Déi 9. Konscht
schreift Geschicht

Illustratioun: © D'Frënn vun der 9. Konscht

Et war emol am Joer 1994 …

… deemools ass zu Conter deen éischte Festival vun der Bande dessinée organiséiert ginn – an am Dezember dat nämmlecht Joer huet déi Lëtzebuerger Alstad mat hirer Festung de Label vum UNESCO-Weltkulturierwe kritt.

Datt et vun 1994 un nach e Véierelsjoerhonnert sollt daueren, bis aus der Zomm vun der 1. Konscht – der Architektur – an der 5. Konscht – dem geschriwwene Wuert – géif e Wierk an der 9. Konscht – der Bande dessinée – entstoen, dat hat deemools wuel keen sech virgestallt.

D’Frënn vun der 9. Konscht

„Fortific(a)tions, sechs Geschichten iwwer eng Stad ewéi keng aner“ koum 2020 eraus, a war en éischte Schrëtt vun der ASBL Frënn vun der 9. Konscht, fir der Bande dessinée (BD) och zu Lëtzebuerg méi Raum ze bidden, esou d’Presidentin Lydia Alegria.

D’BD zu Lëtzebuerg promovéieren, dat ass een Zil vun de Frënn vun der 9. Konscht, ausserdeem den Zeechner, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, eng Plattform ze bidden: „Et ass eis wichteg, datt déi 9. Konscht en anere Stellewäert kritt, an datt mir d’Kreatioun och doduerch fërderen, wat eis mam 1. grousse Projet Fortific(a)tions, denken ech, gelongen ass.“

Illustratioun: © D'Frënn vun der 9. Konscht/Pascale Velleine a Lucien Czuga
Illustratioun: © D'Frënn vun der 9. Konscht/Sabrina Kaufmann a John Rech

Vu Glacéhändschen, dem Fluch am Palais an dem Cassal sengem Verspriechen …

An dëser Bande dessinée ginn deels historesch iwwerliwwert Faiten, deels op literaresch Wierker baséiert Erzielungen an och fräi erfonnten Aventuren zu engem grousse Ganze verbonnen.

De Roude Fuedem vun der Geschicht ass inspiréiert vum Joseph Funck sengem sozialkritesche Roman „Kleines Schicksal“. De Jean-Louis Schlesser huet doraus d’Geschicht vum „Jacko, de Knollereefer“ getext. Den Antoine Grimée zeechent dobäi dem Jacko seng tragesch Liewensgeschicht: De Mann aus dem Gronn zitt all Dag mat sengem Jabel duerch den Aarmeleitsquartéier am Dall a reeft do, grad wéi um beschwéierleche Wee erop an d’Stad, all Hondsdreck op, deen hie fënnt. Déi liwwert hien an d’Händschefabrick. Mam Hondsdreck gëtt do d’Beez gemaach, fir d’Lieder fir Glacéhändsche kënnen ze gierwen.

De Jacko ass krank, hien huet Tuberkulos an dreemt dacks – wouraus en Deel vun den anere 5 Geschichten aus Fortific(a)tions ervirgeet.

Eng dovun ass „Ee Verspriechen“.

De Marc Angel erzielt a schwaarz, wäiss a gro gezeechenten Zeenen, wéi et koum, datt den Affekot Jacques Ignace Cassal dem Maître Didier säi Meedchen Anne-Marie net ze bestuede kritt huet, a wat aus dem refuséierte Verspriechen entstanen ass.

An „D’Phantom vun der Festung“ gi mir vum Andy Genen sengen Zeechnungen op en Text vum Marc Angel matgeholl an d’Zäit ëm 1830 am Pafendall, wärend der belscher Revolutioun.

