Décke Gas am Internet

Esou digital sinn eis Bomien a Bopien

Si sinn d’Silver Surfer, déi Generatioun, déi nach ouni Smartphone, Snapchat a Co. opgewuess ass, hir Pensioun awer an der digitaliséierter Welt verbréngt. D’Rieds ass vu Senioren, op gutt Lëtzebuergesch d’Bomien a Bopien ënner eis. Wärend si fréier nach mam Chèque an d’Bank spadséiert si fir e Virement ze maachen a portabel Computere fir an d’Täsch eng Science-Fiction-Virstellung waren, huet sech den Alldag am 21. Joerhonnert verännert. Wie mat der Zäit goe wëll, dee muss digital sinn, an dat a ville Beräicher. Ma wéi fënnt een sech mat Ü70 zurecht, wa Bildschiermer de Rhythmus diktéieren an online dat neit aktiv ass? Erstaunlech gutt, wéi sech erausstellt, well al si bedeit nach laang net, datt een net méi up-to-date ass!

„Wie sech géint de Fortschrëtt stellt, deen ass doniewent!“, esou ass dem François seng Devise, wann een hien nom Ëmgang mat de modernen Technologië freet. De Fränz, wéi Famill a Kolleegen hien nennen, ass der 89, kuckt d’Noriichten um Smartphone, spillt online Mahjong a léisst sech och am héijen Alter nach gäre vu Google beléieren. Säit annerhallwem Joer huet hien e Samsung Galaxy S10 Lite – op sengem Handy mécht hien am Alldag villes – ausser telefonéieren. „Deen ass mir ze lues, ech héiere net méi gutt an da verstinn ech do näischt“, esou seng Erklärung. Fir de Fränz sinn déi nei Medien eng praktesch Manéier, sech d’Saach am Alldag méi einfach ze maachen. Sportnews ginn an der App gekuckt, Timbere fir a seng Sammlung bei delcampe.net bestallt a wann de Pensionnaire emol eng Kéier eppes net weess, da fënnt hien am Internet Rot. „Virgëschter nach hunn ech e Rezept fir Paangecher fonnt a wann elo d’Wuerzelen an Zwiwwelen aus dem Gaart kommen, da kann ech nosichen, wéi een déi am beschte versuergt“, esou den 89-Järegen. Op Facebook ass de Fränz zwar éischter fir ze virwëlze wéi fir selwer ze posten, ma och mat bal 90 wëll hien awer matkréien, wat bei den Enkelen an an der Welt esou leeft. „Am Alter kënnt een zwar net méi ëmmer esou mat, mee et muss een de Fortschrëtt akzeptéieren an ech hunn do och näischt dogéint!“

Richteg fit a Saachen Internet ass och d’Jull Del Boccio. Spontan vun hirem Fils op Facebook ënner dem Senioren-Opruff getagged, äntwert déi 76 Joer al Déifferdengerin direkt op Messenger – mat Emoji an allem, wat an een uerdentlechen Chat eragehéiert. Schonn an den 80er huet d’Bomi vu fënnef Enkelkanner sech mam Theema Computer auserneegesat, deemools nach ganz Retro mat engem Commodore. „Dat war eppes Grousses a Komplizéiertes“, seet d’Jull zu sengem fréiere Computer. Op der Schaff huet hatt net wéi all déi aner d’Pai-Ziedele per Hand ausgerechent, mee mat Excel, well dat goung vill méi séier. An och haut ass d’Jull gären effikass: „Ech liese meng Zeitung mëttlerweil an der App um iPad. Dat ass vill méi praktesch wéi den Abo all Kéiers mussen ofzemellen, wa mir fir e puer Méint an Italie fueren.“ Op d’Bank war d’Déifferdengerin scho säit Joren net méi – Viremente gi just nach mat Online Banking getätegt. Just de Sudoku an d’Kräizwuerträtsel fir säi Mann gi nach traditionell um Pabeier erausgeprint, soss ass d’Koppel awer komplett digital. „Ech hu mech vun Ufank un dofir interesséiert a si mëttlerweil och bei mengem zweeten oder drëtten iPad“, esou d’Jull. U sengem Handgelenk hänkt dann och eng passend Apple Watch, wou Messagen a Posts vun de Kanner nach méi schnell kënnen opgeruff ginn.

