Ee Bléck zeréck
Notzgäert hu joerhonnertelaang d’Liewe vun ville Mënsche gepräägt, ware Plaze vun der Aarbecht, heiansdo och vun der Erhuelung an hunn oft een elementare Bäitrag bei der Liewensmëttelversuergung geleescht.
Nom Zweete Weltkrich bis zur éischter Weltwirtschaftskris am Joer 1973 hu Wirtschaftswuesstem, industriell Landwirtschaft an de globalen Handel zu volle Regaler an de Supermarchéë gefouert. Et waren op eemol all erdenklech Geméis- an Uebstzorten ze kréien, an dat iwwerall, zu all Zäit an zu extrem nidderege Präisser. De privaten Notzgaart gouf der „Bomi hire Gaart“ an ass lues a lues vun der Bildfläch an aus dem Aarbechtsalldag vu ville Mënsche verschwonnen.
Haut léisst sech a villerlee Hisiicht vun enger Renaissance vum Notzgaart schwätzen. Eng nei Generatioun kënnegt sech un a fënnt ënner Begrëffer wéi „Urban Gardening“, „Community Garden“ oder „Garden Sharing“ ëmmer méi Uklang an eiser Gesellschaft.
Wat ass e Gemeinschaftsgaart?
E Gemeinschaftsgaart ass fir d’alleréischt emol eng Fläch, déi zesumme bewirtschaftet gëtt an de Gäertner eng gesond Recolte, Léierméiglechkeeten a sozial Interaktioun bitt. Niewent der Gaardenaarbecht kënnen och oft aner Aktivitéite beschwat an organiséiert ginn, wéi z.B. d’Verwäertung vun der Recolte (z.B. Konserven, Jus, Sauerkraut, Botzen an Tausche vu Geseems).
Déi genau Notzung, Zesummesetzung a Funktiounsweis vu Gemeinschaftsgäert ka staark variéieren an hänkt ëmmer och vun den ausgehandelte Regelen of, op déi sech d’Benotzer gëeenegt hunn. Sou ginn et Gemeinschaftsgäert, wou d‘Produktioun vu gesondem Iessen am Mëttelpunkt steet. Anerer hunn den Naturschutz, pedagogesch, therapeutesch oder wëssenschaftlech Zwecker als Prioritéit. E Gemeinschaftsgaart verfollegt dobäi ëmmer ee gemengnëtzegen Zweck, en huet also kee maartwirtschaftlechen, wettbewerbsorientéierte Charakter.
De Kontext vun haut
An enger Gesellschaft, déi sech ëmmer méi duerch Individualiséierung, Beschleunegung an Ökonomiséierung charakteriséiert, seent sech den eenzele Mënsch no Selbstwierksamkeet, Entschleunegung a Verbonnenheet. Schaffen am Gemeinschaftsgaart steet fir eng Aktivitéit, déi een zesumme mat de Mënschen aus der Géigend an a mat der Natur praktizéiere kann. D’Sënnhaftgekeet läit an der Freed u physescher Betätegung, dem onmëttelbare Kontakt mat der Natur an dem Deelhuelen un engem Gestaltungsprozess mat engem konkreeten a prakteschen Notzen, nämlech der Versuergung mat frëschem Geméis.
Och esou munche Skandal am Beräich vun der Liewensmëttelproduktioun huet dem Vertraue vum Konsument uerg zougesat an dozou gefouert, dass esou muncheree léiwer selwer erëm säi Geméis uplanzt, fir sécher ze sinn, wou a wéi et hiergestallt gouf.
De Gemeinschaftsgaart an der eko-sozialer Transitioun
De Gemeinschaftsgaart ass e Projet, dee ganz am Sënn vun der Iddi „Think Global – Act Local“ probéiert, nees regional Kreesleef a Gang ze setzen. Am Beräich vun der Ekonomie steet de Gemeinschaftsgaart fir eng lokal Selbstversuergung vun Uebst a Geméis. Et gi lokal Zorte kooperativ ugebaut a giess, déi ee konkrete Bezuch zur Regioun a Saison hunn. Sou eng Iessensproduktioun zeechent sech duerch kuerz, klimafrëndlech a ressourcëschounend Weeër aus an dréit dozou bäi, d’Verbëtze vu Liewensmëttel ze reduzéieren. Am Beräich vun der Ekologie steet de Schutz vu Buedem a Biodiversitéit am Virdergrond. Et geet drëm, ouni Pestiziden ze schaffen an d‘Biodiversitéit am Gaart ze erhéijen, andeems wëll Blummen, Insekten, Vullen an aner kleng Liewewiesen, déi ëmmer méi aus de Stied an de Felder verschwannen, och hir Plaz am Gaart fannen. De Buedem gëtt mat biologesche Methoden gefleegt, Kompost aus organeschen Offäll ageschafft an Dünger aus Planzenextrakter hiergestallt. De nohaltegen Ëmgang mat Ressourcë gëtt am Sënn vum Recycling duerch d’Opfänke vu Reewaasser zur Bewässerung vum Gaart praktizéiert.
