Äntwerten op dës Froe kritt een am Staatsministère, an zwar beim Manuel Dillmann. De Regierungsrot éischter Klass ass selwer säit bal 20 Joer bei de Walen hei am Land dobäi a kennt sech genau mat den Detailer aus. „D’Zesummesetzung vun engem Walbüro ass duerch d’Gesetz festgehalen. Dat ass ëmmer e President, deen huet da véier Assesseuren an nach ee Sekretär“, erkläert den Här Dillmann. Ma dës ginn och all gebraucht, well meng Stëmm an déi vun all deenen anere Walberechtegten nämlech net eréischt an der Stad gezielt ginn, mee dee Prozess schonn an deenen eenzele lokale Büroen ufänkt. „Si zielen all d’Stëmmen aus hirem Bezierk aus a maachen e Procès-verbal dovunner, deen da virun un de President vum Haaptwalbüro vun der Gemeng geschéckt gëtt. Dëse gëtt d’Gesamtresultat vu senger Gemeng dann un de Bureau centralisateur, dat ass e Gremium, dee fir all d’Wale frësch gestëmmt gëtt an deen do ass, fir d’Resultater aus de Gemengen zesummenzedroen an esou schnell wéi méiglech der Ëffentlechkeet bekannt ze ginn“, sou de Regierungsrot.
Wien den Dag vun de Walen effektiv am Walbüro sëtzt, gëtt vun uewen erof decidéiert – eng „Cascade“, wéi de Regierungsrot et nennt: „Huele mir Monnerech als Beispill: De President vum Haaptwalbüro Süden nennt de President vum Haaptwalbüro aus der Gemeng Monnerech, an deen nennt dann d’Presidente vun den eenzele Büroen. Dës setzen sech hir Ekippen da selwer zesummen, meeschtens mat Leit, déi se kennen.“ E klenge Funfact: theoreetesch kéint de President moies um Dag vun de Walen einfach Leit vun der Strooss rekrutéieren, wann elo zoufälleg säi ganze Büro op eemol krank wier. Als Bierger huet een nämlech d’Flicht, esou enger Ufro och zouzesoen. Eng speziell Formatioun dofir muss een net gemaach hunn, wéi de Manuel Dillmann verréit: „Et ass awer net vu Muttwëll, d’Gesetz eng Kéier ze liesen. Wann een dat einfach Artikel pro Artikel ofaarbecht, da kann u sech net vill schifgoen.“
Gefrot ginn ass och d’Viviane Defrang, dat mëttlerweil säit ronn 25 Joer an de Walbüroe vun der Gemeng Monnerech mathëlleft. „Deemools ware mir just zu zwee Meedercher an de Rescht waren alles Männer. Ech war ëmmer dat eenzegt Framënsch als Presidentin, dat war immens komesch“, verréit d’Madamm Defrang. Si ka mir dann och e klengen Abléck an dat ginn, wat hanner de Kulissen um Waldag leeft: „Moies, wa mir kommen, da maache mir eise Büro mol an d’Rei. Jiddwereen huet seng Tâche, ech als Presidentin zum Beispill empfänken d’Leit, de Sekretär këmmert sech ëm all d’Paperassen, aner zwee sinn am Guichet, fir déi eenzel Wieler vun der Lëscht ofzecochéieren. Dann ass een, deen op d’Walplazen oppasst, datt déi zou sinn, de Bläistëft gespëtzt ass, an dee leschte kuckt, wann d’Ziedelen an d’Urn kommen.“
Um 14 Auer ginn d’Diere vun de Walbüroen erëm zougespaart, ma da geet déi richteg Aarbecht eréischt un. „Da gëtt d’Këscht erëm ausgeschott, alles opgemaach an a Kéipercher opgedeelt, dat heescht d’Lëschten an déi Panachéiert beieneen. Awer virdru kucke mir nach, ob keng Blancen dobäi sinn oder Nullen, also wann eng Stëmm ze vill um Ziedel ass oder iergend e Mierkmol um Blat, déi ginn och fir sech“, sou d’Presidentin. Notéiert gëtt dat Ganzt vun zwee Assesseuren, weider zwee kontrolléieren. Wann alles fäerdeg gezielt ass, wanderen d’Bulletinen an déi verschidden Enveloppen an dës ginn da bei de President vum Haaptbüro aus der Gemeng gefouert.