D’Grondiddi vun dëser historescher Rees hat de Marc Angel scho méi laang am Tirang. Wéi dunn iwwer Fortific(a)tions rieds goung, huet hien un den Zeechner Andy Genen an deem seng Virléift fir Superhelde geduecht: „Ech hunn dunn den Zenario weiderentwéckelt a mir hunn zesummen um Decoupage geschafft. Den Andy huet, wéi ee gesäit, e ganz anere Stil wéi ech, et war dofir fir mech spannend ze gesinn, wat hie géif aus mengem Entworf maachen.“

Illustratioun: © D'Frënn vun der 9. Konscht/Antoine Grimée a Jean-Louis Schlesser
Illustratioun: © D'Frënn vun der 9. Konscht/Marion Dengler

Dem Andy Genen seng Planchë sinn agefierft a weisen e ganz anere Stréch wéi zum Beispill déi vum Marc Angel, deen dës grouss Diversitéit vu Stiler an de Lëtzebuerger Bande-dessinéeën als e klore Virdeel ugesäit.

Och d’Sabrina Kaufmann dréit mat hirer „Visitt am Palais“ zur genannter Vilfältegkeet bäi: Hir Geschicht ronderëm d’Lous vum Kavalleriekapitän Charles d’Yve ass ganz schwaarzwäiss gezeechent, an am Stil vun engem Manga. Faarwe benotzt si soss gär bei Illustratiounen, awer hei seet déi jonk Manga-Illustratrice: „Ech fannen et vill méi expressiv, einfach mat Konturen ze schaffen, an dat erlaabt mir och, vill méi an d’Detailer ze goen, zum Beispill Hoer all eenzel ze molen. Vu datt ech meeschtens Märercher oder historesch Geschichten zeechnen, hunn ech och gären dee klenge Rappel op déi wonnerschéin al Gravuren, wou ee just mat Strécher a Schraffure konnt esou vill ausdrécken.“

D’Iddi fir „Visitt am Palais“ huet de John Rech geliwwert, an erauskoum eng Geschicht iwwer d’Léift an enger magescher Zäitrees.

Ëm d’Léift geet et och an „Nachtblüher“ vun der Marion Dengler, an e Schmunzele kritt ee beim Liesen a Kucke vun der zackeger Inspektesch Federmeyer, déi zesumme mam schonn eppes méi gemittleche Kommissär Gonzales enquêtéiert fir „D’Geheimnis vun de verschwonnene Statuen“ ze léisen.

Illustratioun: © D'Frënn vun der 9. Konscht/Andy Genen
Illustratioun: © D'Frënn vun der 9. Konscht/Marc Angel

Nom Prinzip „Plaire et instruire“

Op den 82 Säite vu „Fortific(a)tions, sechs Geschichten iwwer eng Stad ewéi keng aner“ huet een eng ganz ofwiesslungsräich Visioun op verschidden historesch Amenter vun der Festung Lëtzebuerg, déi ënner dem geschoulte Bléck vun der Marie-Paule Jungblut – si ass Spezialistin fir Public History – ganz niewebäi e klenge Geschichtscours bidden. An zwar een, dee vill Spaass mécht.

„Plaire et instruire“ – mat dësem Grondprinzip aus der franséischer Literatur äntwert och d’Lydia Alegria op d’Fro, wat d’Bande dessinée fir si bedeit: „D’BD huet fir mech och dës 2 Ziler, dat hänkt ëmmer dervun of, wat de Lieser domat mécht. A Japan ass et ganz normal, Mangaen iwwer allméiglech Theemen ze fannen – dat ass an hirer Kultur esou verankert an et gëtt net als Entertainment gesinn. An engem Zäitalter, wou et ëmmer méi schwéier ass, d’Jugend fir Bicher ze motivéieren, ass d’BD vläicht eng vun de Léisungen, fir verschidden Theemen unzepaken a fir deene Jonken d’Freed um Liesen ze ginn. Fir mech kann d’BD eendeiteg pedagogesch Zwecker erfëllen, wann se richteg agesat gëtt.“

Fir iwwer d’Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg spilles méi gewuer ze ginn, kann een deemno „Fortific(a)tions, sechs Geschichten iwwer eng Stad ewéi keng aner“ nëmme recommandéieren, et kritt een d’Buch op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Englesch an all Lëtzebuerger Librairie an online op Lord.lu.

En Artikel vum Nathalie Bender

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.