Duerch d’Schafe vu ville klengen, naturnoen Aktivitéite leescht de Gemeinschaftsgaart niewent Projete wéi der solidarescher Landwirtschaft oder Energiekooperativen e wichtege Bäitrag fir d’Resilienz vun eisem Wirtschafts-, Öko- a Sozialsystem ze erhéijen. Als Uert vun der Begéinung an der Experimentéierung ass de Gemeinschaftsgaart ee wichtegen Deel vun der eko-sozialer Transitioun hin zu enger Gesellschaft, déi méi onofhängeg vun fossillen Rostoffer ass, hiert Iessen souverän produzéiert an dobäi méi kooperativ, solidaresch an partizipativ Systemer entwéckelt.
Sozial a pedagogesch Aspekter
Gemeinschaftsgäert sinn Uerter vum gemeinschaftlechen Handelen an Deelen. Dat sozialt Mateneen ass ee wichtegen Aspekt vum gemeinschaftleche Gäertneren. Den Austausch ronderëm de Gaart bréngt d‘Leit nees zesummen a fërdert de Respekt, d‘Verständnis an d‘Toleranz vis-à-vis zu Mënschen, déi anescht sinn, opgrond vun hirem Alter oder hirer sozialer a kultureller Hierkonft. Se treffen hei openeen a léieren, wéi se sech am beschten uleeën, fir dass um Enn bléiend Wisen a gesond Geméis entstinn. Jidderee kann op seng Aart a Weis a mat senge Stäerkten dozou bäidroen. De Jonke mat sengem Elan, senger kierperlecher Fitness, den eelere Mënsch duerch säi Wëssen a seng Erfarung, ënnerschiddlech Kulture bréngen ënnerschiddlech Methoden, Wëssen a Rezepter mat.
Niewent den ekologeschen an ekonomeschen Aspekter bitt ee Gemeinschaftsgaart also villfälteg Méiglechkeeten, d’Erliewe vun dem aktiven a solidaresche Mateneen ze stäerken. Ee Beispill heifir sinn intergenerationell an interkulturell Gemeinschaftsgäert, wou d’Gäertnere bewosst als ee Mëttel agesat gëtt, fir sozial Kohäsioun ze fërderen. Net ze lescht sinn och Schoulgäert Gemeinschaftsgäert. An der Aarbecht mat Kanner léisst sech ee Schoulgaart asetzen fir d’Fërdere vum ekologesche Bewosstsinn duerch eng adaptéiert a praxisorientéiert Natur- a Gaardepedagogik. Kanner kommen esou a Kontakt mat biologeschen an ekologesche Prozesser ronderëm d‘Produktioun vun Liewensmëttel, andeem se beispillsweis d‘Gromper setzen, hiewen, eranhuelen a verschaffen. Iwwer d‘Kultivéiere vum Geméis komme Kanner a Kontakt mat Theeme wéi Buedemschutz, Ressourcëverbrauch, gesond Iessen a Kachen.
Gemeinschaftsgäert zu Lëtzebuerg
Hei zu Lëtzebuerg gouf et d‘lescht Joer eng éischt Initiativ vum Nohaltegkeetsministère fir d‘Entstoe vun Gemeinschaftsgäert bewosst ze ënnerstëtzen, andeems an Zesummenaarbecht mam Lycée Technique Agricole an dem CELL (Centre for Ecological Learning Luxemburg) eng Formatioun iwwer een halleft Joer ugebuede gouf, fir Gemeinschaftsgaartbetreuer auszebilden. De CELL huet dann och viru Kuerzem eng Internetsäit online gesat – www.eisegaart.cell.lu – wou déi existéierend Gemeinschaftsgäert sech kënne virstellen, ënnerenee vernetzen an Interesséierter een Iwwerbléck kréien, wat an hirer Ëmgéigend leeft. Doriwwer eraus gouf ee „Projet de Recherche Citoyenne“ lancéiert, wou Gemeinschaftsgäert sech der wëssenschaftlecher Erfuerschung vu Gaardentechniken an hiren Effekter widmen.
En Artikel vum Philippe Schumann
Wat ass den CELL?
„CELL ass eng Non-Profit Organisatioun, déi en experimentelle Raum fir d’Denken, d’Fuerschen, d’Verbreeden an d’Praktizéiere vu Liewensstiler mat geréngen Auswierkungen op d’Ëmwelt an d’Léiere vu Fäegkeeten zur Schafung vu widderstandsfäeger Post-Carbon-Gemeinschafte bitt. (…) CELL ass inspiréiert vun der Aarbecht iwwer sougenannten Transition-Towns an der Permakultur-Beweegung an huet als Zil, d’Kultur an d’Wirtschaft ze relokaliséieren an an dësem kreative Prozess d’Widderstandsfäegkeet géigeniwwer de Follege vum Peak Oil, also dem globale maximum vun der Uelegfërderung an dem Klimawandel ze verbesseren. Nieft dem Opbau vun engem Transitiounsgrupp bedreift CELL Bildung a Fuerschung um Gebitt vum nohaltege Liewen.“ (www.cell.lu)
www.eisegaart.cell.lu: Hei fannt Dir en Iwwerbléck vun alle bestoende Gemeinschaftsgäert am Land a méi Informatiounen zum Projet de Recherche Citoyenne.