Placeholder Dummy template

De Rambo léisst gréissen

Foto: Fabrizio Pizzolante/Editpress

Ob natierlech oder als Jus: Den Apel ass déi beléiftste Fruucht vun de Lëtzebuerger. Dräi Entrepreneren hunn sech dësem Uebst ugeholl, fir doraus Ramborn ze produzéieren: e Cider made in Luxembourg.

Ewéi esou muench aner Geschäftsiddien ass och de Ramborn bei deem engen oder anere Pättchen op enger Rees entstanen – méi genee a Schottland. Virun zwee Joer loossen déi dräi Grënner Carlo Hein, Gilles Dimmer a Gérard Bisenius an engem Pub zu Edinburgh mat engem Glas Cider den Owend auskléngen, bei deem hinnen och d’Iddi koum: Firwat dëst englescht Traditiounsgedrénks net och zu Lëtzebuerg etabléieren? Heizuland ass de franséische Cider zwar duerchaus bekannt, mee dësen ënnerscheet sech awer vum engleschen Äppelschaumwäin duerch d’Zesummesetzung vun den Äppel bei der Gärung. Aus der Schnapsiddi ass schlussendlech awer Realitéit ginn an den Trio huet sech op der Cider Academy an England ageschriwwen. Ofgesi vun der Produktioun vu Viz fir de private Genoss an der Jugend haten déi Dräi bis zu dësem Ament net vill mat der Produktioun an der Weiderveraarbechtung vun Äppel um Hutt.

Haaptbestanddeel vum Produit ass de sougenannte Rambo-Apel.

„Virun allem am Oste vum Land ginn et eng Onmass Äppelbeem, vun deenen d’Friichten net gepléckt ginn. Dës Verschwendung ass gréisstendeels dorop zeréckzeféieren, datt ëmmer manner Viz hei am Land produzéiert gëtt. Fir dësem Phenomeen entgéintzewierken, wollte mir d’Traditioun erëm opgräifen a konzentréieren eis dobäi op d’Produk­tioun vu Cider”, erkläert de Carlo Hein. Dat Besonnescht: Haaptbestanddeel vum Produkt ass de sougenannte Rambo-Apel, eng vun den 150 verschiddenen Äppelzorten zu Lëtzebuerg. Dat onbehandelt Uebst ënnerscheet sech beim Geschmaach vun den Äppel aus de Bongerten, déi een am Supermarché fënnt. Bei dësem Basisprodukt kommen nach aner Äppelzorten mat engem héijen Tanningehalt derbäi. Tannin ass e Planzestoff, deen, niewent senger positiver Wierkung op d’Gesondheet, och e markanten Afloss op d’Textur, Mondgefill vum Liewensmëttel, huet „Ganz no engleschem Virbild fermentéiert d’Produkt am Faass an den CO2-Gehalt gëtt nodréiglech eragepresst. Eis Philosophie: En natierleche Produit an dofir verzichte mir och op Konzentrater oder eng Pasteurisatioun“, verséchert de Carlo Hein. Iwweregens: Ramborn setzt sech aus der Äppelzort Rambo an dem däitschen Numm vum Dierfchen Buer (op däitsch Born), wou fréier op engem Bauerenhaff Viz produzéiert gouf, zesummen. Den Numm spigelt gläichzäiteg de Konzept vum Betrib zeréck a setzt den Akzent op eng al Traditioun, déi erëm nei oplieft. Muencheree wäert hei wuel och un de Filmheld John Rambo, dem Sylvester Stallone säin Alter Ego, erënnert ginn. Den David Morell, den Auteur vun der Romanvirlag, huet offiziell bestätegt, datt de Filmnumm duerch de Rambo(rn)-Apel inspiréiert gouf.

D’Chantal Hellers-Bisenius, d’Fra vun engem vun de Grënner, ass fläisseg mat der Recolte fir dat nächst Produktiounsjoer beschäfteg. De Rambo léisst sech am beschten an de September- an Oktoberméint eranhuelen. Mat sengem Team, dat aus sechs bis aacht Leit besteet, pléckt hatt – ausser sonndes – dagdeeglech 5000 bis 6000 Kilo Äppel. Duerch eng sougenannten “Rëselmaschinn” léisst sech d’Uebst ganz liicht vun de Beem erofhuelen an duerno oprafen. Op Palette gelagert ginn d’Äppel da bei eng Pressanlag op Mäertert gefouert. „D’Recolte wäert dëst Joer opgrond vun den dréchene Summerméint viraussiichtlech méi kleng ausfalen, mee dat beanträchtegt d’Qualitéit awer op kee Fall“, seet d’Chantal Hellers-Bisenius.

De Konzept Cider made in Luxembourg schéngt opzegoen: Schonn am éischte Joer 2015 goufen 42000 Fläsche verkaaft. De glutefräie Cider mat nidderegem Alkoholgehalt kascht 5€ d’Fläsch. Bis op e puer bekannte Bistroen, Supermarchéen an diversen Evenementer, ewéi der Schueberfouer an dem Rock-A-Field, gëtt de Ramborn-Cider prinzipiell online iwwer d’Internetsäit vun der Firma verdriwwen. Jee no Saison ginn et dräi Geschmaachsrichtungen a 50-cl-Fläschen: Déi gréng CM-Dark Editioun iwwerzeegt duerch en dréchenen, awer fruuchtege Goût. Beim giele Summerset Style gëtt englesche Cider mat lëtzebuergeschem kombinéiert, deen opgrond vum méi héijem Tanningehalt fir eng e wéineg méi batter, awer duerchaus harmonesch Nout suergt. Déi rout Farmhouse Editioun ass en Hommage un de Viz an huet een e wéineg méi kräftege Geschmaach.

„D’Ënnerstëtzunge vun der Kreeslafwirtschaft läit eis um Häerz. Bei dëser steet eng nei Verwäertung vun de Ressourcen am Fokus – anescht ewéi beim Recycling gëtt hei d’Qualitéit vum Produkt net beanträchtegt. Zum Beispill den Offall gëtt an eng Biogasanlag gefouert an dann als Dünger benotzt. Holz fënnt als Biomass eng nei Verwendung“, verdäitlecht de Carlo Hein. Och lokal Beienziichter, deenen hir Beien eng wichteg Roll bei der Bestäubung vun de Planze spillen, ginn duerch d’Produktioun vu Ramborn-Hunneg ënnerstëtzt.

Wat fir eng Ziler gi fir déi nächst Joren ugestrieft? „Mir wëllen eis Firma weider etabléieren an domat nei Aarbechtsplaze schafen. Doriwwer eraus si weider nei Produkter geplangt, ënner anerem eng 330-ml-Fläsch. Besonnesch freeë mir eis awer iwwer eisen Haff zu Buer, deen elo vollstänneg renovéiert ass. Hei kënnen d’Visiteuren niewent der Degustatioun vun eise Produkter, d’Geschicht vum Betrib noliesen an d’Traditioun vun de Bongerten entdecken“, freet sech de Carlo Hein.

Weider Infoe ronderëm de Betrib an déi mëttlerweil beandrockend Palett u Produkter fannt Dir ënner www.ramborn.lu

Text: Carole Friedrich

Dësen Artikel gouf an däitscher

Sprooch op www.revue.lu

verëffentlecht.

Dësen Artikel gouf an däitscher Sprooch op www.revue.lu verëffentlecht.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.