Placeholder Dummy template

D’Caritas-Affär

Wat d’Politik an d’Zivilgesellschaft dozou soen

D’Caritas-Affär gëllt als dee gréisste Finanzbedruch, dee jee am Sozialsecteur zu Lëtzebuerg geschitt ass. De Konterbont huet sech doriwwer mam aktuelle Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Xavier Bettel, dem fréiere Wirtschaftsminister an haitegen Deputéierte vun der Oppositioun, Franz Fayot, an dem politesch Verantwortleche vum Daachverband Cercle de coopération des ONGD du Luxembourg, dem Sebastian Weier, ënnerhalen.

Sebastian Weier / © Cercle des ONGD
Xavier Bettel / © MAEE (ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur)
Franz Fayot / © LSAP

Ufanks Februar 2024 krut déi deemoleg Finanzdirektesch vun der Caritas eng E-Mail vun engem angeebleche Privatkont vum deemolege Caritas-Generaldirekter Marc Crochet, fir Finanztransaktiounen ze maachen. Esou huet d’Caritas-Affär hire Laf geholl. Wärend weidere fënnef Méint sinn insgesamt 61 Milliounen Euro an iwwer 120 Transaktiounen op verschidde spuenesch Konten iwwerwise ginn. Wéi am Abrëll 2024 keng Sue méi do waren, si Kreditlinne bei zwou Lëtzebuerger Banken ugefrot ginn.

D’Caritas-Affär gëllt als dee gréisste Finanzbedruch, mat deem de Lëtzebuerger Sozialsecteur jee ze dinn hat. D’Justiz huet d’Enquête bis elo nach net ofgeschloss an et gëtt ugeholl, datt dës sech nach e puer Joer kéint hinzéien. Déi nei gegrënnten Organisatioun HUT ASBL – „Hëllef um Terrain“ – huet déi national Aktivitéite vun der Caritas zu Lëtzebuerg iwwerholl. Déi international Projete konnten awer net méi weidergefouert ginn.

De Sebastian Weier, politesche Verantwortleche vum Cercle de coopération des ONGD du Luxembourg sot dem Konterbont: „Wéi dat d’lescht Joer geschitt ass, hate mir fir d’éischt emol Angscht, datt mir keng Ënnerstëtzung méi géife fannen, besonnesch a Form vun Donen.“ E puer méi grouss Strukturen ënner dem Daachverband Cercle hunn 2024 e liichte Réckgang verzeechent, woubäi sech d’Situatioun ëm Chrëschtdag erëm erkritt hat.

Um finanziellen Niveau war den Impakt deemno nëmme kuerzfristeg. Mee de Sebastian Weier stéiert sech un där ganzer Diskussioun an u verschiddene Fuerderungen, virun allem aus de politesche Kreesser, fir eng, wéi hie se am Spaass nennt, „Complexification administrative“ ze ënnerhuelen, fir d’Reegelen an den ONGen ze iwwerschaffen an zum Beispill extern Auditen anzeféieren. „Dobäi hat déi nei Regierung eigentlech vir, eng ‚Simplification administrative‘ anzeféieren. De Problem ass, datt dat allkéiers Sue kascht. Suen, déi mir dann net méi hunn, fir eis Aarbecht ze maachen.“

Fir de Sebastian Weier war d’Caritas – formell gesinn – eng vun den am beschten opgestallten Organisatiounen. Hie berifft sech op Informatiounen, déi en aus der Press huet, wann e seet, datt an der Caritas net jidderee mat jidderengem geschwat hätt. Och wiere gewësse Saachen automatiséiert gewiescht, déi dat vläicht net hätte sollte sinn. Warscheinlech wieren e puer mënschlech Feeler geschitt, mee aus der Distanz kéint hien dat net jugéieren. Hie weist sech erliichtert, datt awer vill Leit den Ënnerscheed tëschent „strukturelle Problem vun enger ONG“ a „Persoune mat krimineller Energie“ verstanen hätten. Et wier net esou, datt ee kenger ONG méi vertrauen dierft, well d’Caritas och mindestens Affer war. „Mir stellen eis zum Beispill d’Fro, wéi et konnt sinn, datt d’Banke Kreditter erausginn hunn.“

