Den 9. Oktober 2020 huet de Radio ARA – déi eenzeg onofhängeg Radiostatioun zu Lëtzebuerg – eng Podiumsdiskussioun organiséiert. Den Theema: Mediepluralismus zu Lëtzebuerg. D’Fro am Vierdergrond: Ass et fënnef vir zwielef an ass et eis lescht Chance, mat Reglementatiounen ewéi dem neie Pressegesetz vun 2020, fir e faire Wettbewerb um Lëtzebuerger Mediemarché ze suergen? Zënter 1969 gëtt d’Medielandschaft vum klenge Grand-Duché vun engem Haus staark dominéiert: dem RTL Lëtzebuerg, deen zur Duechtergesellschaft CLT-UFA vum internationalen RTL Group gehéiert. Sief et um Radio, op der Tëlee oder um Internet – wien um neiste Stand wëllt bleiwen, dee kënnt (quasi) net laanscht RTL. Mee wéi ass et mat deenen anere grousse Medienhaiser? Kënne si beim Noriichte-Maachen iwwerhaapt mathalen, oder hält RTL (s)eng Monopolstellung, déi dach iergendwéi net ze iwwersinn ass? Froen, déi och op anere Plazen déck diskutéiert ginn.
Fir d’drëtte Kéier gouf 2020 den internationale Media Pluralism Monitor publizéiert, deen op europäeschem Niveau analyséiere soll, wéi et an all Land ëm d’Vilfältegkeet vum Mediemarché steet. Den Dr. Raphaël Kies an de Mohamed Hamdi vun der Uni Lëtzebuerg ware responsabel, fir d’Situatioun zu Lëtzebuerg ze beschreiwen an hunn hir Resultater an engem ëffentleche Rapport matgedeelt. Als iwwerraschend räich bezeechnen déi zwee Professeren d’Medielandschaft vum Grand-Duché. Mat fënnef Dageszeitungen, enger Gratis-Zeitung an enger Partie Magasinner ass de Printsecteur wuel deen diversifizéiertsten am Land; direkt hannendru kënnt d’Radio-Branche, déi sech aus siwe private Senderen an dem 100,7, deen als soziokulturelle Sender eng ëffentlech Missioun ze erfëllen huet, zesummesetzt. Mee och op der Tëlee huet Lëtzebuerg esou munches ze bidden: hei deelen sech véier Lokalsenderen an zwee national Broadcaster d’Opmierksamkeet vum Public.
Et däerft een awer net iwwersinn, datt trotz iwwerflächlecher Diversitéit eng staark Konzentratioun um Marché besteet, heescht et am Rapport, well de Gros vum Printsecteur am Land zu nëmmen zwee Verlagshaiser gehéiert – Editpress a Saint-Paul –, wärend déi gesamt audiovisuell Branche vun RTL dominéiert gëtt. Op d’Fro, ob RTL par rapport zu deenen anere Gruppen dann eng Monopolstellung vertrëtt, äntwert de Raphaël Kies: „De Fait, datt RTL esouwuel um Radio ewéi och op der Tëlee an online present ass, féiert dozou, datt hir Positioun sécherlech a gewëssener Hisiicht renforcéiert gëtt.“ Et ass wouer, datt RTL méi wéi visibel ass, wann et ëm d’Distributioun vun Informatiounen an Aktualitéiten geet. Mat News an dräi Sproochen duerch d’Online-Plattformen RTL.lu, RTL Today op Englesch an dem franséischsproochege 5minutes.lu, erreecht de Grupp e Gros vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an ass domat Leader, wat d’Verbreedung vu schnellen Informatiounen ugeet.
