Um Wee fir bei de Georges Calteux, deen zu Iechternach wunnt, hunn ech de Mann permanent virun Aen. Als Journalist hunn ech hien awer ëmmer nëmmen als Direkter vum Service des sites et monuments nationaux kannt, e Posten, deen hie vun 1982 bis 2004 bekleet huet. Kuerz dono setzen ech dem Georges Calteux géintiwwer a léieren déi vill Facettë vun deem haut 85-järege Mann kennen.
„Gitt laanscht d’Haus de Wee erof, niewent der rouder Paart ass d’Dier vu mengem Mann sengem Büro“, sou dem Georges Calteux seng Fra, déi mir d’Dier opmaache komm ass. Matzen an Honnerte vu Bicher a Broschüre sëtzt de Georges Calteux virun sengem Computer. „Ech si gläich fir Iech do, ech muss nach just enger Fra vu Malberg aus der Äifel äntweren. Et geet dorëmmer, datt d’Schlasshäre vun Useldeng Famill ware mat deene vum Schlass vu Malberg.“
1936 an der Stad Lëtzebuerg gebuer, huet de Georges Calteux laang zu Useldeng gewunnt. Hien huet do och wärend ronn 30 Joer Fussball gespillt, wéi e mer direkt mat engem Laachen erzielt. „Dat war esou eng flott Zäit, dat kann een sech haut net méi esou richteg virstellen.“ Hien erënnert sech mat engem breede Laachen och un déi vill drëtt Hallschente vun de Matcher, déi am Café Elsen „gespillt“ goufen.
„Ech hu mäi ganzt Liewe vun all deene Kontakter profitéiert, déi ech am Laf vun deenen 30 Joer Fussball geknäppt hat. Ech mengen, ech hu wéinstens eemol op all Fussballsterrain gespillt, déi et déi Zäit zu Lëtzebuerg gi sinn, an dobäi hunn ech Honnerte vu Leit kenne geléiert. Nach haut denken ech gären un déi Zäit zeréck“, sou de Georges Calteux, deen iwwer dem Schwätzen opsteet a mir e 430 Säiten déckt Buch schenkt, dat hien zesumme mat Kolleege fir de 75. Jubiläum vum Useldenger Fussballsclub geschriwwen huet. „Dir hutt jo och laang Fussball gespillt, da mécht Iech dat Buch do bestëmmt Spaass beim Liesen.“
Gläich dono weist mäi Gespréichspartner op en herrlech schéine Schaf, deen hien am Büro stoen huet. „Deen huet e Calteux am Joer 1774 gemaach. D’Calteuxen, déi hir Wuerzelen an der Champagne hunn, si säit 1715 am Land a ware Konscht- a Kiercheschräiner iwwer vill Generatiounen ewech. Mäi Papp war deen éischten, deen dee Beruff net méi ergraff huet. Et war zu deem Moment och keng Nofro méi do. Hien huet sech doropshin entscheet, Véidokter ze ginn.“
„Mee“, sou de Georges Calteux direkt am nächste Saz, „mäi Papp konnt esou gutt zeechnen, datt ech duerch hien de Spaass doru fir mech entdeckt hunn. Ech wollt dunn Zeecheproff ginn. No dem Premières-Examen am Iechternacher Kolléisch sinn ech op d’École des Beaux-Arts zu Nanzeg, dono op d’Académie des beaux-arts zu Bréissel a spéider op d’Akademie für bildende Künste zu Wien studéiere gaangen.
Zu Iechternach war ech fir d’éischt Stagiaire an dono Proff op enger Sektioun Archéologie et histoire. Meng fräi Nomëtteger hunn ech dermat verbruecht, datt ech op Mompech eng réimesch Villa ausgruewe gaange sinn. Dat hunn ech zesumme mat Schüler a Schülerinne gemaach. Nodeems RTL deemools eng Reportage iwwer déi Ausgruewunge bruecht hat, krut ech deen aneren Dag en Uruff vum Büro vum deemolege Kulturminister Robert Krieps. Et huet geheescht, ech misst direkt an d’Stad kommen. Ech hu gemengt, ech kréich eng op den Deckel, mee et koum ganz anescht. De Robert Krieps huet gesot, hie géif gären e Service des sites et monuments nationaux grënnen an ech soll do de Chef ginn.“
„Musek spillt och eng grouss Roll“
A senger neier Funktioun ass de Georges Calteux dunn duerch d’ganzt Land gezunn an huet, wéi hie selwer seet, „gepriedegt“. „De Robert Krieps hat mer mat op de Wee ginn, ech soll de Baueren ënner anerem soen, si sollen endlech ophale mat den Aluminiums-Dieren an de blechenen Diecher.“ De Calteux Georges huet sech ganz séier bis wäit iwwer d’Grenze vum Land ewech en Numm gemaach, wat d’Restauréieren an d’Erhale vun historesche Gebaier ubelaangt. Fir seng grouss Verdéngschter och am däitsche Raum ass hien z. B. vum deemolege Bundespresident Richard von Weizsäcker mam „Grosses Bundesverdienstkreuz“ ausgezeechent ginn.
An de Joren 1997 bis 1999 huet hie bei den Éditions Phi och dräi Bicher-Bänn mam Titel „Lëtzebuerger Bauerenhaus“ erausginn. Et sollt awer net bei dësen dräi Bicher eleng bleiwen.
Am Liewe vum Georges Calteux spillt och d’Musek eng grouss Roll. „Ech spillen och haut nach ëmmer an der Iechternacher Musek a sinn och bei den Troaterbattien engagéiert. Ech hoffen, datt mer mol geschwënn erëm kënnen e Concert spillen.“ Seng Léift fir d’Musek hat hien och dozou beweegt, sech bei der Organisatioun vum Iechternacher Festival ze engagéieren. Hie war och laang Zäit President vum Iechternacher Kultur-, Tourismus- a Kongresszenter Trifolion.
Ween elo mengt, de 85-Järege géif sech lues awer sécher zur Rou setzen, deen huet d’Rechnung ouni de Georges Calteux gemaach. Hie plangt nach u weidere Bicher, déi an deenen nächsten dräi Joer sollen erauskommen; dobäi sollen och verschiddener vu senge scho verëffentlechte Bicher iwwerschafft ginn. Um Programm stinn och nach Referater zum Theema Erhale vun historesche Gebaier an och iwwer Schlässer a Buergen hei zu Lëtzebuerg an och am Ausland. „Last but not least“ erzielt den Haushär eis och nach vu „Goodwill“-Projeten, un deenen hie matorganiséiert an natierlech och vum Jubiläum vum Iechternacher Fussballsclub, wou hien sech och engagéiert huet.
No engem ganz agreabele Gespréich vu bal zwou Stonne verloossen ech de Georges Calteux, deen ech op dësem Päischtsamschdeg eigentlech eréischt richteg kenne geléiert hunn. Hien huet mir bestëmmt nach net alles gesot, awer ech krut en Abléck an d’Liewe vun engem a ville Beräicher ganz engagéierte Mënsch.
En Artikel vum Roger Infalt