… oder dat richtegt Liewen a kondenséierter Form

Cabaret – an hei schwätze mer net vum Nuetslokal mam nämmlechten Numm – ass eng zu Lëtzebuerg wäit verbreeten a scho laang gefleegte Form vu Klengkonscht. Sief et a Form vun enger Ee-Mann-Show oder mat zwee oder méi Kabarettisten op der Bühn, mat oder ouni Musek, Gesang a méi oder manner impressionnanten an expressive KulissenCabaret gëtt et a villen ënnerschiddleche Formen.

Wann elo de 14. September d’Theater-federatioun sämtlech Theaterhaiser, Kulturzentren, Compagnien an Artiste fir de Startschoss vun der Saison 2019 / 2020 an der Stad mobiliséiert, fënnt all Frënd vum Cabaret sécher eng ganz Rei vu Rendez-vousen an de Programmhefter, wou en seng Loscht op e gudde Cabaretsowend ka stëlle goen.

Hei der nëmmen e puer rausgepickt:

Si mer nach ze retten heescht déi kabarettistesch Virwëlztut, déi een am Mee 2020 kann am Escher Theater opmaachen, mat kabarettistesch gesinn alen Huesen – Dir entschëllegt, Dir Hären: Roll Gelhausen, Jay Schiltz a Pierre Puth. Hei huelen déi kritesch Geeschter ganz am Eescht hire Publikum an d’Gebiet a warne schonn am Virfeld, datt wuel däerf e bësse gelaacht ginn, awer datt et hinne guer net sou wuel ass, well si musse kucken, ob de politesche Cabaret iwwerhaapt nach ze reaniméieren ass…

Anescht wéi mat purem politeschem Cabaret lackelt schonn am November de Kabaret Sténkdéier op Maarnech an de Cube521, op den neie Programm Versprach a verschwat – wou et ëm déi séier ausgeschwate Versprieche geet, déi een dacks da guer net kann halen, a wat géif geschéien, wann een se nawell géif anhalen – egal ob als Privatmënsch, Professionellen oder Politiker.

An hei gëtt och net gezéckt, direkt dëst auszeschwätzen:

„Abee, de Cabaret Sténkdéier versprécht Iech heimat héich an helleg, datt Dir Iech net langweilt, an domat hu mir eis mat Sécherheet net verschwat!“

Kuerzweil ass deemno garantéiert, an dofir geet ee jo och gären an de Cabaret: Fir kuerz, knackeg, pointéiert, mol sarkastesch oder och ganz einfach aus dem Kappstand eraus den deegleche Wahnsinn souzesoen opgeschlësselt ze kréien.

Kucke mer nach kuerz op eng drëtt Méiglechkeet, fir d’Situatioun 2019 kabarettistesch ze beliichten:

KMK steet fir Kabarett Mars Klein – an deen neie Programm versprécht dat heiten:

„Wann e Salamander mat dem Feier spillt. En Donner-Wierder-Wonner. E witzeg-wëlle Bestiarium mat lëschtege bis eeschten Texter iwwer Déieren a Saachen an en nodenklechen Deel iwwer de Mënsch als homo touristicus, mediaticus, enigmaticus, eroticus – an enger Rei Bëssegkeeten iwwer Lëtzebuerg.“

Déi dräi genannte BeispillerSi mer nach ze retten, Versprach a verschwat an Wann e Salamander mat dem Feier spilltweisen all de Kär vum Cabaret: de Witz – gär bësseg, ironesch, mol politesch, mol gesellschaftlech inspiréiert, ëmmer kritesch, an ëmmer och eng Ureegung fir nozedenken. Allen dräi si se mat Musek vereent, well dat net nëmmen ënnerhält, ma ganz dacks och den Effet vum geschwaten, proklaméierten, geschleiderte Wuert ënnersträicht.