© MAEE (ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur)
© MAEE (ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur)

„Op jidde Fall waren an der Zivilgesellschaft zu Lëtzebuerg vill Leit, déi net frou domadder waren, wéi ee mat deem Theema ëmgaangen ass.“ Dowéinst hunn d’lescht Joer verschidde Leit aus ënnerschiddleche Secteuren aus der Zivilgesellschaft ugefaangen, en neit Netzwierk opzebauen, dat „Voĉo“ heescht, wat op Esperanto „Stëmm“ bedeit. Zesumme mam Cercle gëtt drop higewisen, datt d’Zivilgesellschaft eng gutt a wichteg Aarbecht mécht. „Fir eis als Cercle ass et schwéier, ze verdauen, datt déi Leit, déi et am meeschten néideg hunn – déi Äermst vun der Welt – elo déi éischt Opfer si vun der ganzer Geschicht.“

Mee wéi schätzen den aktuellen an de fréiere Kooperatiounsminister den Impakt vun der Caritas-Affär an? Mir hunn de Xavier Bettel an de Franz Fayot gefrot, wéi eng Konsequenzen d’Opléisung vum Kooperatiounsvolet vun der Caritas op déi Lëtzebuerger Kooperatiounsaarbecht huet. „Mir hunn effektiv mam Service international vun der Caritas e laangjäregen a ganz professionelle Partner verluer“, seet de Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Xavier Bettel. „Mee de Service international vun der Caritas war just eng vu ville Lëtzebuerger ONGDen, déi weiderhin en immens wichtege Bäitrag an eiser Entwécklungszesummenaarbecht leeschten. D’ONGDe setze 15 % vun eiser APD (Aide publique au développement) ëm – dat ass déi ëffentlech Hëllef, déi Lëtzebuerg de méi aarme Länner fir hir wirtschaftlech a sozial Entwécklung bereetstellt –, si sinn direkt um Terrain, si wësse genau, wat d’Besoine vun deene vulnerabelste Populatioune sinn a wat muss gemaach ginn, fir si an hirer nohalteger Entwécklung ze stäerken.“

Och de fréiere Kooperatiounsminister Franz Fayot ënnersträicht déi wichteg Aarbecht, déi d’Entwécklungsorganisatioune leeschten: „An der Kooperatioun gëtt e Wësse gebraucht, dat sech just schwéier aus Bicher léiere léisst – et brauch een Erfarung, fir eng nohalteg Hëllef mat laangfristege Resultater ubidden ze kënnen.“ Hie betount: „D’Caritas hat duerch hir laangjäreg Aktivitéit am Secteur en enormt soziaalt Kapital an eng grouss Vertrauensbasis. Et wäert net einfach sinn, deen Knowhow an déi grouss Pallett vun internationale Kontakter ze ersetzen um Niveau vun der Lëtzebuerger Kooperatioun.“

Wéi grouss ass dann elo de Schued um Terrain? De Xavier Bettel seet, datt mam gudde Wëlle vum Service international vun der Caritas, der Hëllef vum Caritas-Reseau an der Welt an dem Asprange vum Ausseministère an der Agence LuxDev (Agence luxembourgeoise pour la coopération au développement) de Gros vun de kofinanzéierte Projete vun der Caritas entweeder konnte propper ofgewéckelt ginn, well se souwisou no un hirem Ofschloss waren, wéi zum Beispill a Moldawien an an der Ukrain, oder mat anere Partner op d’mannst eng Zäit laang konnte weidergefouert ginn, wéi zum Beispill am Südsudan an am Mali. „Mir hunn alles gemaach a maache weiderhin alles, fir den Impakt an d’Konsequenze fir d’Beneficiairë vun de Projeten, also oft déi vulnerabelst Leit op der Welt, esou geréng wéi méiglech ze halen.“

Fir de Franz Fayot léisst sech de Schued um Terrain kaum an Zuele faassen. „Fir vill international Projete konnten zwar Léisunge fonnt ginn, fir déi geplangten Aktivitéiten nach ofzeschléissen.“ Verschidden Initiativen hunn awer missten agestallt ginn. Et wier och net kloer, wéi et nom Phasing-out wäert weidergoen. Hätt d’Caritas International zu Lëtzebuerg weiderbestanen, wären eng Rei Projete warscheinlech mat Uschloss-Initiative verlängert ginn.

