E Portrait wéi wéineg anerer: de Claude Frisoni

Hien huet nach ni e Budget depasséiert, gouf vum fréiere Kulturminister Robert Krieps geléiert, seng Krawatt richteg ze bannen, an ass vum Grand-Duc als „franséischste vun de Lëtzebuerger a lëtzebuergeschste vun de Fransousen“ betitelt ginn. De Claude Frisoni huet a senger Karriär scho vill Kapen ugedoen, ass sech a senge Prinzippien dobäi awer ëmmer trei bliwwen. Mat 67 Joer kuckt hien elo zeréck op eng Zäit, déi hien esou bal nach net vergiesse wäert – an déi och nach laang net eriwwer ass.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Schonn an der Primärschoul ass de Claude Frisoni reegelméisseg un d’Tafel geruff ginn, fir hei seng eege Schrëftstécker virzeliesen. Am Lycée du koum seng éischt Erfarung am Theater; et war awer eréischt no sengem Service militaire, dass de jonke Fransous aus der Lorraine sech géint eng Karriär am Droit constitutionnel a fir e Parcours an der Kultur decidéiert huet. Dass hie fir säi Beruffsliewen awer grad zu Lëtzebuerg gelant ass, war éischter pueren Zoufall. „Ech hat d’Chance, der Ekipp vum Centre culturel français de Luxembourg vun der franséischer Ambassade bäizetrieden, an dat huet mäi ganzt Liewe verännert.“

Mat senger Beschäftegung Enn der 80er am Kulturzenter huet de Frontalier fir d’éischte Kéier Fouss am Grand-Duché gefaasst a sech mat senger Roll als Responsabele fir d’Publikatioune vum Zenter matten an d’Häerz vun der Lëtzebuerger Kulturzeen katapultéiert. „Deemools gouf et nach net wierklech vill kulturell Aktivitéiten am Land“, erënnert sech de Claude Frisoni. E puer Stécker à la „comédies parisiennes“ am groussen Theater vun der Stad, e puer méi modern Wierker zu Esch, an domat hat et sech dann och scho bal, wat d’Lëtzebuerger Büneliewen ugoung. Mam Zenter huet de Claude Frisoni dunn eng Rei vu Konferenzen organiséiert an ugefaangen, déi Leit kennen ze léieren, déi eppes ëmrappe wollten.

Seng éischt gréisser Expo war déi vum Kënschtler Moritz Ney, donieft stinn awer och Ausstellunge vun Nimm wéi der Sculptrice Patricia Lippert oder der Molerin Marie-Paule Schroeder op dem Claude Frisoni senger Organisatiouns-Lëscht. Et war awer d’Bekanntschaft mat de Leit aus dem frankofonen Theater zu Lëtzebuerg, déi fir de jonke Fransous villes geännert huet. „Virun allem zwee Stéck hu mech immens beaflosst: de Marc Olinger an de Philippe Noesen, déi béid herno och meng Frënn gi sinn. An natierlech de Fred Jung vun der Cinémathèque, duerch deen ech Realisateuren aus dem Ausland konnt op Lëtzebuerg bréngen, fir hei hir Avant-premièren ze feieren.“

Zesumme mam Philippe Noesen huet de Claude Frisoni 1985 de Projet Théâtre du Centaure „am Dierfgen“ lancéiert an do mam Spektakel „Radio active, la radio qui rayonne“ debutéiert. Duerno ass et fir hie bei den Théâtre Ouvert Luxembourg (TOL) gaangen, wou hien eng Rëtsch Kéieren zesumme mam Marc Olinger op der Bün stoung an och seng éischt One-Man-Show „Le meilleur des rouquins a jeté son père dans le puits“ gespillt huet. 1990 ass den Auteur a Schauspiller dunn zum Directeur artistique vum TOL ernannt ginn, wou hie bis 2000 bliwwen ass.