Doniewent erfëllt RTL eng ganz spezifesch Missioun, wéi de Chefredakter an Informatiounsdirekter Guy Weber erkläert: „Mir si mat deen eenzege Grupp am Land, deen der Neutralitéit verflicht ass. Mir si weeder un eng Gewerkschaft, nach un eng Partei oder Institutioun gebonnen a maachen eis Berichterstattung neutral an objektiv.“ Eleng schonn duerch de Konzessiounsvertrag mam Staat hätt ee gewëssen Obligatiounen an dëst op dräi Niveauen: informéieren, erklären, an – wa méiglech – opdecken. Et wier een eng Aart „Spigelbild vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, ouni Tabuen a politesch equilibréiert, esou datt jiddwereen och zu Wuert kënnt“. D’Positioun an der Presselandschaft ass laut dem Guy Weber net onbedéngt eng vum Monopol, mee éischter eng, déi op gewëssen Erfarungswäerter baséiert: „Kuckt een elo déi klassesch Medien, da gesäit ee bei der Tëlee, datt et eng Rëtsch Lokaltëleeë gëtt an een Nationalsender, dat ass den RTL. Mir besetzen do natierlech zanter laangem en Terrain, wat awer an der Radiolandschaft schonn erëm ganz anescht ass. Hei mécht zum Beispill den 100,7 eng ganz gutt Aarbecht, mee en général sinn einfach bestëmmte Frequenze besat an den Duerchschnëttsbierger kann eraussichen, wat e lauschtert a wat net. Et kann een also soen, datt mir op eng gewësse Manéier e Monopol hunn, mee awer och eigentlech net, schonn eleng duerch de Fait, datt d’Hallschent vun der Lëtzebuerger Populatioun net Lëtzebuergesch schwätzt an tëschent de Senderen hin an hier zappt, vu datt mir jo och vill auslännesch Chaînen empfänken.“
Dëst wier Enn vun den 80er-Joren nach ganz anescht gewiescht, deemools hätt de Guy Weber ganz kloer d’Fro no der Monopolstellung vun RTL ënnerschriwwen. „Wéi ech a mengem Job ugefaangen hunn, gouf et nach keng deeglech Tëlee an och keen 100,7. Deemools hat RTL ganz kloer eng Monopolstellung“, esou den Informatiounsdirekter. Haut awer géif den Nolauschterer oder Spectateur entscheeden, wat e consomméiert an et wier ee just ee vu ville Puzzlestécker an der Medielandschaft vu Lëtzebuerg. „Et ass ee jo och net forcéiert, déi an déi Zeitung ze liesen“, seet de Guy Weber. Eng Gefor fir jiddweree gesäit den RTL-Chefredakter an de soziale Medien, well duerch dës de Professionalismus an d’Kredibilitéit vum Beruff staark an d’Bredouille bruecht géifen: „Ech gesi manner e Problem an der Monopolstellung ewéi wat d’generellt Vertraue vum Public ugeet.“
Dës sinn och Gedanken, déi d’Ines Kurschat, Presidentin vun der „Association luxembourgeoise des journalistes professionnels“ (ALJP) beschäftegen. Duerch den Ëmschwong eriwwer an dat Digitaalt misst ee sech op nei Challengë gefaasst maachen, mee virun allem Traditiounshaiser hätten dacks mat de Changementer ze kämpfen: „Digitaliséierung ass ëmmer mat Käschte verbonnen an ech hoffen, datt do net versicht gëtt, Lounkäschten anzespueren, wouduerch gudde Journalismus kéint verluer goen.“ RTL hätt seng Online-Publikatioune schonn ëmmer gutt gemanaged an den digitale Content un dee vum audiovisuelle gekoppelt. D’Konkurrenz wier mëttlerweil awer méi grouss ginn, och wann nach net jiddwereen de Sprong an déi nei Mediewelt gepackt huet. „Nach net all d’Leit sinn eriwwergeswitched a vill Online-Versioune vu Printproduite sinn nach ëmmer hanner enger Paywall. Et stellt sech do och d’Fro vun de Reklammen; ee vun den erfollegräichste Modeller déi mir do à part vun RTL aktuell hunn, ass dee vu Reporter, déi komplett ouni Werbung funktionéiert“, esou d’ALJP-Virsëtzend.
Wie kompetitiv wéilt sinn, dee misst hautdesdaags crossmedial verdeelen, a wien dat scho säit Laangem kann, ass – alt erëm – den RTL. Wärend déi zwou gréissten Dageszeitunge vum Land – d’Tageblatt an d’Luxemburger Wort – scho säit Jore mat Lieserzuelen, déi erofginn, ze kämpfen hunn, „schloen sech anerer daper, an dat op méi ewéi nëmmen engem Kanal. Den RTL.lu an den essentiel.lu stieche kloer eraus, wann et ëm d’Unzuel vun eenzele Browsere geet. Dobäi muss ugemierkt ginn, datt RTL Deeler vu L’Essentiel besëtzt“, heescht et am Rapport vun den Uni.lu-Dozenten. Dëst confirméiert och de Guy Weber: „RTL an L’Essentiel sinn online schonn eng Partie Joren ënnerwee an hu permanent Updatë gemaach. Fir an der digitaler Presselandschaft hei am Land en neit Kapitel opzeschloen a Fouss ze faassen, ass a mengen Aen immens komplizéiert, einfach well den Terrain scho besat ass.“ Mat RTL.lu, essentiel.lu a wort.lu wier de Konsument eigentlech tipptopp bedéngt a just reporter.lu hätt et bis elo gepackt, eng Nisch ze fëllen a sech beim Lieser als investigative Medium ze bewären, esou den Informatiounsdirekter.
