Placeholder Dummy template

Dem Handicap zu Lëtzebuerg schoulhistoresch op der Spuer

Bildung sollt fir jiddwereen, onofhängeg vun der sozialer Stellung, der Hierkonft oder der Glawensrichtung zougänglech sinn. Mee wéi steet et ëm d’Bildung vu Mënsche mat enger Behënnerung? Ass hinnen trotz hiren Aschränkungen en Zougang zur Bildung garantéiert? A wéi wäit huet sech déi lëtzebuergesch Gesellschaft iwwert déi vergaange Joerzéngten am Bezuch op d’Bildung vu Mënsche mat enger Behënnerung (weider-)entwéckelt?

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Den Entwécklungsstand vun enger Gesellschaft léisst sech gutt un hirem Ëmgang mat sougenannte gesellschaftleche Randgruppe bestëmmen. Als Randgrupp gëtt eng minoritär Grupp vu Persounen an enger bestoender Gesellschaft bezeechent, déi sech opgrond vun hirer sozialer Stellung, hirem Glawen, hirer Hierkonft, hirer sexueller Ausriichtung oder duerch hier Interessen a Bedierfnesser vun der Majoritéit ofzeechnen an dofir um „Rand vun der Gesellschaft“ liewen. Och Mënsche mat enger kierperlecher an/oder geeschteger Behënnerung goufen, historesch gesinn, schonn ëmmer zu enger Minoritéit, enger Randgrupp gezielt. Deementspriechend schéngt et och wéineg verwonnerlech ze sinn, datt Mënsche mat enger Behënnerung iwwer Joerzéngten ausgegrenzt oder esouguer virgefouert goufen. Ausgegrenzt, andeem hinnen d’Deelhuelen um ëffentleche Liewen ënnersot war an hinnen esou zum Beispill keen Zougang zur Bildung oder zur Beruffswelt erlaabt war. Virgefouert, well Mënsche mat enger Behënnerung beispillsweis fir den Amusement vun der Allgemengheet a Wander-Zirkussen oder als Joermaartsattraktioun a sougenannte Freak-Showe presentéiert goufen. Vun der réimescher Antik bis an d’Nokrichszäit huet virun allem d’Absence vu Grondgesetzer de Leit mat enger Behënnerung d’Liewe schwéiergemaach an et verhënnert, datt se aktiv um gesellschaftleche Liewe konnten deelhuelen. Besonnesch déi am Zweete Weltkrich verwuerzelt Aktion T4, wou de systematesche Mord vu méi ewéi 70.000 Mënsche mat kierperlecher, geeschteger oder séilescher Behënnerung geplangt an zum Deel vollstreckt ginn ass, ass der Nokrichsgesellschaft ganz déif an de Schanke sëtze bliwwen. An dësem Zesummenhang gouf nom Zweete Weltkrich ënner anerem d’Grondrecht op Bildung duerch d’Integratioun vum Artikel 26 an der allgemenger Erklärung vun de Mënscherechter verankert:

Jiddwereen huet d’Recht op Bildung. (…)
(Art. 26 vun der allgemenger Erklärung vun de Mënscherechter, 1948)

Fir aktiv um gesellschaftleche Liewe kënnen deelzehuelen, schéngt en Zougang zur Bildung essentiel ze sinn. Mee wéi gesäit et dann 73 Joer no der Aféierung vum Artikel 26 vun de Mënscherechter mat der Bildung vu Persounen, déi eng Behënnerung hunn, hei zu Lëtzebuerg aus? Wat fir Zougäng sinn zum Beispill op politeschem Niveau ausgeschafft ginn, fir datt Persoune mat engem Handicap vun den Offeren am Beräich vun der Bildung hei zu Lëtzebuerg kënne profitéieren?

Déi lëtzebuergesch Bildungs­landschaft am Wandel vun der Zäit

D’Geschicht vun de lëtzebuergesche Schoule léisst sech bis zur Grënnung vum Grand-Duché am Joer 1815 rekonstruéieren. Zu de Fundamenter vun der lëtzebuergescher Schoulgeschicht kënne sécherlech déi gesetzlech Aféierung vun enger allgemenger Schoulflicht am Joer 1881 a vun der Organisatioun vum Schoulwiesen am Joer 1912 gezielt ginn. Trotz dëser gesetzlecher Verankerung vun der Schoulflicht bleiwe Kanner mat enger kierperlecher an/oder geeschteger Behënnerung zu Lëtzebuerg wärend dëser gesamter Zäit vum Primärschoulsenseignement ausgeschloss. Fräi nom Prinzip vun der „Nächstenliebe“ huet sech mat e wéineg Chance den Duerfpaschtouer der Erzéiung a Bildung vun dëse Kanner ugeholl. Dat Ganzt awer natierlech ouni iergendeng Obligatioun vu Säite vun de Paschtéier. Vill méi dacks kruten dës Kanner awer guer keng Méiglechkeet, sech ze bilden, a si schlëmmstefalls an d’„Geckenhaus“ op Ettelbréck bruecht ginn, wou se da bis zu hirem Liewensenn waren, éier se zu gudder Lescht op engem separate Kierfecht begruewe goufen. Et wollt ee jo net, datt déi ganz Noperschaft géif wëssen, datt een en „Idiot“ an der Famill hat …

Eréischt duerch e Gesetzestext aus dem Joer 1973 koum et zu Lëtzebuerg zu enger villverspriechender Ännerung fir behënnert Kanner. Mat dësem Gesetz ass de Grondsteen fir den Opbau vun der Éducation differenciée geluecht ginn, déi och haut nach existéiert. Duerch d’Aféierung vun dësem Gesetzestext ass d’Schoulflicht zu Lëtzebuerg deemno explizitt och op Kanner mat enger Behënnerung ausgedeent ginn.

