Subjektiv fale mir perséinlech do d’Klima-Unioun a Fairtrade Lëtzebuerg ëmmer erëm besonnesch op. Eng weider vun dësen Initiativen ass de Klimapakt, deem sech praktesch all lëtzebuergesch Gemengen ugeschloss hunn. Dëse Klimapakt – mëttlerweil an der Versioun 2.0 – gouf vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an d’Liewe geruff. De Klimapakt ass e wichtegen Deel vun der nationaler Klima- an Energiepolitik.
Am Kär baséiert dësen op de Krittäre vum European Energy Award. An dësen European Energy Award (EEA) geet zeréck op dräi regional entwéckelt Initiativen aus Éisträich (1998), Däitschland (2000) an der Schwäiz (2001). Déi dräi Projeten haten alleguer een Zil, an zwar Stied a Gemengen ze beroden, fir dës zu enger nohalteger Klima- an Energiepolitik ze beweegen a si fir hir Beméiungen an domat hir Virbildfunktioun auszezeechnen. Erstaunlech ass, datt et hinne gelonge war, sech eens ze ginn, hir eegen Interessen ze vereenen an doraus am Joer 2003 tatsächlech de Forum European Energy Award ze entwéckelen. Haut ass dëse Forum eng Associatioun, déi hire Sëtz zu Bréissel huet. Mat Däitschland, Frankräich, Italien, Liechtenstein, Lëtzebuerg, Monaco, Éisträich an der Schwäiz huet se aacht Memberen an doriwwer eraus zéng Bewerber, déi sech aus deene bal 2.000 Gemengen engagéieren.
Den EEA ëmfaasst e Katalog vu Moossnamen, deen eng engagéiert Gemeng bis zu engem gewëssene Grad erfëlle soll. Dozou gehéieren Ufuerderungen an de Beräicher Klima- an Energiepolitik, Klima-Upassung, Kreeslafwirtschaft oder un d’Propretéit vun der Loft.
Je nodeem, wéi vill Moossname se erfëlle kann, kritt déi jeeweileg Gemeng e gewëssene Prozentsaz un Erfolleg zougesprach. Mat 75 % erreecht een den EEA-Gold-Label. De Gold-Label däerf déi Gemeng dräi Joer droen, se däerf sech awer selbstverständlech weider engagéieren. Sou si momentan zwielef lëtzebuergesch Gemenge mat Gold bewäert, dovun aleng siwen aus dem Joer 2022. Ouni se all nennen ze kënnen, hu sech an de leschte Joren d’Gemenge Beefort, Pëtschent, Schëffleng an Tandel ganz besonnesch engagéiert.
Dobäi gëtt all lëtzebuergesch Gemeng, déi sech am Klimapakt engagéiert, vum Staat finanziell an technesch ënnerstëtzt, éiere fir – wéi extra ervirgehuewe gëtt – „d’Käschte vun de Klimaberoder ze decken“. Dobäi halen déi ëmgesate Projete seele grouss Iwwerraschunge prett. Eng Schoul oder Maison relais, déi dem Passivhaus-Standard entsprécht, Fotovoltaik op de Gemengegebaier oder méi nei Vëlosweeër fir eng duuss Mobilitéit. Dat sollt am Fong selbstverständlech sinn. Datt et dat net ass, weist, datt et nach ze vill Bierger gëtt, déi dëse Saache kritesch géintiwwerstinn, well se net an hiert Weltbild passen! Et feelt d’Sichtbar-Maache vun den Erfolleger, vun de Verbesserungen oder einfach d’Kommunikatioun mam Bierger. E Klima-Label op der Startsäit vun der Internetpresenz geet do net duer. Esouguer am Joresbericht vum European Energy Award steet näischt vun den erreechten Ziler, et gëtt nëmmen Informatiounen zur Zuel vun de Gemengen, déi deelhuelen, a vum Grad vun hirer Zertifizéierung.
Als Opruff a Saachen Energiepolitik kann den Amarsch vun de Russen an d’Ukrain gewäert ginn, mee ob en esou verstane gëtt, ass dat anert. Awer d’Campagne „Zesumme spueren – zesummenhalen!“, déi wéinst der doduerch ervirbruechter Energiekris an d’Liewen geruff gouf, geet op d’mannst an déi richteg Richtung. Och déi domat verbonnen Zousécherung, fir eis Fräiheet a Sécherheet an natierlech de Klima vu fossille Brennstoffer onofhängeg wëllen ze maachen. Datt dëst duerch déi „schnell Entwécklung vun erneierbaren Energien“ erreecht soll ginn, ass zanter Joren Theema. Datt dëst awer och duerch Energie-Spuere funktionéiere soll, ass méi schwéier ze gleewen. Gutt méiglech, datt d’Entreprisen an d’Gemengen an Zukunft dobäi wäerte bleiwen, hir Raimlechkeeten an der kaler Joreszäit manner staark ze hëtzen, well een tatsächlech Sue spuere kann. Awer bei Privatleit kann een do méi skeptesch sinn.
Änlech gesäit et mat der partieller oder kompletter Ofschaltung vun de Stroossebeliichtungen aus. Déi dacks illusoresch Sécherheet ass eis léiwer, wéi eis op eng Alternativ anzeloossen.
En Artikel vum Jörg Ahrens