De politesche System vu Lëtzebuerg

Einfach erklärt a flott duergestallt

D’Demokratie zu Lëtzebuerg baséiert op der Verfassung vun 1868, déi iwwer d’Joerzéngten ugepasst gouf. D’Bierger a Biergerinne wielen déi Deputéiert, déi si am Parlament representéieren an do iwwer d’Gesetzer ofstëmmen. De Groussherzog ass de Staatschef am Kader vun der Verfassung (konstitutionell Monarchie). Seng Muecht schéngt immens prägnant ze sinn a kann iwwer all Gewalte bestëmmen. An der Praxis ass d’Muecht vum Grand-Duc awer op eng symbolesch Roll begrenzt. D’Illustratioun op der follgender Säit stellt déi aktuell Situatioun a vereinfachter Fassung duer. E puer Kontrollen an Institutioune ginn net ernimmt, z. B. d’„Cour des comptes“ , déi kontrolléiert, ob d’Ausgabe vum Staat rechtlech, uerdentlech a wirtschaftlech erfollegt sinn. Et feelen och ëffentlech Ariichtungen („établissements publics“) ewéi d’Opsiicht vun der Finanzplaz („Commission de surveillance du secteur financier“) oder d’Zentralbank, déi autonom schaffen. Ausserdeem ass just den nationalen Niveau op dësem Bild berücksichtegt. Och dat kann eigentlech täuschen, well e groussen Deel vun den nationale Gesetzer z. B. duerch europäescht Recht (europäesch Richtlinnen) bestëmmt gëtt: z. B. am Ëmwelt- a Klimaschutz, an der Energie-, der Finanz- a Wirtschaftspolitik, an der Landwirtschaft oder am Konsumenteschutz. Duerch d’Abanne vu Lëtzebuerg a villen internationalen Organisatioune gëtt de Spillraum vum Lëtzebuerger Parlament weider ageengt. National Gesetzer a Reegelungen däerfe keng international Konventioune verletzen, déi Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet an un déi mir also gebonne sinn. D’Handelsgesetzer sinn z. B. duerch d’Lëtzebuerger Memberschaft an der Welthandelsorganisatioun („World Trade Organisation“) virginn, an duerch d’Abezéien an d’Nato entsti Verflichtungen am militäresche Beräich. Fir komplett ze sinn, misst op der Illustratioun och de lokalen Niveau berücksichtegt ginn, deen hei just ugedeit gëtt. D’Gemeng hëlt vill Entscheedungen, déi de Bierger direkt betreffen (Baugeneemegung, Dreckskëschten, Busverkéier asw.). Schlussendlech feelt op der Illustratioun dat spontaant politescht Element: Bierger a Biergerinne kënnen sech mobiliséieren – op der Strooss, an der Press, a sozialen Netzwierker – fir d’Politik ze beaflossen an an eng aner Richtung ze lenken. Duerch spontan Aktiounen, z. B. duerch Streiker, Petitiounen, Demonstratiounen a souguer duerch Aktiounen am digitale Raum kënnen d’Kaarten heiansdo nei gemëscht ginn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

D'Rolle vun den Acteuren am Eenzelen

Bierger a Biergerinnen

wielen hir Vertrieder fir de Gemengerot, d’national Parlament (Chamber) an d’Europaparlament. Lëtzebuerger, déi méi wéi 18 Joer al sinn an deenen d‘Walrecht net oferkannt gouf, musse wiele goen. Ënner gewësse Konditioune kënnen d’Auslänner u Gemengen- an Europawalen deelhuelen.

D’Parteien

bedeelegen sech un der Bildung vum politesche Wëllen an hëllefen, d’politescht Liewen ze strukturéieren. Am Zesummenhang mat de Wale stellen si e Walprogramm mat hire Revendicatiounen op a stelle Kandidatelëschten zesummen.

D’Medien

Si recherchéieren, informéieren d’Bierger a kommentéiere politesch Evenementer. Si kontrolléieren d‘Mandatsträger an d‘Institutionen, andeem se z. B. Mëssstänn opdecken. D’Medien hunn oft hiren eegene politeschen Agenda, wann si z. B. enger Partei nostinn oder eng spezifesch Siicht vun der Welt vertrieden.

D’Beruffskummeren

Niewent der Chambre des salariés fir Salariéen an der Chambre des fonctionnaires et employés publics fir Staatsbeamten a Privatbeamten am ëffentlechen Déngscht, gëtt et nach d’Commerce-, Handwierks- a Landwirtschaftskummeren. Laut Gesetz mussen d’Beruffskummere bei neie Gesetzer hir eegen Expertisen ofginn, oder groussherzoglechen Richtlinnen, déi haaptsächlech déi Beruffsgrupp representéiert, hir Interessen ze vertrieden. De Wirtschafts- a Sozialrot, zesummegesat vun Delegéierte vun Aarbechtsnehmer, Aarbechtsgeber a Verwaltungen, gëtt sengersäits Expertisen zu wichtegen Wirtschafts- a Sozialuerdnung betreffende Gesetzer, of.

