An der Tëschenzäit sinn och d’Aarbechte ronderëm de Vëlodukt fäerdeg. De Park um Belval ass ugeluecht, de Lift a Betrib, d’Rollstullrampe befuerbar an de Siichtschutz steet: De Vëlodukt ass 22 Méint no senger Ouverture endgülteg fäerdeg. Déi längst Vëlosbréck an Europa gouf an enger Rekordzäit vu 16 Méint gebaut, an eleng d’Bréckekonstruktioun huet – och rekordverdächteg ‒ 32 Milliounen Euro kascht. Zesumme mat den Aarbechten an der Peripherie rechent sech de Budget fir dëst spektakuläert Bauwierk tëschent Esch a Belval op stolz 47,5 Milliounen Euro.
De Vëlodukt ass wéi gesot déi längst Vëlosbréck an Europa, dat mat enger Längt vun 1,2 Kilometer, enger Breet vu 4,5 Meter an enger Héicht vu 7,5 Meter, esou datt se vu Foussgänger a Vëlosfuerer benotzt ka ginn. Se geet vun Esch iwwer de fréiere Produktiounssite vun ArcelorMittal bis op de Belval.
De Vëlodukt mécht d’Verbindung tëscht de Gemenge-Vëlospiste vun der Stad Esch am Osten an dem lokalen Netz vum Belval am Westen. D’Streck ass a fënnef Deeler agedeelt.
D’Streck fänkt an der Rue Henry Bessemer op enger Längt vu 530 Meter un, geet iwwer de Boulevard Prince Henri an da parallel an d’Strooss mam Numm „An der Schmelz“, ënner de Gleiser vun der Industrie-Eisebunn vun ArcelorMittal erduerch. Dësen Tunnel ass 22 Meter laang, 4,5 Meter breet an och 4,5 Meter héich.
Den zweeten Deel, och „Allée“ genannt, huet eng Steigung vu 5 %, bis de Vëloswee vun 1,50 Meter op déi eigentlech Bréck iwwergeet. Parallel zu dëser Ramp gëtt et südlech dervun och e Foussgängerwee, deen eng Steigung vun nëmmen 3 % huet an esou och fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit accessibel ass. Dëse Wee geet am Zickzack iwwer e mat Beem beplanzten Hiwwel.
Den Tablier vun der „Promenade“ läit op metallene Stäiler an d’Streck leeft op enger Héicht vu 7,5 Meter iwwer dem Buedem parallel zu de Schinne vun der Wierksbunn. Déi orange Säit vun der Bréck ass fir d’Vëlosfuerer, déi aner, déi moschtergiel ass, ass fir d’Foussgänger. Um Wierksterrain op der Säit vun der Bréck stinn eng Rëtsch Platanen, an d’Foussgänger an d’Vëlosfuerer beweege sech op der Héicht vun de Bamkrounen.
De Wee iwwer d’Bréck verleeft da weider an der Sektioun „Schmelz“, matzen duerch den Industriesite.
De Foussgänger steet eng Breet vun 2 Meter zur Verfügung, de Vëlosfuerer eng Breet vun 2,5 Meter. D’Enn vun der Pist ass um Belval, wou d’Vëlosfuerer dann d’Wiel hunn, déi eng oder déi aner Ramp ze benotzen, a Richtung Avenue des Sidérurgistes oder Avenue du Rock’n Roll, an och d’Foussgänger kënnen eng vun de Rampen huelen oder d’Trapen an de Lift, déi extra fir si gebaut goufen.
Zielungen iwwer d’Benotze vun der Bréck goufen tëschent dem 1. Mee an dem 31. Oktober 2023 duerchgefouert, an dobäi koum een op ronn 36.500 Vëlospassagen, also am Duerchschnëtt 220 den Dag.
Wat awer de Foussgänger direkt opgefall war, sinn d’Schwéngunge vun der Bréck. Dës sinn awer vëlleg normal. Et ginn zwou Zorte vu Brécken: liichter a schwéierer. De Vëlodukt ass eng liicht Bréck an do spillt net nëmmen d’Statik, mee och d’Dynamik eng wichteg Roll. An dësem Fall steet de Confort vum Benotzer am Vierdergrond.
D’Stad Esch-Uelzecht hat de Summer iwwer och e ganz originellen Taxi organiséiert, dee bis de 14. Oktober verlängert gouf. Mam „Vëlodukt-Ride“, enger Zort elektrescher Rikscha, konnt ee vun der Place de la Résistance an de Quartier „Universitéit“ gefouert ginn, natierlech iwwer de Vëlodukt. Dräi gratis Gefierer waren hei verfügbar an zerwéiert gouf ganz nom Prinzip: Wien als éischt kënnt, muelt fir d’éischt.
Dëse Projet war e Risenerfolleg: Et goufen 1.298 Passagéier hin- an hiergefouert, mat 753 Trajete vum Brill op de Belval a 542 Trajete vum Belval op de Brill. Dat ass en Duerchschnëtt vu 50 Passagéier den Dag, an dat mat nëmme 6 Stonne Service den Dag.
Ronderëm an hanner dem Vëlodukt gouf e flotte Park op enger Fläch vun 1,2 Hektar Land ageriicht, mat ganz ville Planzen a Gréngs, fir ze spadséieren a sech ze entspanen.
En Artikel vum Tania Hoffmann
Fotoen: @Ville d’Esch-sur-Alzette