D’Agrikultur,
eng Hellewull vun Acteuren

Placeholder Dummy template

Vun der Landwirtschaftskummer iwwer de Ministère bis bei d’Bio-Bauere-Genossenschaft

De Secteur vun der Agrikultur zu Lëtzebuerg ass grouss, wann een nëmme bedenkt, datt iwwer d’Hallschent vun der Gesamtfläch vum Land fir d’Landwirtschaft benotzt gëtt. Deementspriechend laang ass och d’Lëscht vun den Organisatiounen, de Gewerkschaften an den ëffentlechen Institutiounen, déi sech an deem Secteur engagéieren. Mir hunn e puer Beispiller erausgepickt, déi weise sollen, wat se maachen a wat se ënnerscheet respektiv verbënnt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Nom Superwaljoer 2023 hate mir awer och 2024 nach net ausgewielt. Sou stoungen dëst Joer nach d’Sozialwalen an d’Europawalen um Programm. Bei de Sozialwalen haten d’Bauere sech dann och direkt mat dräi Gewerkschaftslëschten opgestallt – eng Première zu Lëtzebuerg – fir hir Sëtz an der Landwirtschaftskummer ze bestëmmen: Zesumme méi staark, Bauerenzentral, Aktiv Baueren fir eng staark Landwirtschaft.

Vun de 4.186 Wieler, déi opgeruff waren, hu knapp 80 Prozent vun hirem Recht Gebrauch gemaach an de Wee bei d’Walurn fonnt. D’Auswäertung Enn Mäerz huet follgend Sëtzverdeelung erginn: Véier Sëtz fir d’Kandidate vun der Baueregewerkschaft Zesumme méi staark (27 Prozent), wou sech esouwuel Membere vun der Baueren-Allianz wéi och vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB) opgestallt haten, sechs Sëtz fir d’Bauerenzentral (39,5 Prozent) a fënnef Sëtz fir d’Lëscht Aktiv Baueren fir eng staark Landwirtschaft (33 Prozent), wou sech och eng sëllege méi jonk Kandidaten opgestallt haten. Bei de Gäertner an de Wënzer ass jeeweils just eng Lëscht agereecht ginn: d’Lëtzebuerger Gäertnerlëscht an d’Wënzerlëscht.

Obwuel d’Bauerenzentral (Centrale Paysanne) als eelsten a gréisste Beruffsorganisatioun vun de Baueren déi meeschte Stëmmen a Sëtz krut, huet se keng absolut Majoritéit bei de Mandater erreecht. Dat hat als Konsequenz, datt hire Meeschtgewielten – de Guy Feyder – net méi d’office zum President vun der Landwirtschaftskummer bestëmmt konnt ginn. D’Vertrieder vun deenen aneren zwou Lëschten hu sech doropshin drop gëeenegt, de Christian Hahn vun der Lëscht Aktiv Baueren fir eng staark Landwirtschaft zum President fir déi nächst fënnef Joer ze wielen. D’Baueregewerkschaft Zesumme méi staark huet d’Kandidatur vum neie President ënnerstëtzt. Schlussendlech hat d’Gewerkschaft zesumme mam Verband Aktiv Baueren fir eng staark Landwirtschaft genuch Stëmmen, fir deen neie Kommitee vun der Landwirtschaftskummer ze bestëmmen.

Un engem Strang zéien

De Christian Hahn war fréier President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer. Hie gëllt als onofhängege Kandidat, well hien aktuell kenger grousser Baueregewerkschaft ugehéiert. Esou huet hien dunn och betount, datt et him wichteg wier, datt se alleguer un engem Strang zéien. Dës Ausso passt bei den ëmmer erëm vum Christian Hahn geäusserte Wonsch, d’Bauereverbänn zesummenzeleeën. Interessant ass dobäi, datt dës Virstellung allgemeng bekannt war an hien trotzdeem – oder vläicht grad dowéinst – als neie President gewielt gouf.

Am Virfeld vun de Wale si verschidden Iddie schonns an déi Richtung gaangen. Sou hat de Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB) de Wonsch geäussert, zesumme mat der Baueren-Allianz a Coop‑Allianz zwou ganz gemëschte Lëschten opzestelle mat Leit aus dësen Organisatiounen, awer och aus der Bauerenzentral, de Jongbaueren an dem Service Jeunesse. Dat huet awer wuel net jidderengem an de Krom gepasst, sou datt d’Bauere schlussendlech mat dräi Lëschten an d’Sozialwale gaange sinn.