D’Interessisverbänner

Gewerkschaften, Wirtschaftsverbänner an Netregierungsorganisatioune gewannen hir Berechtegung aus dem Engagement vun hire Memberen. Si vertrieden an der Regel spezifesch Interessien (d’Usiichte vun hire Memberen) oder behaapte vun sech d’Allgemenginteressi ouni Gewënnabsicht ze vertrieden (humanitär, sozial, ekologesch oder kierchlech Gruppen). Si versichen duerch bestëmmt Aktiounen, wéi z. B. Petitiounen, Demonstratiounen, Studien, Presseaarbecht asw. Afloss op d’Regierung an op d’Parlament ze huelen.

D’konsultativ Organer

Si gi fräi vun der Regierung bestëmmt a sollen d’Regierung an hirer Politik beroden. Fir praktesch all gesellschaftleche Beräich besteet een esou en Experte-Gremium: Vum „Conseil permanent de la langue luxembourgeoise“ iwwer den „Conseil national pour un développement durable“ an den „Conseil supérieur de la nature“ bis bei den „Conseil national de la productivité“. D’Expertise ginn op Wonsch vun der Regierung geschriwwen oder op eegen Initiativ. Si hu kee Charakter, dee bënnt.

D’Regierung

D’Regierung gëtt vun enger Majoritéit am Parlament gebilt.

  • D’Regierung schafft Gesetzesprojeten aus. Am Numm vum Grand-duc ginn se dem Parlament virgeluecht.
  • D’Regierung féiert och déi aktuell gëlteg Gesetzer aus, dat heescht d’Ministeren an d’Staatsekretäre si Chef vun hirer jeeweileger Verwaltung a suergen derfir, datt déi am Gesetz definéiert Ziler ëmgesat ginn.

De Staatsrot

Seng 21 Membere gi vum Groussherzog ernannt, awer vun de Parteien, der Regierung a vum Staatschef erausgesicht. De Staatsrot iwwerpréift, op Gesetzesentwërf net mat bestoende Gesetzer an der Verfassung a Konflikt geroden a kann duerch säin Asproch d’Parlament derzou zwéngen, Ännerungen un dësen Texter ze maachen.

D’Chamber

  • Eng Majoritéit am Parlament bestëmmt d’Regierung.
  • D’Parlament stëmmt iwwer déi vun der Regierung virgeschloe Gesetzesprojeten, no Begutuechtung vun de jeeweilege Fachkommissiounen, of.
  • Déi Deputéiert kënnen och eege Gesetzesinitiativen abréngen.
  • D’Parlament kann, mat enger 2/3 Majoritéit, d’Verfassung änneren.
  • D’Parlament ka mat schrëftlechen Ufroen (Motiounen) d’Regierung zum Handelen an enger bestëmmter Saach opfuerderen, gläichzäiteg awer och op d’Fanger klappen.

De Groussherzog

Am Kader vun der aktueller Verfassung:

  • ernennt de Groussherzog formal d’Regierungsmemberen.
  • ernennt de Groussherzog d’Riichter, entweder direkt, oder no enger Expertis vum zoustännege Geriichtshaff. A sengem Numm ginn Uerteeler ausgeschwat.
  • léist de Groussherzog formal d’Parlament op.
  • ginn d’Gesetzer a sengem Numm verëffentlecht.

D’Roll vum Grand-Duc an der neier Verfassung, déi den 1. Juli 2023 a Kraaft trëtt, huet sech geännert. Ab deem Datum gëllen follgend Upassungen:

  • De Groussherzog übt d’Exekutivgewalt gemeinsam mat der Regierung aus.
  • De Groussherzog bleift Kommandant vun der Arméi, mee de Kommando steet ënnert der Verantwortung vun der Regierung.
  • D’Verwaltung vum Groussherzog gëtt eng Rechtsperséinlechkeet.
  • D’Amtsiwwernam, d’Ofdankung an d’Regentschaft si genau gereegelt.
  • Et gëtt sech net méi op de sougenannte Pakt vun de Nassauer, wat e privatrechtlecht Dokument ass, bezunn.
  • Ginn d’Gesetzer a sengem Numm verëffentlecht.

D’Justiz

D’Geriichter decken d’Rechtsspriechung op Grondlag vun den aktuelle Gesetztexter of.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.