Iesse goe wollte mir. Meng Fra hat e Restaurant erausgesicht. Zu Biereng bei Miersch. Eng richteg flott Plaz, ewéi ech hu musse feststellen, wéi ech aus dem Auto geklomme sinn. Mat Hotel, enger Kach- a Grillschoul, enger Brasserie, jo esouguer zwou Keelebunne gëtt et hei anscheinend!
Nodeem mir frëndlech empfaange gi sinn, féiert d’Joffer aus der Receptioun eis an de grousse Sall a weist eis zwou Plazen op engem grousse ronnen Dësch. De ganze Sall steet voll mat deenen Dëscher. „Dat hei ka mir jo emol eppes ginn“, denken ech mir a lepsen u mengem Glas Cremant, dat mir, kuerz nodeem mir Plaz geholl hunn, zerwéiert kréien. Lues a lues fëllt sech de Raum an d’Leit fänken un ze schnëssen. Mir kënnt alles eng Grimmel komesch vir.
Um Nopeschdësch entdecken ech eng eeler Koppel. De Mann spillt ongenéiert mat sengem Tablet ronderëm, iwwerdeems seng Fra duerch d’Landschaft aaft. „Alt och komesch Zoustänn“, denken ech esou bei mir an huelen nach eng Schlupp vu mengem Cremant. Och déi leschte Leit kommen esou lues un an d’Dëscher si praktesch komplett gefëllt. „Gëtt och Zäit, ech hunn Honger.“ Knapps fäerdeg geduecht, lafen eng Hellewull u Garçonen duerch de Raum a stellen eis e klenge Teller mat Kannapeeën op den Dësch.
Um Dësch niewendrun entsteet am selwechte Moment eng kleng Dynamik – oder besser gesot en äusserst haarden Dialog: „Jhemp, lee dach elo emol dat topegt Spillgezei do ewech. Muss du elo och nach hei deng Nues an dat Déngen do stiechen?“ Et ass d’Fra um Nopeschdësch, déi sech hei an d’Broscht geheit. „Stupp, éischtens ass dat hei kee Spillgezei, dat ass en Tablet. Fir genee ze sinn en iPad.“ Ech froe mech, firwat déi Leit net doheem streide kënnen, sou wéi meng Fra an ech och! „An ech stieche meng Nues net doranner, ech liesen! Fir genee ze sinn, ech liesen de Konterbont!“ „Wat ass dee Konterbont do?“, froen ech mech alt, mee eng Äntwert krut ech keng méi. De Mann hieft sech vu sengem Stull a léist kuerz de ganze Raum wëssen, datt hien elo op d’Toilette geet.
Ech fir mäin Deel ka mech endlech ëm dee klenge Maufel op mengem Teller këmmeren. Oder och net. Ech hat knapps d’Chance kritt, fir mer dat gutt Stéck unzekucken a genësserlech mat der Forschett dran ze picken. „Hëllef … HËËËLLEF …“, héieren ech just nach. An der Dier vum Sall steet eng Fra a jäizt aus vollem Hals, „do läit e Mann op der Toilette, e beweegt sech net, deen ass bestëmmt dout …“. Iergendwéi kommen ech mir vir wéi an engem Film oder an engem… Krimidinner! An a genee esou engem war ech gelant!
Esou Erliefnes-Iesse kenne mir scho méi laang hei zu Lëtzebuerg, esou zum Beispill den „Dinner in the dark“. Dëse Konzept ass Enn den 1990er-Joren an der Schwäiz, am Kader vun enger Dokteraarbecht, déi duerno och zu enger Rei vun Ausstellungen ausgebaut ginn ass, entstanen an dee Konzept gouf no an no och op anere Plazen ëmgesat an ausgebaut. D’Iddi war, Familljemembere vu Leit mat enger Séibehënnerung ze vermëttelen, ewéi hir blann Matmënschen esou en Iessen erliewen a wéi déi aner Sënner beanträchtegt respektiv gestäerkt ginn. En Iessen am Däischteren ass ëmmer en Erliefnes, wien et nach net probéiert huet, sollt dat onbedéngt nohuelen.
D’Krimidinnere sinn awer hei am Land praktesch net ze fannen. Allze dacks muss een dofir an d’Ausland. Beim Krimidinner steet ee selwer mat am Mëttelpunkt a ka ganz schnell mat an d’Geschicht erageroden. D’Iessen ass interaktiv an de Krimi spillt am Sall, tëscht den Dëscher an de Still.
An noer Zukunft soll och zu Biereng erëm e Mord passéieren. Wäert Dir gären en Deel vun dëser Geschicht? Géingt Dir gäre mat erausfannen, wat dann elo mam Mann passéiert ass? A war de Mäerder nees, esou wéi deemools beim Reinhard Mey, alt erëm de Gäertner? Oder war et awer vläicht de Kach?
Hannerloosst ganz onverbindlech Är Coordonnéeën op krimi@gudd.lu an Dir gitt informéiert, esoubal deen neie Fall an d’Haus steet!
En Artikel vum Marc Wilgé