D’Argumentatioun vun de Membere vun der Lëscht Zesumme méi staark war déi, datt viregt Regierunge mat der Landwirtschaft gemaach hätten, wat se wollten. Dacks wieren d’Gewerkschaften an och déi zwou Jugendorganisatioune géinteneen ausgespillt ginn. Dofir misst d’Landwirtschaftskummer zu allen Theemen erëm deen éischten Uspriechpartner ginn. Sou schreiwen d’Vertrieder vun der Lëscht am Virfeld vun de Sozialwalen: „Et kann net méi sinn, datt zu all Theema, wat usteet, op dräi verschiddene Plazen debattéiert gëtt an dann dräi Organisatioune bei d’Ministèrë pilgeren, fir da géinteneen ausgespillt ze ginn.“ Si schloe vir, zu all den Theemen, déi ustinn, Aarbechtsgruppen ze bilden, z. B. iwwer d’Waasserschutzzonen, d’Ammoniakreduktioun, d’Betribsiwwernam, d’Direktvermaartung, déi eenzel Produktiounssecteuren asw., déi da jeeweils sollte vun der Landwirtschaftskummer presidéiert ginn. „Mir mussen et an dëser Legislatioun fäerdegbréngen, fir d’Lëtzebuerger Landwirtschaft ze reforméieren, sou datt an Zukunft keng Regierung méi Decisiounen hëlt, déi laanscht eis ginn.“

D’Landwirtschaftskummer vertrëtt also déi politesch Interessie vun der Lëtzebuerger Agrikultur. Zu hiren Haaptaufgabe gehéiert awer och de Wëssenstransfert: d’Beruffsausbildung, d’Weiderbildung, d’Fachberodung an d’benotzerorientiéiert Fuerschung.

De Ministère a seng Annexen

Eng weider zentral Roll an deem Secteur kënnt natierlech dem Landwirtschaftsministère, sengen Annexen an Administratiounen zou, déi dorunner ugebonne sinn. Dat sinn zum Beispill d’Administration des services techniques de l’agriculture (ASTA), d’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA), den Office national du remembrement oder den Institut viti-vinicole – de Wäibauinstitut – fir nëmmen dës ze nennen.

Dobäi spillt jidder Institut eng präzis Roll an deckt e bestëmmte Beräich vun der Landwirtschaft of. D’Wäibauinstitut zum Beispill ass 1925 gegrënnt ginn, fir de Wënzer am Kampf géint Pilzkrankheeten a Schädlingen, déi deemools fir Problemer gesuergt haten, ënner d’Äerm ze gräifen. Och haut nach setzt dësen Institut sech an de verschiddene Facettë vum Wäibau a vum Wënzerberuff an.

Eng ganz aner Aufgab huet beispillsweis den Office national du remembrement. Seng Tâche besteet doranner, Terrainen, déi zersplittert oder verstreet sinn, no de Bestëmmunge vum „Flurordnungsgesetz“ nees zesummenzeleeën, fir méi eng wirtschaftlech Notzung vum ländleche Grondbesëtz ze erreechen.

Mee am Secteur vun der Agrikultur gëtt et niewent der Landwirtschaftskummer, de Gewerkschaften an de sëllegen ëffentlechen Institutiounen och eng Hellewull vun Organisatiounen, Genossenschaften an ASBLen, déi sech aktiv fir bestëmmten Interessien asetzen.

Organisatiounen a Genossenschaften

Ee Beispill ass d’ASBL Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ). Dës ONG ass aus dem Veräin Jongbaueren a Jongwënzerbond entstanen, dee sech am Joer 1928 gegrënnt hat a sech säitdeem als Sproochrouer fir déi zukünfteg Féierungspersoune vu Betriber an der Landwirtschaft an am Wäibau verstanen huet. Allgemeng vertrëtt d’LLJ d’Interessie vun deene Jonken. Se ass mat sëllegen aneren Organisatioune vernetzt, an éischter Linn mam Service coopération vum LLJ souwéi mat de siwe regionale Gruppe vum LLJ.

E weidere bekannten Acteur an der Biobranche ass d’Bio-Bauere-Genossenschaft Lëtzebuerg, déi 1988 gegrënnt gouf. Haut sinn hir Produiten a ville Supermarchéen ze fannen an um mëttlerweil bekannte BIOG-Logo ze erkennen. D’Zil vun dëser Genossenschaft ass et, regional Produiten nom biologeschen a biodynamesche Prinzip zesummen ze vermaarten. Zu de Genosse gehéieren net nëmme Baueren, mee och Uebstbaueren a Geméisgäertner. Si verkafen hir Produiten entweeder direkt op hirem Haff oder un d’BIOG. Fir an d’Genossenschaft opgeholl ze ginn, muss ee Member am Veräin Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg ASBL ginn, e weideren Acteur an dësem Secteur. Mat der Grënnung vun der BIOG-Genossenschaft gouf och de Grondsteen fir déi spéider Oikopolis-Grupp geluecht, zu där d’Naturata-Filialen an de Bio-Grousshändler Biogros gehéieren.

Et ass vläicht manner bekannt, spillt awer och eng wichteg Roll: d’Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie Luxemburg (IBLA). Et handelt sech heibäi ëm e Kompetenzzentrum fir Fuerschung a Berodung am Beräich vun der Biolandwirtschaft an dem Biowäibau.

Wéi mir gesinn, huet jidder Acteur am Agrikultur-Secteur eng spezifesch Roll, woubäi villes um Enn awer zesummenhänkt. Op jidder Fall hu se alleguer eppes gemeinsam: Si setze sech fir d’Interessie vun der Landwirtschaft an, dreiwen hire Secteur virun – a wann och just an hirem spezifesche Beräich.

D’Agrikultur betrëfft jidderee vun eis, well ouni si géif et keng Liewensmëttel ginn.

En Artikel vum Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.