D’Schreiwer sti mol selwer mat op der Bün, mol bleiwen se am Hannergrond, gär awer begéint een Nimm, déi scho laang an der Zeen vum Lëtzebuerger Cabaret hiert Onwiesen am beschte Sënn vum Wuert dreiwen: de Pierre Puth, de Jay Schiltz, de Roland Meyer, de Mars Klein …

Mee wou bleiwen e Jhemp Hoscheit, e Jemp Schuster, e Michèle Turpel oder e Josiane Kartheiser? Iwwerhaapt: Wou sinn d’Frae vum Cabaret? Keng Suerg, et gëtt si, denke mer nëmmen un d’Makadammen oder och un de Cabaret Batter Séiss, deen den 12. Oktober 2019 Première vum neie Programm Et geet ëm de Fric am Trifolion zu Iechternach huet an dono traditiounsgeméiss wäert uechter Lëtzebuerg touren. Hei kommen déi batterséiss Texter aus de Fiedere vum Vicky a Rob Wagner.

Wien sech fir d’Geschicht vum Cabaret zu Lëtzebuerg interesséiert, sollt sech den Datum vum 20. Abrëll d’nächst Joer notéieren – dann nämlech hält den Direkter vum Nationale Literaturarchiv Claude D. Conter zu Ettelbréck am Cape e Virtrag – vläicht kabarettistescher Natur, wie weess? – iwwer d’Kabarettsgeschicht zu Lëtzebuerg zënter de 1970er Joren.

De Claude D. Conter huet iwwregens schonn 2012 zesumme mat Sandra Schmit a Pascal Seil d’Ausstellung Vum Eilespill an anere Kregéiler – Satirische Literatur in Luxemburg fir de Centre national de littérature konzipéiert.

Um Site vum Nationale Literaturzenter fënnt een och eng Stonnenemissioun iwwer dës Ausstellung, zesummegestallt vum Claude Mangen fir de Radio 100,7 an ausgestraalt den 21. Mäerz 2013.

KLICK MECH!

Wien also Loscht op messerschaarf Ironie, Sarkasmus vum Rengsten a batterséiss Ënnertéin huet, dee sollt sech d’Programmer vun de verschiddenen Theateren, Kulturzentren an natierlech den eenzele Cabaretsformatiounen net entgoe loossen. En interessanten Iwwerbléck iwwer all existent oder fréier Cabaretsaktivitéite fënnt een och am Autorenlexikon ënner Kabarett:

KLICK MECH!

En Artikel vum Nathalie Bender

De Cabaret

kabarettmarsklein

Cabaret – an hei schwätze mer net vum Nuetslokal mam nämmlechten Numm – ass eng zu Lëtzebuerg wäit verbreeten a scho laang gefleegte Form vu Klengkonscht. Sief et a Form vun enger Ee-Mann-Show oder mat zwee oder méi Kabarettisten op der Bühn, mat oder ouni Musek, Gesang a méi oder manner impressionnanten an expressive KulissenCabaret gëtt et a villen ënnerschiddleche Formen.

Wann elo de 14. September d’Theater-federatioun sämtlech Theaterhaiser, Kulturzentren, Compagnien an Artiste fir de Startschoss vun der Saison 2019 / 2020 an der Stad mobiliséiert, fënnt all Frënd vum Cabaret sécher eng ganz Rei vu Rendez-vousen an de Programmhefter, wou en seng Loscht op e gudde Cabaretsowend ka stëlle goen.

Hei der nëmmen e puer rausgepickt:

Si mer nach ze retten heescht déi kabarettistesch Virwëlztut, déi een am Mee 2020 kann am Escher Theater opmaachen, mat kabarettistesch gesinn alen Huesen – Dir entschëllegt, Dir Hären: Roll Gelhausen, Jay Schiltz a Pierre Puth. Hei huelen déi kritesch Geeschter ganz am Eescht hire Publikum an d’Gebiet a warne schonn am Virfeld, datt wuel däerf e bësse gelaacht ginn, awer datt et hinne guer net sou wuel ass, well si musse kucken, ob de politesche Cabaret iwwerhaapt nach ze reaniméieren ass…

Anescht wéi mat purem politeschem Cabaret lackelt schonn am November de Kabaret Sténkdéier op Maarnech an de Cube521, op den neie Programm Versprach a verschwat – wou et ëm déi séier ausgeschwate Versprieche geet, déi een dacks da guer net kann halen, a wat géif geschéien, wann een se nawell géif anhalen – egal ob als Privatmënsch, Professionellen oder Politiker.

