Den 1. Januar 1975 ass zu Lëtzebuerg e Gesetz a Kraaft getrueden, dat de kollektive Congé am Bausecteur reegele soll, an dat op Basis vun de Kollektivverträg, déi ënner de Sozialpartner ausgehandelt ginn. Dës Reegele gëllen esouwuel fir lëtzebuergesch wéi och fir däitsch Bauentreprisen, déi am Kader vu grenziwwerschreidenden Asätz zu Lëtzebuerg schaffen. Betraff sinn den Héich- an Déifbau, Sanitär-, Heizungs-, Lëftungs- a Klimatisatiounsinstallatiounen, Fassaden-, Gips- an Dréchebauaarbechten (eng genau Lëscht vun deenen Aarbechten, déi an der Kollektivcongészäit net däerfe gemaach ginn, fënnt een hei.)
Dës Zort vu Kollektivcongé ass spezifesch fir Lëtzebuerg. Et gi wuel an eisen Nopeschlänner änlech Reegelen, mee déi betreffen awer oft nëmmen eenzel Beruffssparten, awer ni e ganze Secteur. An Däitschland gëtt et kee Baukollektivcongé, a Frankräich gëtt de Congé am Bausecteur vun den eenzele Betriber zesumme mat hire Betribsverbänn ausgehandelt, an der Belsch gëtt et wuel een änleche Congé wéi bei eis, mä dee fänkt schonn Ufank Juli un. D’Fro, déi een sech natierlech stellt, ass déi, firwat Lëtzebuerg dann esou e Kollektivcongé um Bau brauch.
D’Äntwert ass séier fonnt: Wéi d’Sozialpartner an de Joren 1973 an 1974 iwwer esou eng Reegelung diskutéiert hunn, hunn haaptsächlech Italiener bei eis am Land um Bau geschafft. De Summer iwwer wollten si bei hir Familljen an hiert Heemechtsland fueren, an dowéinst gouf et um Bau ëmmer Problemer mam Aarbechtsoflaf, well an den Ekippen, déi jo aus verschiddene Beruffer bestinn, ëmmer erëm vill Leit gefeelt hunn. D’Iddi koum dunn op, de ganze Bausecteur am Summer fir dräi Wochen zouzemaachen. Wat am Ufank fir vill Opreegung an Duerchernee gesuergt huet, gëtt an der Tëschenzäit awer vun deene meeschte Betraffene begréisst.
Esou heescht et dann och dëst Joer erëm fir déi ronn 20.000 Aarbechter, déi zu Lëtzebuerg am Bausecteur schaffen, de 25. Juli d’Bëtongsmaschinn, d’Kreessee an d’Trennscheif fir dräi Wochen auszemaachen. Eréischt de 19. August 2024 däerf erëm um Bau geschafft ginn. „Et kënnen awer Ausname gemaach ginn”, sou de Jean-Luc De Matteis vom OGB-L (Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg). „Esou zum Beispill bei Aarbechten a Schoulgebaier oder a Fabricken, wou eng Produktiounslinn am Summer gestoppt gëtt an an där Zäit Ënnerhalts- oder Reparaturaarbechte musse gemaach ginn. Iwwer esou Ausnamen, déi spéitstens zwee Méint virum Kollektivcongé ugefrot musse ginn, entscheet e Gremium, dat sech aus Vertrieder vun de Gewerkschaften, vum Patronat an och vun der ITM (Inspection du travail et des mines) zesummesetzt. Do gëtt ganz genee gekuckt, ob déi ugefroten Aarbechte wierklech net eng aner Zäit am Joer gemaach kënne ginn. Et kënnt ëmmer erëm vir, datt Entreprisë versichen ze fuddelen, mee dat hu mer awer séier eraus. Oft sinn et déi selwecht Entreprisen, déi dat versichen.”
Wéi gesot, de Kollektivcongé gëtt an der Tëschenzäit vun deene meeschte Betraffenen ouni Kriticken akzeptéiert. Den Aarbechter weess laang am Viraus, wéini datt hie Congé huet, d’Entreprisë kënnen hir Aarbechtsofleef besser koordinéieren, asw. Negativ Kommentare komme sporadesch vu Bauhären, déi hiert Gebai gären esou séier wéi méiglech fäerdeg hätten. Hinne sinn dann d’Aarbechtskonditioune vun de Bauaarbechter anscheinend ganz egal. „Dann héiert een esou Spréch wéi ‘Firwat ginn déi net am Wanter an de Congé, amplaz an der Zäit, wou d’Wieder fir ze baue gutt ass?’ oder ‘Si solle Congé huelen, wann et reent’. Mee dat ass awer eng ganz kleng Minoritéit vun de Leit, déi esou schwätzen”, sou de Jean-Luc Matteis weider.
Op Säite vun de Bau-Entrepreneuren ass ze héieren, datt déi gemeinsam Congészäit esouwuel fir den Aarbechter wéi och fir d’Patronat nëmme Guddes mat sech bréngt. „D’Kompetitivitéit vun eise Betriber gëtt duerch d’Zesummefléisse vun der Congészäit gesteigert.” Op d’Fro, firwat dës Congészäit grad an den August muss falen, kënnt d’Äntwert ewéi aus der Flënt: „Fir d’Aarbechter, wat haut haaptsächlech Portugise sinn, huet de 15. August, also Maria Himmelfahrt, eng ganz besonnesch Bedeitung. Op dësem Feierdag ginn a Portugal grouss Familljefester gefeiert. Dës Traditioun soll een hinnen net huelen.”
En Artikel vum Roger Infalt