Eng Fro, déi ech mir schonn ëmmer gestallt hunn, ass, wat dann elo mat deem ganze Pabeierkreemche geschitt. „Alleguer d’Walziedele vun enger legislativer oder enger Europa-Wal ginn un d’Chamber geschéckt, well si ass déi lescht, déi d’Resultat validéiert“, erkläert de Manuel Dillmann. Virdru gëtt awer nach eng Kéier an all Circonscriptioun nogezielt, fir datt sech och sécher keng Feeler bei der Auswäertung vun de Stëmmen aschläichen. Gehale ginn d’Bulletinen da bis déi nächst Walen, dono muss erëm Plaz gemaach gi fir déi nei Stëmmziedelen. „Ier d’Deputéiert vereedegt ginn, gëtt eng Kommissioun ad hoc agesat fir ze kucken, ob dës och wierklech en rang utile sinn, fir Deputéiert ze ginn“, sou de Regierungsrot. Reklamatioune mussen dann och un dës Kommissioun geriicht ginn, mee laut dem Artikel 57 vun der Lëtzebuerger Constitutioun ass dëst an de leschte Joerzéngten awer nach ni virkomm.
Zanter dem 20. Mäerz (Gemengewalen) an ab dem 16. Juli (Parlamentswalen) kann een dann och d’Bréifwal, also de Vote par correspondance, ufroen. Wou een dat maache kann, hänkt ganz dovun of, wou een aktuell wunnt, gewunnt huet oder gebuer gouf, well an där Gemeng kritt een déi néideg Dokumenter, fir seng Stëmm och vun ausserhalb vum Walbüro kënnen ofzeginn. Mee hei ginn et awer och ganz speziell Fäll, wéi de Regierungsrot verréit: „Et gi Leit, déi nach ni hei am Land gewunnt hunn an awer Lëtzebuerger sinn, oder zum Beispill déi aus dem Luxembourg belge. Do ass dann d’Gemeng Lëtzebuerg zoustänneg.“ D’Demande kann ee ganz einfach op papier libre maachen, via myguichet.lu oder iwwer de Formulaire, deen op all Gemengesäit verfügbar ass. Bezuele muss ee fir d’Bréifwal näischt, egal ob ee „just“ an der Belsch wunnt oder d’Enveloppe vun Honolulu aus verschéckt.
D’Bréifwal-Ziedele ginn da ganz normal mat deenen anere Bulletinen an den zoustännege Büroe vermëscht. „Et mierkt een also herno net méi, wat elo Vote par correspondance war a wat net, well soss wier d’Walgeheimnis jo net méi gewäert“, sou den Här Dillmann. Nei ass säit de Parlamentswalen 2018, datt ee keng Erklärung fir d’Bréifwal méi muss uginn, mee jiddwereen sech ka fir de Vote par correspondance decidéieren, och wann en u sech am Land ass. „Dat ass einfach, fir dat Ganzt effektiv méi demokratesch a méi oppen ze maachen. Eis Bierger hunn d’Flicht an d’Recht, fir wielen ze goen, da musse mir hinnen och d’Méiglechkeet ginn“, sou de Regierungsrot.
Och nei sinn dëst Joer d’Walschablounen, déi speziell fir Leit mat enger Aeschwächt ugefäerdegt goufen. „Dat muss een sech esou virstellen, et kritt een eng Plastiksschabloun an do kann een de Walziedel dann draleeën. Et ass u sech geduecht fir ze taaschten, also mat Braille (Blanneschrëft)“, verréit de Manuel Dillmann. Ufroe kann een dës Schabloun beim Institut pour Déficients Visuels, ma och an all Walbüro wäert um Waldag sou en Exemplar leien.
Fir d’Viviane Defrang sinn d’Walen allkéier erëm e flott Erliefnes: „Normalerweis leeft alles ganz gemittlech of, well mir d’Leit hei och kennen, déi kommen. Mir haten an der Zäit een, deen huet ëmmer eng speziell opgefouert, sief et mam Bic, sief et mam Bläistëft, sief et einfach nëmmen, fir duerch iergendeppes opzefalen. Mir wousste schonn: Wann e géif kommen, da misste mir eis erëm op eng gefaasst maachen. Mee u sech ass et ëmmer ganz flott, du kanns mat de Leit schwätzen, awer just ganz duuss, well du dierfs jo kee stéieren.“ Fir hiert Team huet d’Viviane Defrang dann och ëmmer déi eng oder aner kleng Schneekerei parat, well mat waarmem Kaffi an enger gudder Mëtsch am Mo schafft et sech einfach besser. A wann d’Ekipp am Walbüro gutt gelaunt ass, da ka wielen och sonndes moies effektiv Freed maachen.
En Artikel vum Laura Tomassini