„Ass dat en Abrëllsgeck?“ Dat war den Tenor vun de Kommentaren, wéi RTL am Abrëll 2011 annoncéiert hat, datt de Camille Gira, deemolege Buergermeeschter vun der Gemeng Biekerech a President vum interkommunale Syndikat De Réidener Kanton, un engem EU-Leader-Projet géif schaffen, fir eng regional Komplementarwärung am Réidener Kanton anzeféieren. Mee den Aarbechtsgrupp, dee gebilt gi war, fir d’Iddi ëmzesetzen, bestoend aus Bierger mat ganz ënnerschiddlechen Hannergrënn, huet sech net dru gestéiert, datt de Geck mat hinne gemaach gouf. Am Juli 2012 hu si de Veräin De Kär an d’Liewe geruff, déi legal Entitéit, déi de Beki erausgëtt a verwalt. Mëttlerweil sinn annerhallef Milliounen Euro a Beki ëmgewiesselt ginn.
D’Zil vum Beki ass et, regional Wirtschaftskreesleef ze bilden an d’Wirtschaft méi nohalteg ze gestalten. Den Trick ass dobäi einfach: Wann e Betrib déi regional Wirtschaftskreesleef wéilt verloossen a seng Bekien dofir an Euro wéilt ëmtauschen, géif hie fënnef Prozent verléieren. Soulaang hien d’Beki awer weider an de regionale Wirtschaftskreesleef ausgëtt, huet en nëmme Virdeeler, well de Beki bréngt Clienten – de Betrib, vun deem en d’Beki krut, wollt jo och keng fënnef Prozent verléieren. An d’Akafsméiglechkeete si grouss, bei ongeféier honnert Betriber, déi matmaachen.
Vun Ufank u gouf et awer vu ville Säite Widderstand géint de Beki. En ADR-Deputéierte wollt scho wärend der Virbereedungsphas vum Leader-Projet an enger Question parlementaire wëssen, ob dat dann iwwerhaapt legal wier – wéi wann d’EU géif illegal Aktivitéite finanzéieren! D’Zentralbank hat kuerz virum Lancement d’Leit mat engem Pressecommuniqué veronséchert, de Beki hätt kee „cours légal“ – jiddereen, deen de Beki géif notzen, géif dat „à ses risques et périls“ maachen –, an huet drun erënnert, datt Geld fälsche bestrooft gëtt. De Finanzministère hat mat engem negativen Avis derfir gesuergt, datt d’Leader-Gelder vun der EU fir den digitale Beki zeréckbehale goufen. Mëttlerweil konnte se awer deblockéiert ginn. A scho virum Lancement vum digitale Beki hunn d’Piraten an enger Question parlementaire gefrot, ob dann déi dräi Prozent, déi een zousätzlech kritt, wann een Euro a Beki ëmwiesselt, net missten als Gewënn op enger Kryptowärung besteiert ginn. Dat gréisst Hindernis fir de Beki ass awer d’Decisioun vum Inneministère, deen de Gemengen et bis haut verbitt, Beki ze akzeptéieren, am Géigesaz zum Ausland, wou Gemenge Regionalgeld akzeptéieren.
D’Unhänger vum Beki kënnen natierlech net novollzéien, firwat se Steng an de Wee geluecht kréien. De Beki ass hire Bäitrag zu de Beméiungen, d’Welt méi nohalteg ze gestalten. Si sinn iwwerzeegt, datt all Mënsch kann e Bäitrag leeschten an de Beki déngt derzou, jidderengem seng Eenzelaktiounen ze verstäerken, andeem en eng Kettereaktioun vu lokalen Akeef ausléist. Heibäi geet et net nëmmen drëm, de lokale Commerce an déi lokal Produzenten ze ënnerstëtzen. Et geet och drëm, d’Leit zesummenzebréngen, an ëm lieweg Dierfer mat klenge Butteker, wou d’Leit sech kënne begéinen.
Bekie kritt een zu Réiden op der BGL, der Post, der Raiffeisen an der Spuerkeess an op Bestellung um Büro vum Veräin De Kär zu Biekerech. Fir d’Benotze vum Beki méi einfach ze maachen, soll geschwënn eng extra dofir entwéckelt Bezuel-App mat digitale Bekien erauskommen.
En Artikel vum Max Hilbert