Seng weider Präsidentschaft huet hien e puer Joer drop fir säi Poste vum Direkter bei der Abbaye de Neumünster ofginn ‒ e Projet, deen hie ronderëm d’Thema „dialogue de culture et culture de dialogue“ axéiere wollt. „Ech hat d’Chance, en Outil ze kréien, vun deem all aneren Acteur aus dem Kulturmilieu op der ganzer Welt nëmmen hätt kënnen dreemen“, seet de Pensionnaire haut iwwer seng Zäit am Gronn. Ee vu senge gréisste Projete war awer sécherlech d’Koordinatioun vun der Europäescher Kulturhaaptstad 1995, déi op Lëtzebuerg sollt falen. Enn 1992 hat hien nämlech d’Ambassade de France verlooss an no kuerzer Zäit seng eegen Agence mam Numm RéCRé gegrënnt. „Relativ schnell sinn ech du vun der Agence Mikado gefrot ginn, fir eng Werbecampagne fir de Concours fir 1995 ze realiséieren, an dësen hunn ech dunn och gewonnen.“

Wat de Claude Frisoni zu deem Moment awer nach net wosst, war de Plang vun de Responsabelen, en Ersatz fir de Guy Wagner als Generalkoordinator vun der Kulturhaaptstad ze fannen – an zwar an him. Et war schliisslech d’Marie-Josée Jacobs, déi bei de Preparatioune fir déi offiziell Pressekonferenz d’Kaz aus dem Sak gelooss an de Claude Frisoni gedoen huet, bannen zéng Minutten d’„Kamikaze-Missioun“ unzehuelen. „Et waren nach genee siwe Méint iwwereg, bis dat Ganzt lassgoe sollt, an et stoung nach näischt. Keng Programmatioun, keng Sponsoren, keng Ekipp, näischt, ausser e puer devouéiert Kollaborateuren“, esou de Kulturschafenden. Mee trotz „Du bass dach geckeg“-Warnunge vu Kolleegen huet de Claude Frisoni sech un d’Aarbecht gemaach – a reusséiert, wéi hien haut seet.

„Mir hu versicht, eng Blamage ze vermeiden an dat Beschtméiglecht ze maachen, an ech mengen, dat ass eis gelongen, wann och bestëmmt mat e bësse Gléck.“ A sengen Aen hätt ’95 alles verännert; et wier e Sprengsaz gewiescht, dee gehollef hätt, de Secteur ze professionaliséieren, d’Roll vun der Kultur bei der Politik ze kredibiliséieren an de Wee ze preparéiere fir d’Moderniséierung vun der Zeen mat Plaze wéi der Rockhal, der Philharmonie, Neimënster a villen aneren, déi ënnert der Leedung vun der Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges neie Wand op Lëtzebuerg bruecht hunn. „Do ass alles explodéiert“, esou de Claude Frisoni.

Fir hie selwer ass et no enger Partie weidere Funktiounen a Projeten dunn awer méi oder manner roueg ginn, well mat 59 Joer stoung d’Pensioun scho virun der Dier. Dass hien dës awer méi fréi an Usproch geholl huet, wéi vill Leit et sech erwaart hätten, hat manner domat ze dinn, dass hien es sat hat, wéi vill méi domat, dass en es eebe grad nach net genuch hat. „Mäi Beruff ass dee schéinste vun der Welt, mee ech hu realiséiert, dass de Moment komm wier, d’Säit ze dréien. Ech wollt nach villes maachen, dorënner och näischt.“ Am Périgord huet de Fransous säi perséinlecht klengt Paradis fonnt, wou hien zesumme mat senger Fra sechs bis siwe Méint am Joer mam elektresche Vëlo fiert, d’Landschaft genéisst a sech duerch Liese weiderbilt.

„D’Liewen ass immens kuerz a virun allem vill ze kuerz fir déi, déi glécklech sinn“, fënnt de Pensionnaire. Virun allem den Doud vu sengem gudde Frënd Marc Olinger hätt him bewosst gemaach, dass een op sech a seng Gesondheet oppasse soll, well där huet ee just eng. „Ech soen oft, dass ech nach ni a mengem Liewe geschafft hunn, mee dofir awer vill Stonne pro Dag“, esou de Claude Frisoni. Besonnesch wärend senger Zäit bei Neimënster hätten d’Deeg oft 16 Stonne gehat. „Ech hunn dofir decidéiert, d’Plaz deene méi Jonken ze loossen, well mat der Famill, déi ech hunn, an enger Fra, déi mäi Liewen zu engem permanenten Dram mécht, wier et dach Verschwendung, net dovun ze profitéieren.“

