Deemools, wéi den Euro d’Lëtzebuerger Land eruewert huet Eng Geschicht vu fréier

Ech sinn 1994 gebuer, erënnere mech also nëmmen nach ganz vag un de Lëtzebuerger Frang. Ech weess awer, datt meng Eltere reegelméisseg dervun erzielen, wéi vill Frang deemools e Loyer kascht huet oder mat wéi vill Frang ee konnt an d’Vakanz fueren. An un de Knätschgummi aus dem Automat, un deen erënneren ech mech och. Wéi stolz ech war, wann ech als Kand e Frang – et kënnen der och zwee gewiescht sinn – an de Grapp gedréckt krut an domat konnt bei den Automat am Supermarché goen a mir eng vun deene risege Knätschbulle kafen, wou dann eng kleng Spillsaach dra verstoppt war.

Den 1. Januar 2002 war déi éischte Kéier, datt een zu Lëtzebuerg den Euro konnt a Form vu Mënzen oder Schäiner gesinn. Do virdru war e schonn dräi Joer am Gebrauch, mee deemools just als Buchgeld. En Euro am Portmonni, dat war en historeschen Dag fir eist klengt Ländchen, mee och fir eelef aner EU-Länner, déi mat an déi nei Wärungsära erageklomme sinn. Bei eis huet dëst bedeit, datt aus 40,3399 Lëtzebuerger Frang vun engem Dag op deen anere ganz genee 1 Euro ginn ass – den Teuro, wéi dat neit Geld vu ville Leit schonn am Virfeld gedeeft gi war.

Och haut nach rechne vill Lëtzebuerger d’Präisser a Frangen ëm an erschrecken oft, wéi vill méi ee säit dem Euro scheinbar bezilt. „Ech hunn een Dag 30 Frang fir e klenge Kaffi bezuelt, den Dag drop hunn ech 1 Euro bezuelt. Dat war dann 10 Frang méi deier fir dee selwechte Kaffi“, erënnert sech de Frédéric a sengem Kommentar op Facebook. Hien ass net deen Eenzegen, deen d’Aféierung vun der neier Wärung mat vereenzelte Schock-Momenter verbënnt: Och d’Thei kommentéiert, datt et bei sengen Ëmrechnungen oft iwwer d’Resultat erféiert ass, an dat och haut nach.

Wat den 31. Dezember 1998 vu Staats- a Regierungscheffen europawäit decidéiert gouf, gouf och vun de Bierger a Biergerinnen an de vereenzelte Länner mat Spannung erwaart. „Mir hu mat eise Kanner Silvester gefeiert a sinn no Mëtternuecht nach bei e Bancomat gefuer, fir endlech e richtegen Euro an d’Hand ze kréien“, erënnert sech d’Simone. Wärend et fir vill Jonker bal esou opreegend war wéi d’Joerhonnertwenn, hunn sech der vill vun der eelerer Generatioun fir d’éischt emol schwéier gedoe mam ongewinnte Boergeld. „Eng Frëndin vu menger Bom war bei de Bäcker moies an hat eng grouss Bestellung. Als Merci huet si dem Bäcker 200 Frang Drénkgeld ginn. Just datt den 200-„Frang“-Schäi giel war an e ganz neien Design hat, deen si nach ni gesinn hat. Ech mengen, dat mussen zimmlech gutt Croissante gewiescht sinn“, erzielt de Gilles.

Och de Jérôme kann direkt eng Anekdot vu senger Groussmamm zielen: „Meng Bom huet, wéi et gewiesselt huet mam Euro, am Restaurant dem Serveur 100 Euro Drénkgeld ginn, well se nach am System mat 100 Frang war – bis mir hir soten, dat wiere 4.000 Frang.“ Finanziell also éischter onglécklech fir déi eng, mee sécherlech ganz zur Freed vun aneren. Den Gianni huet virun iwwer 20 Joer zu der zweeter Kategorie gehéiert, well hie konnt direkt vun der Neiheet profitéieren: „Den Owend vu Silvester, wou s de déi éischte Kéier Euroe konnts ophiewen, war ech an de Café, mengem Papp a senge Kolleege wënschen. Et war eng eeler Generatioun, déi do gefeiert huet, an no Mëtternuecht ass ee vun hinne Suen ophiewe gaangen. Dat waren déi éischt Euroen, déi ech gesinn hunn, an hien huet mir einfach esou 20 Euro an de Grapp gedréckt, fir mir en Euro-Schäin ze ginn. Et war witzeg, well dee Moment hunn ech dat net als esou vill wouergeholl, mee dat waren déi Zäit eigentlech 800 Frang an deen Typ hätt mir nimools esou e Montant einfach geschenkt. Warscheinlech huet en a sengem Kapp nach mat Frang gerechent, mee 20 Frang sinn eppes anescht wéi 20 Euro.“

