Wéi d’Finny Cazzaro um Moie vum 1. Juni 2019 d’Aen opmécht, ass hiren éischte Gedanken: „Elo hunn ech et gepackt!“ Et ass den Dag vun hirem 100. Gebuertsdag. Dobäi war si sech véier Méint virdru sécher, datt si dësen net méi erliewe géif.
Wéi d’Finny Cazzaro an de Festsall vum Escher Altersheem Servior – Op der Léier erageet, beweegt si sech mat weesentlech manner Schwong wéi op hirem 99. Gebuertsdag. Um Wee fir op d’Bün stäipt si sech op e Rollator. Am Januar war si onglécklech gefall an hat sech dobäi d’Hëft gebrach. D’Finny huet mussen operéiert ginn – net ganz ongeféierlech mat bal 100 Joer.
Fir si war dat e schwéiere Réckschlag. „Ech hunn den Doktere gesot, datt ech mir wënschen, net méi vun der Operatioun ze erwächen“, erzielt d’Pensionnairin. „Mee stellt iech vir, si hätte mech eescht geholl. Da géif ech dat hei alles verpassen! Ech hätt mech am Graf ëmgedréit.“
„Dat hei“ ass net nëmmen hir 100. Gebuertsdagsfeier, mee och d’Verëffentlechung vun hirem drëtte Buch mam Titel „Was wäre wenn?“ Mat 96 Joer huet déi geléiert Huttmécherin, a spéider Hausfra, en neie Beruff gewielt an ass Schrëftstellerin ginn. Virdrun hat d’Mamm vun engem Bouf ni déi néideg Zäit, fir e Buch ze schreiwen.
Dat Gutt um Schlechten.
Sech selwer beschreift si als e ganz ongedëllege Mënsch, wat och passt. „Ech hunn ni am Haut gelieft, ëmmer schonn am Muer, am beschten Iwwermuer“, seet déi gebierteg Escherin. D’Chute hat am Bezuch dozou eppes Guddes.
Déi huet si geléiert, sech e bëssen ze bremsen a sech hëllefen ze loossen. Datt an der Tëschenzäit jiddereen hir seet, si soll méi lues maachen an oppassen, geet hir géint de Stréch. Mee ganz op d’Brems trëppelen kann si dann awer net. De Rollstull brauch si mëttlerweil schonn net méi. Hiert nächst Zil ass et, nëmme nach mam Bengel ze lafen – an dofir üübt si all Dag.
Déi geplangt Verëffentlechung vun hirem drëtte Buch huet si ugedriwwen. D’Familljeministesch Corinne Cahen (DP) beschreift d’Finny als e Virbild an dat bescht Beispill, datt jiddwereen, egal a wat fir engem Alter, nei Projete kann hunn.
Eigentlech wollt d’Pensionairin nëmmen een eenzegt Buch schreiwen. Ewéi hir d’Iddi fir eng zweet Geschicht agefall ass, huet si sech geduecht: „Vläicht gëtt se nach fäerdeg.“ An hirem Alter géif ee schliisslech ni wëssen, wéi vill Zäit engem nach bleift. Éier si sech versinn hat, war och dat drëtt Buch geschriwwen.
Endgülteg dat lescht, wéi d’Finny ukënnegt. Hir Wierker huet déi Honnertjäreg alleguer op der Hand geschriwwen. „Op der Schreifmaschinn gesinn ech net genuch“, erkläert si. An engem Nomëtteg géif si scho mol 15 Säiten schreiwen. Hir Handschrëft gëtt dobäi mat der Zäit ëmmer méi onlieserlech. „Da kann ech selwer net méi liesen, wat ech geschriwwen hunn.“
Dës Kéier huet d’Finny sech virgeholl, alles nach eng Kéier a propperer Schrëft ofzeschreiwen. Awer dann ass d’Kreativitéit mat hir duerchgaang: „Um Enn koum eng ganz aner Geschicht dobäi eraus“, seet si a laacht dobäi iwwer sech selwer. Déi éischt Fassung huet hir dunn awer besser gefall.
D’Iddi zu „Was wäre wenn?“ ass der Schrëftstellerin komm, ewéi si mat enger Frëndin am Lallenger Cactus-Supermarché war. D’Finny war no deem gemeinsamen Ausfluch op de Gaalgebierg e bësse midd an huet decidéiert, am Auto ze waarden, iwwerdeems hir Frëndin d’Akeef erleedegt huet.
Iwwer dem Waarde beobacht d’Finny um Parking eng Fra, déi hir kleng Duechter an de Kannersëtz vun hirem Auto setzt. Dobäi wär déi ganz hektesch gewiescht. Fir d’éischt huet si vergiess d’Mall zouzemaachen, dunn huet si bemierkt, datt si den Akafsweenchen nach net zeréckbruecht huet. Si ass erausgeklommen an huet dësen zeréckbruecht, huet de Schlëssel allerdéngs stiechen an hir Duechter am Auto gelooss. Dunn huet si och nach eng Bekannte getraff an e Gespréich ugefaang. D’Finny huet sech ausgemoolt, wat elo wier, wann – an huet kuerzerhand e Buch doriwwer geschriwwen. „Wann d’Fra, déi ech deemools beobacht hunn, d’Geschicht liest, weess si bestëmmt, datt et ëm si geet“, seet d’Finny.
D’Theatertrupp Namasté aus dem Escher Lycée Hubert Clément huet sech zur offizieller Gebuertsdagsfeier eppes Besonnesches afale gelooss. Si hunn een Deel vum Finny Cazzaro sengem Buch als Theaterstéck interpretéiert a méindes am Seniorenheem virgedroen.
D’Iddi hat de 19-järege Karim Gerin, dee scho méi ewéi eng Kéier am Seniorenheem geschafft huet. Hei huet hien d’Finny kenne geléiert. Bei der Presentatioun vun hirem zweete Buch huet hien doraus virgelies. Fir den 100. Jubiläum huet et awer mussen eppes Aussergewéinleches sinn. De Karim huet dat neit Buch gelies an doropshin e Stéck fir déi siwe Membere vun der Theatertrupp aus senger Schoul geschriwwen. Bei der Feier ass den Optrëtt vun de Schüler richteg gutt ukomm.
Besonnesch d’Finny beobacht déi Jugendlech mat konzentréiertem Bléck, ewéi déi eng Zeen vun hirer Geschicht virdroen. Dës spillt an engem Geriichtssall. D’Haaptpersoun Anne Winter ass wéinst Kidnapping ugeklot. Dat klengt Meedchen huet si entféiert, fir hirer Duechter hiert verstuerwent Kand zeréckzebréngen. „Wéi d’Urteel ausfält, fannt Dir eraus, wann Dir der Madamm Cazzaro hiert Buch liest.“ Mat dëse Wierder geet d’Stéck op en Enn. En oppent Enn, dat virwëlzeg mécht.
Dem Karim huet d’Buch op alle Fall ganz gutt gefall: „Wie Blutt geleckt huet, liest ganz sécher weider”, seet dee 19-Järegen.
En Artikel vum Melody Hansen (Revue)
Fotoen vum Isabella Finzi (Revue)
D’Finny Cazzaro feiert hiren 100. Gebuertsdag – a verëffentlecht hiert drëtt Buch.