Placeholder Dummy template

Méi wéi „just“ Baggerweieren

Et gëtt gespillt, gechillt, gesonnt, gefëscht an entdeckt: Am Naturschutzgebitt „Haff Réimech“ zu Rëmerschen ass d’ganzt Joer iwwer eng lass, well kaum eng Plaz huet esou vill verschidde Facettë wéi d’Reservat un der Musel.

Quasi jidderee kennt se, déi beléifte Baggerweieren, bei deenen een am Summer esou richteg gutt kann d’Sonn genéissen. Iwwer 40.000 Leit fannen alljoers de Wee bis op Rëmerschen, fir hei an de Weieren ze schwammen, Beachvolleyball ze spillen, op der Schengener Plage oder am FKK-Beräich ze brutzelen oder am Kannerbaseng ze planschen. Esouguer fir Hënn gëtt et eng Plage, den „Ulla-Beach“, wou Muppe mat hire Besëtzer kënnen ongestéiert am Waasser puddelen.

Ma de Site kann nach méi, well nieft dem Fräizäit- a Schwammberäich vu ronn 25 Hektar gëtt et e ganzt Reservat ze entdecken, an deem net just Vullen a Fësch sech wuel fillen. E Réckbléck op d’Geschicht: Scho virum Éischte Weltkrich hu Privatleit ugefaang, sech zu Rëmerschen un de ville Buedemschätz ze zerwéieren. Sand, Steng a Leem goufen ausgegruewen a fir de Bau vun Haiser genotzt. Nom Krich hunn dunn eng Partie Firmen ugefaang, sech un der Musel néierzeloossen an d’Buedemschätz ze exploitéieren. D’Sandgrouwe ware bis an d’50er- a 60er-Joren aktiv.

Schonn deemools war d’Gebitt duerchzu vun ënnerierdesche Quellen, duerch d’Baggeraarbechte sinn du Basengen entstanen, déi sech lues a lues mat Waasser gefëllt hunn – et voilà, dat gréisste Fiichtgebitt vu Lëtzebuerg war gebuer. Scho fréi hunn éischt Schwammbegeeschterter ugefaangen, hir Fräizäit bei de Weieren ze verbréngen, esou dass d’Gemeng Schengen, där d’Gebitt gehéiert, an den 90er-Joren e klenge Chalet an e puer Sanitäranlagen dohigebaut huet. Schnell ass awer opgefall, dass och vill Déiere sech beim Waasser néiergelooss hunn, dorënner eng ganz Partie Migratiounsvullen, déi op hirem Wee an de Süden zu Rëmerschen en Tëschestopp ageluecht hunn.

2020 krut de Veräin „Erliefnis Baggerweier“ dunn den Optrag, sech ëm d’Gebitt ze këmmeren, an huet dat Ganzt op eng accessibel Manéier reamenagéiert. Haut schaffe ronn 60 Leit fir de Veräin, deen e sozialen Optrag erfëllt a Leit mat enger Beanträchtegung, Laangzäit-Chômeuren, Schoulofbriecher a Flüchtlingen eng Aarbecht un der Musel bitt. De sprangende Punkt: d’Naturschutzreservat „Haff Réimech“ ass fir jiddereen. Nieft dem Schwammberäich an dem Fëschberäich – mat sengem nei gestalte Carpodrôme –, déi alle béid vun der ASBL geleet ginn, këmmert sech d’Naturverwaltung (ANF) ëm déi insgesamt 280 Hektar Fläch, déi dat ganzt Gebitt ëmfaasst.

2013 gouf op enger opgeschotter Insel den Naturschutzzenter „Biodiversum“ gebaut, dee säit 2016 seng Diere fir de Grand public ophuet an 2018 nom verstuerwene grénge Staatssekretär Camille Gira benannt gouf. Den Zenter, deen aus Holz gebaut gouf an un en ëmgedréite Rumpf vun engem Boot erënnert – et muss ee wëssen, dass ganz fréier Kelten d’Gebitt besidelt hunn –, bitt op zwee Stäck eng interaktiv Expo mat Informatiounen zur Geschicht vum Gebitt, der lokaler Planzen- an Déierewelt esouwéi zum Theema Ëmweltschutz an Nohaltegkeet. De Biodiversum ass och e pädagogeschen Zenter, dee vill flott Aktivitéite fir Schoulklassen a Gruppen ubitt, an de Startpunkt fir en Entdeckungs-Wanderwee.

Virun allem Vulle-Fans kommen nämlech am Naturreservat op hir Käschten, well an de villen Hecken, um Waasser an an de Beem liewe ronn 70 Prozent vun de Lëtzebuerger Vullenaarten an och auslännesch „Gäscht“ sinn hei ze fannen, sief et d’Kanadagäns, d’Flossséischmuewel oder d’Krounenint, fir der just e puer ze nennen. De Pad mat de verschiddene Beobachtungspunkten an -hütten ass also déi perfekt Plaz fir jiddereen, dee gären an der Natur spadséiert an dobäi nach vill verschidden Déieren entdecke wëll.

E Funfact: eigentlech sollt zu Rëmersche keen Erliefnis- an Erhuelungsgebitt entstoen, mee en Atomkraaftwierk. An de 70er-Jore gouf et nämlech tëscht dem Lëtzebuerger Staat an dem däitschen Energiekonzern RWE e Projet, fir en Atomkraaftwierk laanscht d’Musel ze bauen. Wéi dunn awer eng extreem Biergergard dogéintgehalen huet an 1979 d’Wierk zu Cattenom a Frankräich bis gebaut gouf, waren d’Pläng vum Dësch an esou ass d’Naturreservat entstanen – ee Gléck!

Un de Baggerweieren erfreeë sech haut nach alljoers Dausende vu Leit, sief et, well se mat Famill a Frënn e puer cool Stonne beim oder am Waasser verbréngen oder awer als Ornithologie-Begeeschterter d’Fauna an d’Flora vun der Regioun erfuerschen. Fir de Schwamm-Deel ginn et fir déi nächst Joren och nach weider Pläng, well hei kann een d’Raschtplazen an Infrastrukturen – zu deenen entretemps och e flotte Restaurant gehéiert – ëmmer nees mat neien Highlights erweideren. 2026 soll de Schwéierpunkt op d’Plagë geluecht ginn, fir dass dës nach méi attraktiv fir déi vill Schwammgäscht ginn. Et lount sech also, bis un d’Musel ze fueren an déi vill verschidde Gesiichter vum Weiergebitt ze entdecken.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.