An hei gëtt och net gezéckt, direkt dëst auszeschwätzen:

„Abee, de Cabaret Sténkdéier versprécht Iech heimat héich an helleg, datt Dir Iech net langweilt, an domat hu mir eis mat Sécherheet net verschwat!“

Kuerzweil ass deemno garantéiert, an dofir geet ee jo och gären an de Cabaret: Fir kuerz, knackeg, pointéiert, mol sarkastesch oder och ganz einfach aus dem Kappstand eraus den deegleche Wahnsinn souzesoen opgeschlësselt ze kréien.

Kucke mer nach kuerz op eng drëtt Méiglechkeet, fir d’Situatioun 2019 kabarettistesch ze beliichten:

KMK steet fir Kabarett Mars Klein – an deen neie Programm versprécht dat heiten:

„Wann e Salamander mat dem Feier spillt. En Donner-Wierder-Wonner. E witzeg-wëlle Bestiarium mat lëschtege bis eeschten Texter iwwer Déieren a Saachen an en nodenklechen Deel iwwer de Mënsch als homo touristicus, mediaticus, enigmaticus, eroticus – an enger Rei Bëssegkeeten iwwer Lëtzebuerg.“

Déi dräi genannte Beispiller – Si mer nach ze retten, Versprach a verschwat an Wann e Salamander mat dem Feier spillt – weisen all de Kär vum Cabaret: de Witz – gär bësseg, ironesch, mol politesch, mol gesellschaftlech inspiréiert, ëmmer kritesch, an ëmmer och eng Ureegung fir nozedenken. Allen dräi si se mat Musek vereent, well dat net nëmmen ënnerhält, ma ganz dacks och den Effet vum geschwaten, proklaméierten, geschleiderte Wuert ënnersträicht.

D’Schreiwer sti mol selwer mat op der Bün, mol bleiwen se am Hannergrond, gär awer begéint een Nimm, déi scho laang an der Zeen vum Lëtzebuerger Cabaret hiert Onwiesen am beschte Sënn vum Wuert dreiwen: de Pierre Puth, de Jay Schiltz, de Roland Meyer, de Mars Klein …

Mee wou bleiwen e Jhemp Hoscheit, e Jemp Schuster, e Michèle Turpel oder e Josiane Kartheiser? Iwwerhaapt: Wou sinn d’Frae vum Cabaret? Keng Suerg, et gëtt si, denke mer nëmmen un d’Makadammen oder och un de Cabaret Batter Séiss, deen den 12. Oktober 2019 Première vum neie Programm Et geet ëm de Fric am Trifolion zu Iechternach huet an dono traditiounsgeméiss wäert uechter Lëtzebuerg touren. Hei kommen déi batterséiss Texter aus de Fiedere vum Vicky a Rob Wagner.

Wien sech fir d’Geschicht vum Cabaret zu Lëtzebuerg interesséiert, sollt sech den Datum vum 20. Abrëll d’nächst Joer notéieren – dann nämlech hält den Direkter vum Nationale Literaturarchiv Claude D. Conter zu Ettelbréck am Cape e Virtrag – vläicht kabarettistescher Natur, wie weess? – iwwer d’Kabarettsgeschicht zu Lëtzebuerg zënter de 1970er Joren.

De Claude D. Conter huet iwwregens schonn 2012 zesumme mat Sandra Schmit a Pascal Seil d’Ausstellung Vum Eilespill an anere Kregéiler – Satirische Literatur in Luxemburg fir de Centre national de littérature konzipéiert.

Um Site vum Nationale Literaturzenter fënnt een och eng Stonnenemissioun iwwer dës Ausstellung, zesummegestallt vum Claude Mangen fir de Radio 100,7 an ausgestraalt den 21. Mäerz 2013.

KLICK MECH!

Wien also Loscht op messerschaarf Ironie, Sarkasmus vum Rengsten a batterséiss Ënnertéin huet, dee sollt sech d’Programmer vun de verschiddenen Theateren, Kulturzentren an natierlech den eenzele Cabaretsformatiounen net entgoe loossen. En interessanten Iwwerbléck iwwer all existent oder fréier Cabaretsaktivitéite fënnt een och am Autorenlexikon ënner Kabarett:

KLICK MECH!

En Artikel vum Nathalie Bender

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.