De Problem mam Gläichgewiicht

Work-Life Balance

Jidderee schwätzt dervun, jidderee beméit sech drëm, jiddereen hätt se gär: eng gesond Work-Life Balance. Mee wat ass dann elo genee déi ominéis Work-Life Balance, dat Gläichgewiicht tëschent Privatliewen an der Aarbecht, a wéi kënnt een an dat Gläichgewiicht?

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Aarbecht, Famill, Frënn, Hobbyen – nëmme wann all d’Beräicher vun eisem Liewen ausgeglach sinn, geet et eis gutt. Work-Life Balance bezeechent en Zoustand, an deem d‘Aarbechts- an d‘Privatliewen am Gläichgewiicht sinn. De Begrëff huet sech agebiergert, obwuel en net onëmstridden ass. D’Géintiwwerstelle vu Work (der Aarbecht) a Life (dem Liewen) setzt hei viraus, datt dat eigentlecht Liewe baussent der Aarbecht ofleeft.

Ausgläich ass de Schlëssel fir eist Wuelbefannen. Mir brauchen Zäit fir eis perséinlech Interessien, sozial Kontakter an Entspanung. Dëst ass fir jiddereen individuell!

Gerode mir aus dësem Gläichgewiicht, gëtt den Alldag zur Belaaschtung. Op laang Zäit mécht dat eis psychesch a kierperlech krank: Häerz-Kreeslaf-Krankheeten, Depressiounen, Burnout, Hiereschlag. Och Schlofstéierungen, Kapp- a Réckwéi oder Problemer mam Mo kënnen Unzeeche sinn.

Beruff a Privatliewen ënner een Hutt ze kréien ass net ëmmer einfach, zemools net an Zäite vu stänneger Erreechbarkeet an dem berufflechen a gesellschaftlechen Drock, ëmmer méi leeschten ze mussen. Schafft een ze vill, kommen de Partner, d‘Famill oder de Sport ze kuerz. Mécht een ëmmer mat Zäit Feierowend, bleift vläicht déi eng oder aner Aarbecht leien an Delaie kommen a Gefor. Mee kee kann allen Erwaardunge gerecht ginn, sief et déi eegen oder déi vu baussen.

Déi meescht Leit hunn d‘Tendenz, sech a Stresssituatiounen op d‘Aarbecht ze fokusséieren an de Sport owes sausenzeloossen oder de Kinosowend mat de Kolleegen ofzesoen. Kuerzfristeg funktionéiert dat, mee wien am Dauerstress hänke bleift a keen Ausgläich a Form vu soziale Kontakter an erhuelsamen Erliefnesser huet, verléiert op kuerz oder laang seng Leeschtungsfäegkeet.

Erfolleg a Wuelbefanne musse sech awer net ausschléissen! Prioritéite setzen, eis Aufgabe genee ewéi eis Auszäite richteg plangen, emol eng Aufgab delegéieren oder ofginn, awer virun allem léieren, positiv mam Stress ëmzegoen. Hei kënnen och Saachen ewéi Yoga oder Meditatioun hëllefen.

Vun der Work-Life Balance zum Work-Life-Blending

D‘Mobilitéit an d‘Flexibilitéit, permanent an iwwerall erreechbar ze sinn, spillen eng grouss Roll an eisem Aarbechtsalldag. Haaptsächlech nei Technologien erlaben et eis haut, onofhängeg vun Zäit a Plaz ze schaffen. Doduerch léisst sech awer d‘Grenz tëschent Aarbecht- a Privatliewen ëmmer méi op. Work-Life-Blending, d‘Verschmëlze vun deenen zwee „Liewen“, nennt sech dësen Trend. D‘Mataarbechter profitéiere vu méi Fräiheet, der Méiglechkeet, hir Zäit iwwer den Dag individuell ze plangen, a méi Motivatioun. Huet een e private Rendez-vous, erleedegt een dëse wärend der Aarbechtszäit an hëlt déi verluere Stonnen owes no. Dës Flexibilitéit reduzéiert net nëmme Stress, mee suergt och fir méi Produktivitéit – déi beschten Iddie komme bekanntlech net op der Aarbechtsplaz!

Awer net all Aarbechtsplaz bitt d’Méiglechkeet, emol vun doheem ze schaffen. Dofir kënnen och kleng Virdeeler am Betrib enorm zu dengem perséinleche Gläichgewiicht bäidroen. An hei sinn dann och d‘Patrone gefrot a sollte bereet sinn, ëmzedenken. Dat gréisst Potenzial vun engem Betrib sinn net déi modern Maschinnen, et sinn d‘Leit, déi all Dag AN, an och UM Betrib schaffen.

Hei muss et net onbedéngt de Kicker, de Flipper oder de Billardsdësch, ewéi een et aus esou munch engem Start-up oder gréisserer Firma aus dem Silicon-Valley kennt, oder de Fitness-Studio an d‘Crèche fir d‘Kanner oder d‘Hausdéiere sinn. Oft kënne scho Klengegkeeten derzou bäidroen, den (Alldags-)Stress ze reduzéieren oder ze evitéieren. Klengegkeeten, ewéi zum Beispill d‘Méiglechkeet, seng Liewensmëttel an aner Produiten online an engem Buttek ze bestellen a sech dës ouni Stress op d‘Aarbecht liwweren ze loossen, kënne ganz vill zum Wuelbefanne vum Mataarbechter bäidroen. Och d‘Méiglechkeet, deen een oder aneren Dag vun doheem aus ze schaffen an op dësen Deeg seng Zäit selwer anzedeelen, ka villes bäidroen.

Vertrauen ass hei eng Grondlag am Dialog tëschent Patron a Personal. Hei muss d’Gläichgewiicht stëmmen, fir op där anerer Säit an d’Gläichgewiicht ze kommen, däi perséinlecht Gläichgewiicht.

Jiddereen ass de Schmadd vu sengem eegene Gléck, an eeben och vu sengem perséinleche Gläichgewiicht.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.