De Georges Christen war ëmmer schonn e vill beschäftegte Mann. Hien hat déi grouss Chance, säin Hobby zum Beruff kënnen ze maachen. 1982 huet seng Erfollegsgeschicht ugefaangen. Ee Joer drop stoung hien du fir d’éischte Kéier op der Bün. Den Interessi u senger Persoun war deemools awer nach net sou grouss. „Et ass éischter zéi ugelaf“, gëtt de Powerman zou. Am August 1985 sollt dem Georges Christen, dee vu Beruff eigentlech Assurancen-Agent ass, dunn awer den absolutten Duerchbroch geléngen. Mat sengem Exploit, en Zuchwaggon 200 Meter wäit mat den Zänn ze zéien, war him e weidere Rekord fir an d’Guinessbuch gelongen. Virdrunner hat hie scho wéinst senge Weltbeschtleeschtungen international vu sech schwätze gedoen, andeems hien 269 Neel an enger Stonn gebéit an 120 Spillkaarten an zwee gerappt huet. Domadder hat hien d’Relève vu sengem Virbild, dem fréiere Lëtzebuerger Strongman John Grün, definitiv iwwerholl. „D’Attraktioun mam Waggon hat par rapport zu deenen anere Rekorder richteg ageschloen, well se immens spektakulär war. Et war eppes Ausgefalenes“, bléckt de passionéierte Sportsmann zeréck.
Vun dësem Ament u war de Georges Christen en nationale Star. Et gouf gefillt keng Veranstaltung, bei där de Kraaftsportler net als Haaptattraktioun opgetrueden ass. Virun allem op etleche lokalen Dëppefester a Sporteventer, private Feieren an nationale wéi internationale Fernsee-Showen huet hie säi Kënnen ënner Beweis dierfe stellen. „Et goung queesch duerch de Gaart, mee egal wat et war, et huet mir alles enorm vill Spaass gemaach“, verréit hien. Besonnesch an Erënnerung ass him säin Optrëtt op der Schueberfouer bliwwen, wou hien d’Riserad mat sengen Zänn 15 Meter weidergedréit huet. Geéiert huet sech de Lëtzebuerger och gefillt, wou hien Enn vun den den 90er-Joren eng Invitatioun fir eng Tëlee-Show zu Los Angeles krut, an där déi „20 gréisst Attraktioune vun der Welt“ virgestallt goufen.
Hautdesdaags ass et e bësse méi roueg ëm seng Persoun ginn. D’Euphorie huet nogelooss. Fréier war hie souwuel an den digitale wéi och an de gedréckte Medien immens present. „Dee ganzen Hype hat mech schonn iwwerrascht. Et dreemt een natierlech als klengt Kand ëmmer dovun, datt een a sengem Beruff Succès huet“, seet de Kënschtler ganz bescheiden. Datt seng Popularitéit ofgeholl huet, läit virun allem dorunner, datt hie bei der neier Generatioun net méi sou bekannt ass. „Et si meeschtens d’Elteren, déi hire Kanner dann erzielen, wien ech sinn. Dofir fillen ech mech da wéi de Kleesche fir déi Grouss, well si mech nach kennen“, seet de Power-Athlet mat engem Grinsen. Och wa säi Bekanntheetsgrad net méi sou grouss an hien elo pensionéiert ass, ass et awer op kee Fall esou, datt hie sech op déi faul Haut leet. Säi Kalenner ass nach ëmmer bis uewenhi gefëllt. Kannersendungen op der Tëlee, Optrëtter op lokale Veranstaltungen an Interviewe gehéieren nach ëmmer zu sengem Alldagsliewen. Do dernieft gëtt nach fënnef Mol d’Woch trainéiert. Just op deenen Deeg, wou hien en Engagement huet, schount hie seng Muskelen. Datt hie sech a Form hält, ass net vu Muttwëll. Ëmmerhi kënnt hien nach op eng ronn 100 Presentatiounen am Joer. Dat sinn zwar net méi grad déi Dimensioune vu fréier (120 Virféierungen am Joer), mee elo kann hie sech säi Rhythmus besser andeelen.
„Ech wiele mer elo ganz geziilt dat aus, wat ech maache wëll“, erkläert hien. An Zäiten, wou hien nach vollberufflech aktiv war, huet säi Programm, wéi schonn erwäänt, nach méi intensiv ausgesinn. Et goufe Wochen, an deenen hie quasi eng hallef Weltrees gemaach huet, fir datt hien iwwerall seng Konschtstécker weise konnt. Eng vu sengen hekteschste Wochen ass an Holland lassgaangen, duerno ass et weider a Frankräich gaangen, dunn eriwwer a China a vun do aus ass et nees zeréck op Lëtzebuerg gaangen – dat alles huet de Kraaftsportler an nëmmen e puer Deeg gemeeschtert. „Et war schonn e vollgepaakten Alldag, mee et war een einfach frou iwwert all Optrëtt, deen ee kritt huet, och wann dat vläicht um aneren Enn vun der Welt war“, gëtt de 59-Järegen ze verstoen.
Obwuel esou stresseg Aventuren elo net méi virkommen, huet sech an deene ville Joren eppes net geännert: D’Virféierungen hautdesdaags maachen him nach genau sou vill Freed, wéi dat bei sengen alleréischten Optrëtter de Fall war. „D’Haaptsaach ass, datt meng Show de Leit gefält. Dat mécht mech glécklech“, ass säi Sproch. Fréier huet hien do nach an enger Hisiicht vläicht eng Onz anescht getickt. „Als jonken Erwuessenen hunn ech et cool fonnt, wann een zu mir sot: ‚Wow, wat bass du staark.‘ Domadder huet ee sech e wéineg extra gefillt. Déi Vue huet sech awer mam Alter changéiert“, erkläert hien.
Zum Schluss kann een also eppes festhalen: D’Theema Kraaft huet hie säi ganzt Liewe laang begleet. Dobäi ass seng gréisste Stäerkt net nëmmen déi vun der Muskelkraaft, mee déi, datt hien d’Power besetzt, mat senge Konschten e Laachen an d’Gesiicht vu sengem Public, ob jonk oder al, ze zauberen. An dës magesch Kraaft besëtzt sécherlech net jiddereen.
En Artikel vum Laurent Neiertz