E puer Minutte vun der Stad ewech fënnt een de Kinneksbond, de Kulturzentrum vun der Gemeng Mamer, deen dem Public e vilfältege Programm ubitt, deen de kulturelle Räichtum vum Groussherzogtum Lëtzebuerg demonstréiert sou wéi den Talent vun de Schauspiller, déi aus allen Ecke vum Land an driwwer eraus kommen.

De Kinneksbond presentéiert all Saison eng Ronn 40 ofwiesslungsräich Spektakelen an offréiert senge Visiteuren en Erliefnes, dat de Virwëlz ureege soll. De Kulturzenter vergësst och déi Jonk net an entwéckelt all Joer eng grouss Panoplie u Projete fir Kanner a Jugendlecher.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Mat sengem Sall fir bis zu 433 Leit ass de Kinneksbond eng Plaz, fir sech ze treffen, sech matzedeelen an zäitgenëssesch Kreatiounen an all hire Facetten ze entdecken: Theater, Danz, neien Zirkus a Musek … déi kulturell Offer vum Kinneksbond vu Mamer presentéiert dem Publikum déi vill Méiglechkeeten, mat deenen een d’Konscht vermëttele kann.

Dës Philosophie war de roude Fuedem beim Ausschaffe vum Programm fir d’Saison 19/20. Déi eng Kreatioune stellen eis Welt vun haut a Fro, aner Kreatioune verléieren sech an aner Welten – béid Approchë spillen eng wichteg Roll an der Konscht. Egal wéi, déi ugebuede Wierker hunn all eppes gemeinsam, si wäerten net ophalen, eis ze beandrocken!

© Paulo Lobo

© Alban Van Wassenhove\Kinneksbond

E puer Beispiller?

Is there Life on Mars?
Compagnie What’s Up?!
Donneschdes, den 30. Januar 2020 um 8 Auer owes.

„Is there Life on Mars?“ ass ee gutt Beispill. Dëst Stéck wierkt ewéi eng Rees an de verwurrelten Universum vum Autismus. Den Titel kléngt allerdéngs wéi eng existenziell Fro: Gëtt et aner Forme vu Liewen? Eng aner Manéier, op der Welt ze sinn?

D’Regisseurin Héloïse Meire huet Autisten an hiert Ëmfeld wärend zwee Joer interviewt. Si huet Bridder a Schwëstere kennegeléiert, déi erzielen, wéi hiren Alldag doduerch beaflosst gëtt. Eltere beschreiwen, wéi d’Behuele vun hire Kanner aner Leit duerchernee mécht oder Ofleenung provozéiert, wann si dobaussen ënnerwee sinn. Anerer, déi d’Krankheet vun hirem Bouf hu missen diagnostizéieren. Eng Mamm, déi sech freet, wat aus hirem Bouf wäert ginn, wann si iergendwann net méi do ass. Leiden, Gléck a vill Léift.

Op der Bün presentéiere véier Schau­spiller mat Helm hiert ongewéinlecht a faszinant Spill mat staarke Wierder a maachen d’Dieren an eng Welt op, bei där mir akzeptéiere mussen, datt mir net alles verstinn. D’Schauspill ënnersträicht d’Diversitéit an d’Komplexitéit vun der autistescher Welt duerch eng Vilfalt vu Behuelen, Perséinlechkeeten, Evenementer an Aussoen, déi eist Verhältnes zur Gesellschaft an eis Fäegkeet, Ännerungen ze akzeptéieren, erëmspigelen. Dat alles an engem Gläichgewiicht tëschent Eescht a Liichtegkeet

© Pedro Greig\Kinneksbond  

Robert(s)
Compagnie FreReBri(des)
Freideg, de 24. a Samschdeg, de 25. Januar 2020 um 8 Auer owes

Een anert Theema, net manner interessant: d’Ekologie! Matzen an eise Klimaproblemer stelle sech „Les FreReBri(des)“ der Erausfuerderung, e Schauspill mat engem minimalen CO2-Verbrauch opzeféieren. Wéi erzielt ee Geschichten, wann d’Geschicht selwer virum Enn vum Joerhonnert ophale géif? Bekannt fir hir interaktiv an interessant Kreatioune proposéieren „Les FreReBri(des)“, d’ekologesch Transitioun mat engem Stéck duerzestellen, dat Bezuch op d’zirkulär Ekonomie hëlt, andeems et bewosst op opwänneg Kostümer, Dekoratiounen an aner Gadgete verzicht an deelweis esouguer Energie produzéiert. Robert(s) invitéiert, den Zuch ze huelen – d’Transportméiglechkeet mat der geréngster CO2-Emissioun –, éier si hirer Wee ginn.

De Programm, Informatiounen a Reservatiounen fannt Dir op www.kinneksbond.lu

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.