De Lëtzebuerger Online Dictionnaire vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass aus eisem Alldag bal net méi ewechzedenken. Méi ewéi 10 Millioune Mol gouf den LOD am Joer 2022 befrot. Zënter dem Joer 2007, deemools nach an engem éischter einfache Kleed an an der Versioun 1.0, gëtt et dëst Hëllefsmëttel schonn um WWW. Säit 2015 stoung dem Notzer eng iwwerschaffte Versioun mat Rot an Dot zur Säit. Dofir verwonnert et net, datt dee „fuschneien LOD“, deen zënter Juli 2022 zur Verfügung steet, intern „LOD 3.0“ gedeeft gouf. 18 Méint Gekoschters a Gedokters waren néideg, fir deen neien LOD, an Zesummenaarbecht mat der Firma Lightbulb, ze schafen.
Mat den Adjektiver „kamoud, sënnvoll, hëllefräich, intuitiv a méisproocheg“ beschreift de Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de fuschneien LOD, an dat net vun ongeféier! Rifft een d’Säit LOD.lu a sengem Browser op, fält engem als éischt deen neien Design, deen et praktescherweis och direkt an enger heller an enger däischterer Variant gëtt, op. Zousätzlech ass och en neie Menü derbäikomm, an deen huet et a sech. Hei kann een zu all Ament geziilt op déi verschidden Informatiounen zougräifen, déi fir e Wuert am LOD ze fanne sinn. Ob d’Konjugatioun vun engem Verb, d’Synonymmer vun engem Wuert oder d’Aussprooch vum Wuert, dëse Menü huet et wuertwiertlech a sech!
Mee dat, wat an d’A fält, war dee klengsten Deel vun der Aarbecht, erzielt de Luc Marteling. Well grad ënner der Hauf an hanner de Kulisse vum LOD ass kee Steen op deem anere bliwwen, an de Lëtzebuerger Online Dictionnaire huet méi ewéi nëmmen e Grappvoll Verbesserungen an nei, intuitiv Funktioune spendéiert kritt. Am Hannergrond kënnen all d’Date vum LOD iwwer eng REST-API automatesch opgegraff ginn. Dëst erméiglecht et, geziilt ofgeruffen Donnéeën och op anere Plazen unzeweisen oder ze verschaffen. Ob Schreifhëllefen, Léierplattformen oder anerer, Méiglechkeete ginn et der eng jett, an den LOD mécht seng Dieren hei ganz wäit op a gëtt jiddwerengem d’Méiglechkeet, dat gesammelt Wëssen an enger strukturéierter Form ze verwenden. „Mir doen eis quasi plakeg aus“, esou faasst de Luc Marteling dës Funktionalitéit an engem Saz zesummen.
Weider Neierunge sinn déi verbessert Sichfunktioun, déi et erlaabt, an enger vun de fënnef LOD-Sproochen no Wierder ze sichen, an déi och wesentlech méi feelertolerant ass. Niewent där normaler Sichfunktioun gëtt et dann awer och eng erweidert Sichfunktioun, déi engem et erlaabt, mat Variabelen ze schaffen an esou zum Beispill no Reimwierder oder no Wierder mat bestëmmte Schlussbuschtawen ze sichen. Och hei sinn der Fantasie, ewéi een dës Funktioun notze kann, quasi keng Grenze gesat.
Wichteg ass dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch och de Feedback vum Notzer. Esou muencher neien Detail oder Verbesserung berout op Notzerfeedback. A genee dëse Feedback ass mam neien LOD nach méi an de Mëttelpunkt geréckelt. Mëttlerweil huet den Notzer nämlech och direkt d’Méiglechkeet, nei Wierder fir den LOD virzeschloen.
Mat den Adjektiver „kamoud, avant-gardistesch, ausbaufäeg, cool a propheetesch“ beschreift de Luc Marteling dat jéngst Kand vum ZLS, d’Schreifmaschinn.lu. „Fir esou eppes ze schafen, brauch een en Nerd an e Geek“, erkläert de Luc Marteling mat engem Laachen op der Pressekonferenz am Dezember 2022. De Geek heescht eigentlech Le Minh Nguyen a war eng Zäitchen als Student am ZLS, fir seng Masteraarbecht ze schreiwen. Betreit gouf de Geek Le Minh deemools vum Nerd, dem Dr. Sven Collette, engem Expert an der künstlecher Intelligenz. Beim Projet hat awer nach en zweeten Nerd seng Fanger, wann och nëmmen indirekt, mat am Spill – de Marc Zuckerberg! De Facebook-Grënner a säi Konstrukt aus Firmaen, Metaversum, stellen nämlech d’Open-Source-Basis mam Numm meta.ai XLS-R zur Verfügung. XLS-R ass en informatesche Modell, dee fir eng Hellewull vu Sproochaufgabe genotzt ka ginn. De Modell erkennt mëttlerweil 128 Sproochen an ass mat 436.000 Stonnen Audio-Material trainéiert ginn.
Beim ZLS ass dee komplexe Modell fir unzefänken awer mat wesentlech manner Material gefiddert ginn. 800 Stonnen Audio-Material a 16 Stonnen hypersynchroniséiert Material, wou den Text bis op de leschten Dibbelche mam Audio-Material ofgeglach gëtt, si benotzt ginn. Bis d’Fréijoer 2023 soll d’Schreifmaschinn da mat bis zu 100 Stonne Material gefiddert ginn. Am Beräich vun der Sproocherkennung am Lëtzebuergesche leescht den ZLS domat dann och Pionéieraarbecht. D’Schreifmaschinn muss an Zukunft nach villes léieren, mee leet awer gläichzäiteg de Grondsteen, fir datt an Zukunft d’Siri an d’Alexa an och all aner digital Assistenten op Lëtzebuergesch äntweren kënnen, an den Auteur vun dësem Artikel net méi selwer an d’Taste gräife muss, mee der Schreifmaschinn den Artikel kann diktéieren.
A genee esou ka jiddwereen dobaussen d’Schreifmaschinn schonn haut notzen. Schreifmaschinn.lu opmaachen an de prominente Knäppche mat der Schrëft „Braddelt an de Mikro!“ uklicken an dann … schnabbelen a babbelen. No kuerzer Zäit huet d’Schreifmaschinn d’Geschnëss an e geschriwwenen Text ëmgewandelt an dem Notzer zur Verfügung gestallt.
An trotz vill Gewudders mat Sënn a Verstand mécht och d’Ekipp ronderëm de Luc Marteling emol de Spunnes oder den Uz, an dat mam Zil, den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch nach weider ze fërderen a se als Kommunikatiouns-, Integratiouns- a literaresch Sprooch nach méi an de Mëttelpunkt ze réckelen. Dobäi hëllefen och emol witzeg Aktiounen ewéi Postkaarte mat enger Rei witzege Spréch, Schachtele mat Wierder, déi esou muncheree scho laang net méi héieren huet, oder Autocollante mat coolen a modernen Ausdréck. Dat ass décke Gas!