Obschonns d’Gesetz vun 1973 iwwer Joerzéngten ewech ëmmer erëm un déi besteeënd Erausfuerderungen an Entwécklunge vun der Gesellschaft ugepasst gouf, ass et a senge Grondzich bis haut gülteg. Eng weider nennenswäert Adaptatioun vum Gesetz gouf zum Beispill mat der Aféierung vum Gesetzestext aus dem Joer 1994 betreffend d’Participatioun an d’Integratioun am reguläre Schoulbetrib erziilt. Duerch dës Ännerung vum Gesetzestext konnte Kanner mat spezifesche schoulesche Besoinen hirer Schoulflicht an ënnerschiddleche Formen nokommen. Esou kann zum Beispill entscheet ginn, ob eng Participatioun am reguläre Grondschoulunterrecht oder awer an der Éducation differenciée soll envisagéiert ginn. Doriwwer eraus besteet awer och d’Méiglechkeet, fir e Kand a spezialiséierten Zenteren oder an Instituter am Ausland unzemellen. Am Joer 1998 gouf op nationalem Niveau decidéiert, fir geziilte Fërderstonne fir Kanner mat enger Behënnerung an de reguläre Schoulklassen unzebidden. Dëst bitt de sougenannte Srea, de „Service Rééducatif Ambulatoire“ un. D’Ënnerstëtzung vum Srea verleeft heibäi, ewéi ugedeit, entweeder an de reguläre Spillschouls- a Primärschoulsklassen oder bei Bedarf an de Raimlechkeete vum Srea.

Den aktuelle Bildungsusaz fir Persoune mat enger Behënnerung zu Lëtzebuerg

Déi wuel rezentst Upassung vun de bestoende Gesetzestexter huet am Joer 2018 mat der Grënnung vun de sougenannte Kompetenzzentere stattfonnt. An dësem Kontext goufen op nationalem Niveau 8 spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentere fir déi schoulesch Inklusion an d’Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA), déi jonk Leit op hirem Wee an d’Aarbechtswelt begleet, an d’Liewe geruff. Fir Schüler mat spezifeschem Fërderbedarf gouf do dergéint op regionalem Niveau en Ënnerstëtzungsteam, dat sech aus multidisziplinäre Fachleit zesummesetzt, gegrënnt. Falls e Member vum Ënnerstëtzungsteam an Ofstëmmung mam betraffene Léierpersonal an den Eltere sollt feststellen, datt d’Betreiung an der Schoul net duergeet, huet dëst Team d’Kompetenz, esouwuel d’Diagnos ewéi eng zousätzlech Ënnerstëtzung vun dëse Schüler ze garantéieren. Dëst gëtt dann an Zesummenaarbecht mat de Schoulen, de betraffene Kompetenzzenteren an, falls néideg, mat dem betraffene schoulmedezineschen Team gemaach. Mat dëser leschter Adaptatioun vum Gesetzestext ass dem inklusive Bildungsusaz hei zu Lëtzebuerg Rechnung gedroe ginn. Esou muss net de Schüler sech an en etabléierten a steiwe Schoulsystem integréieren, mee et ass am Géigendeel d’Aufgab vun der Schoul, derfir ze suergen, datt all Schüler mat senge jeeweilege Fäegkeeten a Kompetenzen um Cours kann deelhuelen. Fir datt Inklusion awer ka geléngen, brauch ee gutt Konzepter, Virbiller an Erfarungen, esou wéi se vu Sozialaarbechter, Pedagogen a Bildungsfuerscher beschriwwe ginn. Et brauch ee Schoulen, déi der Iddi vun der Inklusioun positiv entgéintsteieren a bereet sinn, sech beroden ze loossen. Et brauch ee Léierpersonal, dat sech op eng nei Situatioun kann astellen a bereet ass, sech geziilt weiderzebilden. Wa mir dëst an den nächste Joren zu Lëtzebuerg erreechen, leien d’Virdeeler vum inklusive Bildungsusaz op der Hand: Dësen erlaabt et eis, déi géigesäiteg Akzeptanz ze erhéijen a Virurteeler a Beréierungsängschten ofzebauen. Dat defizit-orientéiert Denke soll iwwerwonne ginn an amplaz solle Mënsche mat enger Behënnerung méi staark wäertgeschätzt a respektéiert ginn. Dëst mécht Hoffnung, datt Mënsche mat enger Behënnerung zukünfteg net méi als Randgruppen, mee aktiv an der Mëtt vun der Gesellschaft hir Plaz fannen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.