Virun allem wärend dem Confinement war den Internet fir d’Koppel eng grouss Hëllef, akaf gouf via Luxcaddy.lu an digital Puzzelen waren de Flip, fir d’Nomëtteger besser erëmzekréien. „Ech hunn all Spiller mat Wieder immens gär. Fréier war dat Scrabble, haut ass et eeben um Tablet“, seet d’Jull. Just mam Spellchecker konnt d’Bomi sech nach net esou richteg ufrënnen, mee dat däerfen seng Kanner him dann och mol deemnächst erklären. Generell gefält der 76-Järeger den Internet richteg gutt: „Ech hu fir mäi Gebuertsdag iwwer 150 Gléckwënsch op Facebook kritt, vu Leit aus der ganzer Welt. Dat ass scho flott.“ A wann et nëmme geet, da mécht d’Jull seng Rendez-vousen iwwer Handy aus – sief et per Reservatiounsmail un de Restaurant oder praktesch mat der Doctena-App.

Eng weider Pensionnairin, déi sech fir dat Digitaalt begeeschtert, ass d’Marie-Lou. Egal op Facebook, Instagram oder Snapchat – fir mat senge Leit a Kontakt ze bleiwen, ass der 70-Järeger keng App ze bont. Ma virun allem beim Theema Liesen huet d’Marie-Lou eng ganz kloer Preferenz: „Ech liese meng Bicher um Handy, well bei der Bibliothéik zu Esch kritt een ni eng Parkplaz a vu datt ech immens séier a vill liesen, misst ech all Kéiers fënnef bis sechs Bicher schleefen. Dat ass mir ze vill Gewiicht.“ Och am Haus leeft mëttlerweil alles iwwer eng WhatsApp-Grupp mat de Noperen a wann d’Marie-Lou eppes anzwousch bestellt, da kënnt den Digicash an den Asaz. Eent vun den Hobbye vun der cooler Boma gouf da mëttlerweil och moderniséiert: „Ech hu mëttlerweil och Pinterest well ech immens gär brodéieren an een net ëmmer Zäitschrëfte fënnt, wou déi fäerdeg Biller dra sinn. Op Pinterest ass dat Wansinn, do kritt een all Dag nei Motiver gewisen an déi kann ech dann einfach ofmolen.“ Dat Eenzegt wat hatt um ganze Ge-Internets stéiert, ass de Fait, datt een zu all Moment kontrolléierbar ass, mee dofir huet jo jiddereen de Choix, wat e wou a wéini vu sech publizéiert.

Keng Kannerfotoen op Facebook, a virun allem keng Handysucht wann een ënner Leit ass – dat ass och d’Devise vun der leschter Bomi an der Ronn. Déi 74 Joer al Pensionnairin wëll och am Interview léiwer ouni Numm bleiwen, mee soss gëtt hir den Telefon an der Posch awer e Gefill vu Sécherheet: „Ech muss owes fir bei mäin Haus e Stéck eleng trëppele wou keng aner Gebaier sinn, dat ass da scho gutt ze wëssen, datt ech ee kéint uruffe wann eppes wier.“ Den Handy ass mëttlerweil en treie Begleeder am Alldag, sief et fir de Kontostand ze kucken, mat Frënn am Ausland iwwer Facetime ze kommunizéieren oder bei ale Schoulkomeroden op Insta ze virwëlzen. De soziale Kontakt, virun allem an der Pandemie, ass et wat lackelt, an d’Méiglechkeet, schnell au courant ze sinn. „Wann meng Duechter an d’Vakanz geet an ech net méi weess a wéi engem Hotel et ass, da kann ech dat ganz einfach nosichen. An et ass een ëmmer informéiert, och elo déi läscht Woche mat de Pressekonferenze vun der Madamm Lenert. Ech si vill bei mengem Frënd an der Schwäiz a wéi ugedeit gouf, datt et nees eng Quarantän fir Leit aus Lëtzebuerg géif ginn, hunn ech op der Ambassade nogefrot a si hu mir en Internetsite uginn, op deem ech alles nokucke kann“, esou déi 74-Järeg.

Wa si net schonn e Partner hätt, da wier si och net ofgeneigt Dating-Apps ze benotzen – awer just déi fir ze bezuelen, well op Social-Media sinn hir d’Ufroe vu frieme Männer dann dach en Tick ze vill. Genee wéi d’Marie-Lou ass si och rezent op e-reading amplaz vun der traditioneller Pabeierlektür ëmgeklommen, ma dat aus guddem Grond: „Ech gouf d’läscht Joer mam groe Star operéiert a mam Kindle oder Skoobe ass et méi einfach ze liesen, well een d’Schrëftgréisst astelle kann an een och am Bett ëmmer direkt eng Beliichtung vum Bildschierm huet.“ Generell wéilt déi 74-Järeg déi nei Technologien net méi mëssen, well och si weess: „Wann s de dech net mam Internet auskenns, da bass de iergendwéi geschwënn en Analphabet an och wann ech meng Hoer nach ëmmer fierwen, zielen ech mech awer zu de sougenannte Silver Surfer!“

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.