„Eréischt an e puer Joer wäerte mer gesinn, wéi grouss de Schued ass“, seet hien. „Mee et ass kloer, datt déi Vulnerabelst de Präis fir dës politesch Entscheedung, net alles ze maachen, fir d’Projeten ze erhalen, wäerte bezuele mussen – dat zu enger Zäit, wou um internationalen Niveau grad massiv Gelder fir d’Kooperatioun gestrach ginn.“

Wéi steet et dann elo ëm d’Renommée vu Lëtzebuerg ënner der Caritas-Affär? „Et gouf no der Caritas-Affär natierlech e Risiko vu Vertrauensverloscht vis-à-vis vun den ONGDen“, sou den aktuelle Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten. „Mir sinn dofir amgaangen, ze kucken, an enker Zesummenaarbecht mat den ONGDen, wou eis administrativ a finanziell Prozedure kéinte verbessert ginn, fir eng besser Redevabilitéit vun de Finanzementer ze garantéieren an esou d’Vertraue weider ze stäerken.“ Fir de Xavier Bettel ass et awer och wichteg, ze soen, datt d’Caritas en Eenzelfall war.

Anescht gesäit dat de fréiere Kooperatiounsminister: „D’CSV-DP-Regierung huet an der Caritas-Affär kloer gewisen, wou hir Prioritéite leien. Am Mëttelpunkt stounge vun Ufank un d’Suen an net d’Mënschen.“ Hien erkläert: „Am Juli war den Dossier nach vum Premier zur Chefsaach erkläert ginn, mee wéi bis séchergestallt war, datt d’Staatsfinanzen näischt ze fäerten hätten, war seng Missioun fir hie séier eriwwer an hien huet den Terrain elenggelooss.“ Déi selwecht ekonomesch Approche hätt een och um Niveau vum Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheete  gesinn, sou de Franz Fayot weider. „An esou e Verhale kann aus der Perspektiv vun der Kooperatioun vum Ausland natierlech als egoistesch oder onzouverlässeg bewäert ginn an e Vertrauensverloscht mat sech bréngen.“

Hätt een dës Affär da kënne besser händelen? „Mir hunn d’Decisiounen zu der Affär geholl op Basis vun deenen Informatiounen, déi mir zu deem Zäitpunkt haten“, erkläert de Xavier Bettel. „Mir hu schnell reagéiert an hu sou e ganze Koup Aktivitéite virun engem méi schlëmme Sort konnte retten.“ Et wier awer weiderhi wichteg, datt een nei Informatiounen iwwert d’Affär an d’Reflexioune mat abënnt.

Fir de Franz Fayot hätt ee villes kéinte besser maachen, sief et duerch méi eng staark Vermëttlerroll um nationalen Niveau oder duerch en éierlechen Intérêt un deem, wat d’Ewechfale vun der Lëtzebuerger Caritas International bedeit. „Et war och e Feeler vum Premier, ganz fréi de Message erauszeginn, ‚d’Caritas kritt kee Su méi‘. Déi Häert, déi heimat vermëttelt gouf, huet wärend dem ganze weidere Verlaf vun der Affär den Toun uginn a vill Dieren onnéideg zougemaach.“ Hien ergänzt, datt an engem Sozialstaat de Grondsaz ëmmer misst sinn: „D’Regierung wäert sécherstellen, datt jidderee weider Hëllef kritt, deen Hëllef brauch.“ „Wa mir de soziale Fokus verléieren, verléiere mir dat aus dem Bléck, wourëms et an der Politik wierklech goe sollt: Solidaritéit a Verantwortung.“

En Artikel vum Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.