Hie géif awer och no aacht Joer Pensioun nach ëmmer au courant bleiwen, wann och manner aktiv, mee éischter kontemplativ. „Ech erënnere mech un eng Aufgab am Lycée iwwer Alpinisten, déi deemools Eroberer vum Onnëtzen genannt goufen. Ma fir mech ass grad dat Onnëtzt heiansdo dat, wat wierklech essentiel ass“, verréit den haut 67-Järegen. No sengen 22 Joer als Chroniker beim Le Jeudi, an deenen hie mat ronn 1.060 Publikatiounen oft polariséiert huet, schreift hien och weider iwwer d’Aktualitéit a wéi hien d’Liewe gesäit – dëst elo an digitaler Form beim Lëtzebuerger Journal.

Dobäi bleift hie sengem Prinzip ëmmer nach trei, well fir de Claude Frisoni stinn eng total Fräiheet beim Ausdrock genee ewéi beim Choix vu sengen Themen an d’Net-Schwamme mam allgemenge Stroum nach ëmmer un éischter Stell. Ee Projet, deen hien nach realiséiere wëll, ass e Fotoband mat Text zesumme mam Fotograf Wolfgang Osterheld, deem seng Biller vu fréier vill Erënnerungen erwächen. „Ech hu Leit wéi den Abbé Pierre (franséische Paschtouer, dee jüddesche Flüchtlingen am Zweete Weltkrich gehollef huet), de Stéphane Hessel (politeschen Essayist a KZ-Iwwerliewenden aus Däitschland), de Youssou N’Dour (senegaleesesche Sänger a fréiere Kulturminister) oder de Léo Ferré (grousse franséische Chansonnier) kenne geléiert, déi Chance hunn nëmme ganz wéineg Leit an hirem Liewen.“

Hien hätt weeder bekannt Eltere gehat nach eng räich Famill an emol net d’Nationalitéit vun deem Land, an deem hie jorelaang geschafft a gelieft huet, an nawell hätt Lëtzebuerg de Frontalier mat oppenen Äerm empfaangen an him Dieren opgemaach, vun deenen hien ni gedreemt hätt. „Dobäi gouf mir ëmmer extreemt Vertrauen entgéintbruecht an dat ass fir mech eppes, fir dat ech ni dankbar genuch wäert kënne sinn“, esou de Claude Frisoni. Lëtzebuerg wier säin Adoptivland an eng Plaz, déi hie schätze geléiert hätt.

„Et ass e Land, wat oppe fir Diversitéit ass an eng plural Identitéit huet, an dat ass säi wierkleche Räichtum“, esou de Claude Frisoni. Hie wier schnell ënner de Charme vum Grand-Duché gefall, dee säin Nationalfeierdag net op d’Victoire iwwer seng Nopeschlänner géif opbauen – a genee doru géif hien och haut nach hänken. „Et sinn awer net d’Institutiounen, Constitutiounen oder Konventiounen, déi dat ausmaachen, mee d’Leit, déi hei liewen a mat deenen ech duerft zesummeschaffen.“ Hien hätt eng schéi Karriär gehat mat ville schéine Bekanntschaften, déi all och säin eegene Charakter an d’Vue op verschidde Saache beaflosst hätten.

„Ech si selwer vill méi oppen an tolerant ginn an ech hu geléiert, Differenzen ze schätzen. An obwuel ech mech nach ëmmer als Anarchist gesinn, mécht et mir haut näischt méi aus, Mon Seigneur zum Grand-Duc ze soen, well de Mann dëse Respekt verdéngt huet.“ Verschiddenes hätt dann awer net geännert, nämlech seng Vue op d’Léift, déi alles dominéiert, d’Inakzeptanz vu Leit, déi moralesch Reegelen ignoréieren, an d’Iwwerzeegung, datt de Pleséier eppes ass, wat ee schütze muss a gedeelt gehéiert, well: „Eng schéi Landschaft ass nëmme schéin, wann een zu engem anere ka soen: ‚Hei, kuck emol do!‘ an eng gutt Fläsch Wäin ass nëmme gutt, wann ee se net eleng drénkt.“ Zu Lëtzebuerg hätt de Claude Frisoni all dëst geléiert a seng Stëmm fonnt an dat wier et, wat hien och am Alter nach behält – a weiderféiert.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.