikel vun 1983 an der Revue hunn Octave a Bodson vun den Ufanksjoren erzielt an och, datt si zu zwee de Buttek souzesoe geschmass hunn: No der Sendung sonndes mëttes haten si theoreetesch méindes fräi, hu sech awer spéitstens dënschdes mëttes nees dohigesat fir ze decidéieren, wat de Sonndeg drop sollt gesent ginn. Et gouf geplangt, Rendez-vouse goufe gemaach an da gouf gefilmt, geschnidden, montéiert – alles zu zwee? Nee, si hätten eng Rei gutt fräi Mataarbechter gehat, deels vun der Radiosredaktioun, deels vum franséischsproochege Programm. Nimm, déi falen, sinn déi vum Kameramann Edmond Zigrand, no 1984 verstäerkt och de Radiosjournalist Lucien Michels, net nëmmen, fir Bäiträg ze maachen, mee och fir d’Aktualitéit ze presentéieren.

Niewent deem, wat als Lëtzebuerger Aktualitéit den Optakt vum Hei Elei gemaach huet, war vun Ufank u Kultur gebueden, tëschent 1989 an 1995 mam Olivier Frank, haut Direkter vum Institut Pierre Werner, als Presentateur. Fir den Theater de Jeng Thurmes an de Kino gouf vum Joy Hoffmann presentéiert, dee sech och an de Joren dono säin Numm an der Welt vun der Lëtzebuerger Kinoskritik gemaach huet.

Reklammen huet d’Ekipp selwer gedréit a produzéiert grad ewéi d’Biller fir d’Meteo.

Et schéngt eng Course-poursuite mat der Zäit gewiescht ze sinn, all Woch op en Neits d’Produktioun vum Hei Elei.

An och wann d’Pionéier vum Hei Elei selwer gezweiwelt hunn, bei de Leit koum d’Tëlee riichtewech gutt un: De Jean Octave war an ass bis haut e Begrëff an och Nimm wéi Pilo Fonck, deen no 1987 fest bei d’Tëlee koum, haaptsächlech fir de Sport, oder d’Journaliste Caroline Mart a Romain Goerend si bis haut an der Memoire erhalen.

Natierlech ass den Hei Elei – wéi alles, wat nei ass – kritiséiert ginn, der Ekipp gouf virgehäit, ze vill zam vis-à-vis vun der Regierung ze sinn, net kritesch genuch, ze vill traditionell an nach aneres méi.

Ma et gouf awer och e Publikum, dee sech gefreet huet, an eng Damm, déi op Nofro dem Carlo Link geäntwert huet: „Wann den Hei Elei koum, da si mer all an d’Stuff gaangen, deen een oder aneren huet säin Teller och alt emol matgeholl … an dann ass gekuckt ginn. Et war villerlee, an et war einfach eppes, wou ee gesot huet: dat ass Lëtzebuerg!“

Et gouf vun deem Moment un, wou den Hei Elei all Sonndeg an der Stuff iwwer d’Flimmerkëscht gelaf ass, en neien Identifikatiounsfacteur fir vill Lëtzebuerger.

Haut kann een déi fréier Hei Elei-Emissiounen op der Säit www.rtl.lu kucken.

Déi charmant Damm, déi d’Hei Elei-Emissiounen ugesot huet, ass iwweregens d’Maggy Molitor. Den Hei Elei, Kuck Elei an där Form, wéi e vun 1969 u gesent gouf, huet bis 1985 gedauert, du gouf d’Sendezäit vun 1 op 3 Auer nomëttes erweidert.

Dunn, am Oktober 1991, koum den RTL Hei Elei, den deegleche Programm op Lëtzebuergesch, dunn och owes tëschent hallwer 8 an 8 Auer.

Vun 1992 un ass den deegleche Programm bis hallwer 9 ausgebaut ginn a Mataarbechter wie Maurice Molitor, Sandy Lahure, Bas Schagen, Pol Polfer oder och Cécile Bosi koumen an d’Ekipp vum RTL Hei Elei.

1995 dunn ass de Programm nach emol ugepasst ginn: Eng Stonn fir Lëtzebuerg huet vum 25. September un den RTL Hei Elei ersat.

Lauschtert een d’Stëmme vun der éischter Stonn vum Hei Elei, da fält engem op, datt dës Mënsche mat Begeeschterung bei der Aventure dobäi waren, net nëmmen, wat Televisioun ugeet, Pionéieraarbecht geleescht hunn, mee och fir de Filmsecteur zu Lëtzebuerg éischt Schrëtt gaange sinn:

1984 hu Menn Bodson a Marc Olinger de Lëtzebuerger Krimi nom Dréibuch vum Fernand Barnich E Fall fir sech gedréit.

1985 hunn Menn Bodson, Marc Olinger an Henri Losch Déi zwéi vum Bierg realiséiert, e Film a sechs Episoden iwwer den Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg.

1989 du gouf op Basis vum Nikolaus Hein sengem Buch Der Verräter de Film De falschen Hond vu Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger an de Kino bruecht.

An 1992 koum e Film fir d’Televisioun: E Liewe laang war och vum Trio Marc Olinger, Menn Bodson a Gast Rollinger, no engem Dréibuch vum Emil Angel.

Aus der deemoleger Lantermagique am Joer vun der Moundlandung war also vill méi gi wéi nëmmen Hexerei.

En Artikel vum Nathalie Bender

De Gust Graas huet eis leider am Alter vu 95 Joer, den 19.2.2020 verlooss.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.