Vu Buschtawen aus Holz, iwwer Biller aus Quecksëlwer bis bei e klenge faarwegen Apel

Zwee Beruffer: de Fotograf an den Typograf

Johannes Gutenberg a Camera Obscura, zwee Nimm, déi esou muencher engem e Begrëff sinn, deen ee méi, deen anere manner. Genee esou ass et mat dësen zwee Beruffer, dem Fotograf an dem Typograf.

Eng Rees duerch d‘Zäit. Zwee Beruffer, déi sech iwwer Joerzéngten a Joerhonnerte komplett verännert hunn. Oder awer och net?

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

D’Wuerzele vun der Fotografie, dem Handwierk vum Fotograf, gi méi wäit zeréck ewéi mir mengen. Schonn am 4. Joerhonnert viru Christus beschreift den Aristoteles d‘Camera Oscura. Dëst gëllt als Grondsteen vum Fotografesche Prinzip a mécht de Wee fräi fir eng Hellewull vun innovativen, deels revolutionären Erfindungen. Als Erfinder vun der Fotografie gëllt de Joseph Nicéphore Niépce. Am Joer 1826 geléngt et him, dat éischt bestännegt Bild opzehuelen. Iwwer en Zäitraum vun 8 Stonnen beliicht hien eng mat Makadamm (Asphalt) beschichte Plack aus Zënn. D‘Motiv war deemools eppes net ganz Spektakuläres, den Ausbléck aus sengem Aarbechtszëmmer an der franséischer Uertschaft Saint-Loup-de-Varennes. De Moler Louis Jacques Mandé Daguerre war vun der Erfindung esou begeeschter, datt hien dem Joseph Niépce säi Partner ginn ass a weider un der Technik geschafft, an se verbessert huet. Scho kuerz derno huet hien d’Technik ronderëm d‘Fotografie wäit verbessert. Eng Technik mat Kofferplaken an Dämp aus Quecksëlwer an enger Beliichtungszäit vu just nach enger Véirelstonn. Déi no him benannten Daguerreotypie ass deen éischte kommerziell Procedé vun der Fotografie.

Och d‘Wuerzele vun der Typografie, der Gestaltung vun engem Drockwierk mat beweegleche Letteren leien eng ettlech Joren méi wäit zeréck ewéi d‘Zäit vum Johannes Gutenberg. Schonn am 6. Joerhonnert no Christus entsteet a China eng Technik mat Matrizen (Stempelen) aus Holz, déi agefierft an op Pabeier gedréckt ginn. Zu dëser Zäit entstinn am haitegen Europa Bicher nach ëmmer vun Hand. An de Kléischter schreiwen zu dëser Zäit Mënche Bicher opwändeg vun Hand, Buschtaf fir Buschtaf, Zeil fir Zeil. Ze bezuele waren des Bicher, haaptsächlech Bibelen, praktesch net an domat den Adelegen virbehalen. Ännere sollt sech dat am 15. Joerhonnert. De Johannes Gensfleisch zum Gutenberg, deen an éischter Linn Geschäftsmann war, entwéckelt zu där Zäit eng Technik fir aus enger Metalllegéierung aus Bläi, Zënn an Antimon, an onbegrenzter Zuel Stempelen a Form vu Buschtawen ze produzéieren. Déi eenzel Stempelen, Lettere genannt, ginn op engem groussen Dësch mat eenzelen Ënnerdeelungen sortéiert, dem Setzkasten. Jonk Männer setzen zu där Zäit aus den eenzele Buschtawen, an engem Gestell aus Metall dat op hirem Ënnerarm läit ganz Sätz zesummen. Déi eenzel Sätz fannen hire Wee an eng grouss Rumm, wouraus eng komplett Drockform fir eng Säit entsteet. De Beruff vum Setzer war gebuer.

An de Joren derno entstinn a béide Beruffer ëmmer erëm nei Techniken, siefen et Fotoapparater mat besserer Qualitéit, méi komplex a méi schnell Maschinne fir déi vum Setzer preparéiert Säiten ze drécken, oder esouguer komplett nei Techniken ewéi de Rotatiounsdrock, bei deem de Pabeier net als eenzele Blieder an d‘Maschinn komm ass, mee vun enger grousser Rull. De Fotograf an de Setzer hunn ëmmer musse Schrëtt halen, sech deenen neie Methoden a Maschinnen upassen, eppes komplett Neies léieren, an deels och eege Methoden entwéckelen fir d‘Aarbecht méi angeneem oder effikass ze maachen. Lifelong Learning géif een dat haut nennen!

Um Schluss vum 19. Joerhonnert geréit déi ganz Branche vun der schwaarzer Konscht esou richteg a Beweegung. Innovatiounen an nei Techniken si praktesch un der Dagesuerdnung. 1875 erfënnt den Ottmar Mergenthaler an Däitschland d‘Linotype, eng Maschinn déi d‘Aarbecht vum Setzer iwwer déi nächst Joren ferm verännere sollt.

War um Ufank vum 20. Joerhonnert de Fotograf nach éischter Kënschtler ewéi Handwierker, war de Beruff vum Setzer esou begiert ewéi ni. Et war en zolidd Handwierk mat Zukunft housch et deemools. Ëmmer méi Dageszeitungen hu ganz Arméie vu Setzer a hire Satzstuffen beschäftegt, sief et un de Linotype-Maschinnen, sief et un de Setzkästen. Wärend et an den Zeitungsverläg scho Richtung Industrialiséierung geet, entstinn dernieft ëmmer méi kleng Manufakturen fir den Drock, Akzidenzdréckereien, déi kleng Drocksaache fir d‘Vollek hierstellen.

1925 kënnt déi éischt Leica-Kamera op de Maart an erméiglecht et och dem Fotograf, de Wee ewech vun der Konscht a Richtung vun engem Beruff unzetrieden. An de Joren derno entstinn Dag fir Dag nei Techniken an Evolutiounen. 1936 gëtt d‘Fotografie dank AGFA a Kodak faarweg. Den Offsetdrock gëtt erfonnt an zu deem weiderentwéckelt wat en haut nach ass, an de Typograf an de Fotograf si mattendran, mattendran an enger Beruffswelt voll mat Innovatiounen, déi méi schnell dréit ewéi déi eigentlech Welt, an an där si sech all Dag erëm mussen upassen oder sech selwer nei erfannen.

Esou muenches hu béid Beruffer awer gemeinsam. Dat, wat fir deen een de Bläi war, war fir deen aneren de Quecksëlwer, gëfteg a liewensgeféierlech. D‘Leidenschaft fir de Beruff an Oppenheet fir eppes Neies hunn se ëmmer scho mussen hunn, gëschter, haut an och muer. An ewéi 1984 eng kleng Firma aus Amerika e Computer mam Numm vun engem Apel op de Maart bruecht huet, konnten se sech alle béid nach net virstellen, fir e puer Joer méi spéit virun enger groer Këscht mat engem Ecran an engem klenge faarwegen Apel drop ze sëtzen.

Wëlls du méi gewuer ginn iwwer dem Gutenberg seng Erfindung, der Linotype-Maschinn an der schwaarzer Konscht?

Da lount sech eng Rees an d‘Miselerland. De Kulturhuef zu Gréiwemaacher gëtt dir an hirer Ausstellung Gutenberg revisited eng Rëtsch u flotten Ablécker an d‘Geschicht vun der Dréckkonscht!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.