Besonnesch ëm d’Produite vu Saint-Paul mécht sech d’Ines Kurschat an deem Kontext Suergen, well duerch d’Entloossunge vun de leschte Jore géif een an der ALJP e gewëssene Substanzverloscht am Journalismus fäerten: „Spannend ass virun allem d’Fro ëm de Lokaljournalismus, grad well Dageszeitungen doran eng Nisch halen.“ Wéi et ëm d’Zukunft vun Editpress – déi sech als lescht um digitale Maart etabléiert hunn – ausgesäit, wéisst een den Ament nach net, mee generell géif et medientechnesch schonn e bëssen „ans Eingemachte“ goen, mengt d’Ines Kurschat. De Secteur wier ugeschloen an et misst ee sech froen, wéi een iwwerhaapt nach jonk Talenter fir de Journalismus rekrutéiert, wann emol net déi grouss etabléiert Traditiounshaiser mat hirem Expertisevirsprong par rapport zu neie Projeten nach Karriärsméiglechkeete géife bidden. Wat d’Positioun vun RTL ugeet, do gesäit d’ALJP-Presidentin d’Situatioun méi geséchert: „Historesch gesinn hat RTL schonn ëmmer audiovisuell an och Internet-Produkter an ass doduerch natierlech am meeschte besicht. Et gëtt och ganz kloer eng Konzentratioun beim RTL Group, zemools mat der Fro vun de Parte vun Eldoradio, déi fréier Editpress gehéiert hunn, elo awer bei der CLT-UFA leien, wouduerch si kompletten Einzelhalter sinn.“
Ma et misst ee Lëtzebuerg awer anescht diskutéieren ewéi aner Länner, dat betounen esouwuel d’Ines Kurschat ewéi och de Guy Weber. Am Verglach zum Ausland wier Lëtzebuerg eng mëttelgrouss Stad an eigentlech wier d’Presselandschaft scho relativ breet gefächert. Fir vill vun den traditionelle Medie war et an de leschte Joren trotzdeem dacks wackeleg, dëst meeschtens aus finanzielle Grënn. Esou huet déi franséisch Wochenzeitung Le Jeudi am Summer 2019 hiren Drock agestallt, an och beim Radio 100,7 gëtt et ëmmer nees intern Spannungen, déi fir Bedenke suergen. Sech géint den RTL um Niveau vum Fernsee duerchgesat krut bis ewell nach keen, d’Konkurrenten Tango a Wort hate schnell nees mat hirer Ausstralung opgehalen. „Am audiovisuelle Beräich gouf et zwar mol Projeten, mee Tëlee maachen ass mat héije Käschte verbonnen an nëmme schwéier finanzéierbar“, esou de Guy Weber. E Facteur, deen an deem Kontext sécherlech eng zentral Roll spillt, sinn d’Subsiden, déi all Medienhaus vum Staat ze gutt huet. Zënter 1976 gëtt et staatlech Hëllefe fir de Print, duerch d’Reforme vun 1998 an elo koumen och nach Hëllefe fir anerer dobäi.
Mee och hei huet RTL eng ganz besonnesch Positioun, well als Nooriichtevermëttler huet de Grupp eng ëffentlech Missioun, déi och vum Staat matfinanzéiert gëtt. Duerch en neie Konzessiounsvertrag krut d’CLT-UFA, zu där RTL gehéiert, eng 10 Milliounen Euro fir 2021 bis 2023 zougesprach. Eng Hëllef, déi bei anere fir Onmutt suergt an d’Fro opwërft, ob een als staatlech subventionéiert Medienhaus net Virdeeler géigeniwwer aneren huet. Dës Bedenke wëllt de Guy Weber awer en rapport setzen: „Et steet einfach eng Zuel am Raum, mee dës muss een a Relatioun kucken, well da gesäit een, datt zum Beispill den 100,7 och ëm déi 7 Milliounen un Hëllef kritt.“ Duerch déi nei Pressehëllef gëtt sech am Journalistemilieu Besserung erhofft, well méi finanziell Mëttele fërderen och méi Produktivitéit an domat Kompetitivitéit, esou d’Ines Kurschat ofschléissend: „Ech menge schonn, datt et Sputt gëtt, mee dat Ganzt ass e relativ duerchwuessent Bild. Natierlech huet RTL eng gewësse Monopolstellung, déi eleng schonn duerch d’Tëlee, déi si hunn an aner net, nëmme schwéier opzebriechen ass. Et geet och net drëm, dee Virsprong anzehuelen, mee Nischen niewendrun auszefëllen, an dora gesinn ech definitiv eng Chance.“
En Artikel vum Laura Tomassini