De Bäifuerer,

dat (bal) onbekannte Wiesen

All Dag dat selwecht Bild: Kilometerlaang Blechlawinen iwwerrullen eist Land, egal wouhin ee kuckt, stinn Autoen amplaz datt se fueren, veriergert Chaufferen, héije Stressfaktor an net zulescht och een immense gesamtwirtschaftleche Schued. Net eleng ronderëm eis Haaptstad, mee och an anere Regioune vu Lëtzebuerg gëtt de Verkéierschaos vun Dag zu Dag méi grouss.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

De 6. Mee 2019 huet de Mobilitéits- a Bauteministère verschidde Projete virgestallt, déi d’Autofuerer verstäerkt zum Ëmdenken a Richtung Covoiturage brénge sollen. Deemools huet de Minister François Bausch vun 250.000 eidelen Autossëtzer geschwat, déi all Dag an d’Ballungsgebitt Stad Lëtzebuerg transportéiert géife ginn. Rechent een dat op d’ganzt Land ëm, da kënnt een do op eng hallef Millioun fräi Plazen an den Autoen, déi all Moien op eise Stroossen ënnerwee sinn.

Zu den Haaptverkéierszäite gëllt et, méiglechst vill Persounen an net onbedéngt vill Autoen ze beweegen, sou d’Fachleit. Dofir plangen d’Experte Moossnamen, déi dofir solle suergen, datt an Zukunft an deene meeschten Autoen net nëmme méi eng Persoun, mee dräi oder méi solle sëtzen. Wéinst de ville Jonctiounen op de lëtzebuergeschen Autobunnen an deem domat verbonnene Konfliktpotenzial ass eng Prioritéit fir Fuergemeinschaften (Covoiturage) nëmmen ënner verschiddenen Haaptkonditioune méiglech:

a) Moduléierung vun der erlaabter Maximalvitess;
b) Zouflossreegelung op den Autobunnsopfaarten;
c) zäitlech begrenzt Fräimaache vun enger Autobunnsspuer fir de Covoiturage.

Domat ass et awer net gedoen. De belsche Prinzip vun enger zäitlech begrenzter Covoiturage-Spuer op der bestoender Pannespuer ass net iwwerall ze realiséieren. D’Prioritéit fir d’Fuergemeinschaften (mindestens 3 Leit am Auto) ass nëmmen da machbar, wa quasi op dem ganzen Autobunnsnetz A1, A3, A4 an A6 déi lénk Spuer fir Covoiturage a Busse fräigemaach gëtt.

Et bleift nach vill ze maachen

Aus wéi enge Grënn och ëmmer gëtt et haut weiderhi vill ze mann Bäifuerer, trotz gutt gemengten Informatiounscampagnen. A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro sot den zoustännege Minister François Bausch den 9. Dezember 2019 zum Thema Matfuer-Portal Kopilote ënner anerem Follgendes: D’App vu Kopilote ass vu Januar bis November 2019 ganzer 948 Mol erofgeluede ginn. Dozou muss een awer soen, datt d’Servicer vun dësem Covoiturage-Portal och ëmmer ze benotze sinn, ouni datt een d’App erofluede muss.

Dat Portal huet am November 5405 ugemellte Benotzer gezielt. Aus de Statistike geet awer leider net ervir, wéi vill Grenzgänger et ënner dëse Benotzer gëtt. Nëmmen 69 Firmen hu sech bis Enn 2019 op Kopilote mat hirer Fuergemeinschaft agedroen. Wat déi ugebuede Strecken ubelaangt, waren et der an der Moyenne 1.675 pro Woch.

Niewebäi bemierkt ass Kopilote am Hierscht 2019 vun der franséischer Firma Klaxit iwwerholl ginn, déi am Juli ënner anerem och d’SNCF-Filial „IDVroom“ opkaaft huet an domat op ee Coup 950.000 nei Clienten a 65 nei Entreprisen, déi Fuergemeinschaften ënnerstëtzen, gewanne konnt.

Wie Léisungen fanne wëllt, fënnt der och

À propos Covoiturage: Wann haut och nëmmen 69 Betriber bei Kopilote agedroe sinn, sou muss een awer soen, datt et och Entreprisë gëtt, déi betribsintern Fuergemeinschaften organiséieren. E Beispill ass do d’Maschinnebaufirma Ameco / Pauly vum Rouscht (Gemeng Biissen). Säit Längerem gëtt et do eng vun der Direktioun gedroe Fuergemeinschaft. „Mir hunn eng Erhiewung vun de Wunnadresse vun all eisen 150 Mataarbechter gemaach an hunn déi op enger Kaart agedroen. Sou konnte mer séier Matfuerméiglechkeeten erausfannen, déi mir onse Mataarbechter, déi zum gréissten Deel Grenzgänger sinn, ubidden. Déi ginn och an der Tëschenzäit benotzt an och déi Aarbechter, déi nei bei eis ufänken, kréien dës Kaart direkt virgeluecht, wat déi meescht vun hinnen immens appreciéieren“, sou d’Renée Pauly am Numm vun der Direktioun vum Betrib vu Biissen.

Op d’Fro, ob de Covoiturage net op d’Käschte vun der Flexibilitéit a puncto Aarbechtsoflaf geet, huet d’Renée Pauly geäntwert, dat wier wuel de Fall, mee “Et gëtt ëmmer eng Léisung. Wann e Mataarbechter wéinst engem Noutfall méi laang schaffe muss an dowéinst net wéi geplangt zesumme mat Aarbechtskolleege kann heemfueren, bidde mir him e Firmenauto un. Dat gëllt awer, wéi gesot, just bei Noutfäll.“

Et bleift vill ze dinn

Am Laf vun eise Recherchen si mir nach op weider Entreprisë getraff, déi esou een oder een änleche betribsinterne System hunn, wat déi uewe genannten niddereg Zuel vu just 69 bei Kopilote ugemellte Betriber dach awer relativéiert.

Egal wéi, a Saache Covoiturage bleift zu Lëtzebuerg awer nach vill Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten. Mat spezielle Fuerpiste fir Fuergemeinschaften op eisen Autobunnen, fir déi d’Detailplanungen, d’Autorisatiounen an och d’Finanzgesetzer nach ausstinn, ass et eleng net gedoen (de Gesamtprojet, mat deem 2021 soll ugefaange ginn, soll ronn 60 Milliounen Euro kaschten). Grouss ugeluechten Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagnen an och uspriechend Ureizer wäre sécherlech ubruecht. Kéint een op dës Manéier och nëmmen an all fënneftem Auto zwou Plaze méi besat kréien ewéi elo, da wiere mat engem Schlag all Moie wäit méi ewéi 30.000 Autoen manner op eise Stroossen ënnerwee …

En Artikel vum Roger Infalt

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.