Schonn 1976 leet hien de Grondstee fir déi éischt Lëtzebuerger Sproochecoursë fir Auslänner. Zesumme mam Pierre Werner, dem deemolege Premierminister, initiéiert hien 1982 d‘Lëtzebuerger Sproochegesetz, mat deem eis Sprooch am Joer 1984 offiziell zur Amtssprooch gëtt.
Domat mengt hien nieft enger Rëtsch Bicher och e Koup Radiossendungen iwwer a ronderëm eis Sprooch. A méi wéi 15 Joer produzéiert hie méi wéi 2500 Episode vun „Eis Sprooch“, déi um RTL an um DNR iwwer d‘Antenn ginn. Domat leescht hien en net onwesentleche Bäitrag zur Popularitéit vun eiser Sprooch. Do dernieft huet de Lex Roth och mat enger Hellewull un Artikelen an diversen Zäitschrëften zu Lëtzebuerg op sech an op eis Sprooch opmierksam gemaach an mécht dat och haut nach mat grousser Freed.
Mir poteren e puer Wuert mam Lex Roth a stellen him déi eng oder aner koppeg Fro.
Et war 1971. Ech hat just den Orall fir mäi Professorat hanner mer. Um Heemwee hunn ech zwou Persounen um Radio héieren. Déi zwee wollten e Veräi grënne fir d‘Sprooch. Dat war d‘Gebuertsstonn vun der Actioun Lëtzebuergesch, an där ech Grënnungsmember an zu där Zäit President war. Mat eiser Actioun Lëtzebuergesch hu mir vill beweegt a beweegen haut nach vill, ob dat dësem oder deem an de Krom passt, ass eng aner Saach. Dofir huet dat Déngen och ACTIOUN geheescht, mir wollten eppes maachen, eppes beweegen. A villes ass eis gelongen. Also war eis Aarbecht net fir näischt a méi schéi kann et jo net sinn. Haut ass wichteg, datt dat, wat gemaach gëtt, ëmmer erëm gefestegt gëtt.
Esou Initiativen hëllefen, eis Sprooch weider no vir ze bréngen an ze stäerken.
Dat ass eng psychologesch Saach. Wann eppes an enger Verfassung steet, huet et direkt e ganz anere Stellewäert. Natierlech gëtt et och Leit, déi do net mat eis dobäi sinn. Dat ass hiert gutt Recht, awer si denken net drun, datt een „dobaussen“ esou gekuckt gëtt, wéi ee sech duerstellt… an zu där Presentatioun vu Lëtzebuerg gehéiert nun emol eis Sprooch, duerch déi eng sproochlech Situatioun entsteet, déi fir en ‘kompakte Staat’ eemoleg ass. D‘Sprooch gëtt dann och am Ausland wouergeholl, als solch ugeholl an akzeptéiert. Datt et bei den Diskussiounen iwwer eis Sprooch an der Constitutioun dës oder déi Bedenken gouf oder gëtt, dat ass normal an en Zeechen, datt sech éierbar mat der Saach beschäftegt gëtt. Lëtzebuergesch ass eis Mammesprooch a gehéiert an d‘Constitutioun! Mee eis Sproochesituatioun bréngt mat sech, datt administrativ och Franséisch an Däitsch hir Platz behale mussen. An och eventuell Englesch! Voilà, dat ass d‘Geschicht. Eis Méisproochegkeet ass einfach e Räichtum, dee soss keen anert Land huet!
Mir mussen drun denken, datt mir an engem Waljoer sinn! Et sti vill Iddien am Raum, mee se mussen och ëmgesat ginn. Wann emol zwou oder dräi Saache kéinten ëmgesat ginn, wier scho vill passéiert. Wichteg wier zum Beispill, all dräi Méint eng Table ronde iwwert eis Sprooch. Awer och Minimum eng hallef Stonn pro Woch fir d‘Sprooch um Radio misst virgesi ginn, woubäi et och wichteg wier, datt Redakteren op der Antenne eng Formatioun an der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur kréie géifen. Oft hunn dës hir Studien am Journalismus am Ausland, zum Beispill zu München oder zu Stroossbuerg, gemaach an dofir net déi néideg Kenntnisser a Wëssen iwwert eis Sprooch. An si kennen eist Land an eis Geschicht net. Am Ausland gëtt déi jo net geléiert. Dat sinn esou Saachen, déi misste gemaach ginn, déi praktesch Saachen.
Mir solle keng aner Sprooch op d‘Säit drécke wëllen, dat ass falsch! Dem Franséischen an dem Däitsche passéiert hei guer näischt, wa mir keng Dommheeten am Schoulsystem maachen!
En Interview vum Marc Wilgé