Genee ewéi dem Gianni säin nëmmen hallef fräiwëllegen Donateur sinn och vill aner Lëtzebuerger an den Deeg nom Wärungswiessel bei d’Bancomaten an op d’Banke gelaf, fir hei dat neit Geld endlech kënne selwer ze bestaunen. D’Karin huet déi Zäit an engem Guichet geschafft an erënnert sech nach gutt un d’Welle vu Leit, déi bei hinnen duerch d’Dier gaange sinn: „Ech war an der Keess vun enger Bank an all Weekend am Dezember si Sue geliwwert ginn, fir genuch Stock ze hunn. Den 1. Januar hu mir geschafft, fir datt d’Leit direkt konnten tauschen. Et war gerammelt voll, all Client ze waarm ugedoe fir dobannen, well et extreem kal war deen Dezember, an zwee vun hinne si schwaachgefall. D’Keess, déi soss vun zwee Leit gemaacht ginn ass, ass vu véier Leit ënnerstëtzt ginn, fir déi Masse vu Geld Meeschter ze ginn. Ech wäert dat ni vergiessen, et war ustrengend, mee trotzdeem schéin.“

Och haut nach daucht ëmmer mol nees e Client an enger Bank op, dee seng reschtlech Frange wëll an Euro ëmtausche loossen. Dëst ass och ëmmer nach bei der Banque Centrale du Luxembourg (BCL) méiglech, mee gëllt nëmme fir Schäiner, well zanter 2004 hëlt d’BCL keng Mënze méi un. Den 31. Dezember 2020 ware laut hirem Joresrapport nach 865.878 Schäiner mat engem Gesamtwäert vun 199.940.200 Frang am Ëmlaf – dat si ronn 4.956.388 Euro.

Wou genee d’Leit déi no all där Zäit nach verstoppen, bleift wuel nach laang e Räätsel, mee datt de Frang och haut nach d’Bezuelen zu Lëtzebuerg an an Europa präägt, bestätegt och d’Erliefnes vum Christophe: „Ech hunn dëse Summer an der Normandie nach e Bijoutier gesinn, bei deem d’Präisser an Euro an a Franséische Frangen ugi waren.“

Och bei de Scoute war den ominéise fréiere Frang nach laang en Theema, wéi d’Joëlle verréit: „Mir hunn e puer Joer nom Wiessel mat de Wëllefcher eng Zäitmaschinn gebaut an d’Kanner gefrot, wou si wéilten hireesen. Si wollten zeréck an d’Zäit, wou et nach Frange gouf. D’Kanner konnten dunn op der Tankstell ‚unseres Vertrauens‘ Saache mat Frange kafen a ware paff. Mir haten déi natierlech schonn am Viraus mat Euroe bezuelt.“ Eng eegestänneg Wärung, mat där een eeben net iwwerall an Europa bezuele kann, ass fir vill Generatiounen net eppes Selbstverständleches – dohier och d’Faszinatioun fir de gudden ale Lëtzebuerger Frang. Mee net nëmme vun deem konnten sech verschidde Leit nëmme schwéier trennen, esou d’Agnès: „Eng Frëndin vu mir, mäi Mann an ech waren eng Kéier ënnerwee fir op Tréier, wéi mäi Mann hatt op eemol gefrot huet, ob et dann och Däitsch Mark agepaakt hätt. No engem éischten O merd! huet hatt du realiséiert, datt et e Witz war, well et dës jo guer net méi gouf, an dunn hu mir all mol gutt misse laachen.“

D’Lëscht vun den Anekdoten aus dem Joer 2002 ass laang, well jiddwereen huet den Euro op seng ganz eege Manéier erlieft. Mee eppes ass awer sécher: Et war e markante Wiessel an eng Ännerung, déi definitiv Geschicht geschriwwen huet. A wärend Vereenzelter den Euro nach ëmmer als Teuro vernennen, huet déi sëlwereg Mënz mam gëllene Rand awer villes an Europa méi einfach gemaach an d’Unioun wéinstens um wirtschaftleche Plang en Tick méi no zesummegeréckelt – an eleng dat ass et dach wäert, sech nach laang un déi éischt Momenter vun deemools ze erënneren!

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.