Placeholder Dummy template

Den Thé dansant huet sech (de Numm deit schonn dorop hin) mat grousser Warscheinlechkeet aus der englescher Traditioun vum »Afternoon tea« entwéckelt a war ufangs, anescht wéi haut, dofir geduecht, an éischter Linn de jonke Leit eng Méiglechkeet ze ginn, Gläichaltereger vum anere Geschlecht kennenzeléieren – dat natierlech am viktorianeschen Zäitalter meeschtens ënner dem méi oder manner strenge Bléck vun erwuessenen Anstandsbegleeder. Eng aner Theorie spekuléiert, datt den Thé dansant säin Ursprong bei der franséischer Koloniséierung vum Maroc huet. Wéi och ëmmer, et ass op jiddwer Fall esou, datt den Tea Dance besonnesch an engleschsproochege Länner bis zum Ufank vum Zweete Weltkrich enorm populär war, ier en du lues a lues vun de Cocktailpartyen ofgeléist gouf.

Trotzdeem ass dës Aart vun Event an den ënnerschiddlechste Formen a ville Länner populär bliwwen, an dat besonnesch bei der eelerer Generatioun – deemno bei deene Leit, déi nach d’Schrëtt vu klasseschen Dänz, wéi Tango, Foxtrott, Walzer a wéi se all heeschen, an der Reegel besser beherrsche wéi déi méi Jonk! Thés dansants ginn haut dacks fir Leit am Seniorenalter vu Veräiner a Gemengen organiséiert a sinn natierlech och bei de Bewunner vun Maisons de retraite immens beléift. D’Musek kënnt am Idealfall dobäi entweeder vun engem Alleinunterhalter oder vun enger Band … a wann et net anescht geet, och emol einfach vum Band.

Eng ganz originell Variant vum Thé dansant ass zu Lëtzebuerg mat de Vins dansants erfonnt ginn. Bei dësen originellen Eventer, déi, wéi soll et anescht sinn, an der Muselregioun an d’Liewe geruff goufen, kann een net nëmmen onbeschwéiert d’Danzbeen schwéngen, mee doriwwer eraus och nach verschidden Zorte Wéngercher probéieren a sech lackeleg Amuse-Bouchë schmaache loossen. Am Laf vun deene flotten Nomëtteger goufen alt, sou den Organisateur Vinsmoselle, bis zu 130 Danzbegeeschterter gezielt an et hu sech esouguer och ëmmer méi Vertrieder vun deene méi jonke Generatiounen dobäi afonnt … bis de Covid-Virus deem Ganzen e virleefegt Enn gesat huet!

Dëse Stëllstand bedauert niewent villen aneren och d’Madame Elisabeth Lemling vun Tréier, déi sech mat hirem grad esou danzbegeeschterte Mann Josef an de vergaangene Jore reegelméisseg op d’Lëtzebuerger Musel deplacéiert huet, fir bei flotter Musek e puer Stonnen duerchzedanzen. „Mam Wäin hu mir eis awer zeréckgehalen, mir hu jo ëmmer nach misste bis op Tréier zeréckfueren“, laacht déi sympathesch a liewenslëschteg wierkend Damm. „Jonk Leit gi jo léiwer an d’Disco, fir eis ass dat awer näischt. Ech fannen et wierklech schued, datt esou Evenementer elo wéinst dem Virus net méi stattfannen, well fir eis Generatioun sinn dat wichteg Geleeënheeten, fir sech emol erëm eng Kéier ganz onbeschwéiert ze ameséieren an dobäi och nach Frënn a Bekannten ze gesinn. Weider Virdeeler sinn dee relativ nidderegen Entréespräis an datt den Danztéi sech nomëttes vu 4 bis 8 Auer ofspillt, wat fir eeler Leit besser ass wéi wann et Owes wier. Mir Zwee danze fir eist Liewe gären a waren an de leschte Jore bal all Sonndeg do. Tango, luese Walzer, Rumba … beim Thé dansant huet een d‘Geleeënheet, allméiglech Dänz emol erëm eng Kéier auszeprobéieren. Mee wat wëll ee maachen, am Moment leeft jo leider näischt … glécklecherweis bleiwe mäi Mann an ech awer och an dësen Zäite weider aktiv, andeem mir zum Beispill op Concerte ginn oder schéi Wanderunge maachen.“

Aktiv bleiwen ass, do kann een der Madamm Lemling nëmme Recht ginn, eng wichteg Viraussetzung fir d’Gesondheet an d’Séil, besonnesch vun eelere Mënschen. Dofir ass et vläicht e klenge Liichtbléck, wann een héiert, datt a Stied wéi zum Beispill Nanzeg den Thé dansant e virsiichtege Revival erlieft: Do gouf et dëst Joer an de Summerméint Danztéi-Events ënner fräiem Himmel – natierlech mat Maskeflicht an ënner Anhalung vun de strenge Corona-Schutzreegelen, woubäi nëmmen Dänz erausgesicht goufen, bei deene kee Kierperkontakt néideg ass.

Vläicht bitt sech jo mat esou enger Variant d’Méiglechkeet, den Thé dansant och zu Lëtzebuerg erëm a Schwong ze bréngen … ?

Net nëmmen déi eeler Generatioun géif dat mat Sécherheet begréissen!

En Artikel vum Patrick Calzi

Déi eeler Generatioun am Takt vun der Liewensfreed! Flott a geselleg Nomëtteger beim Thé dansant

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.