E besonnesche Moment an der rezenter Geschicht vun der Abtei war d’Daf vum Prënz Charles, dem Jong vum neie Groussherzog Guillaume an der neier Groussherzogin Stéphanie, déi hei am enke Familljekrees gefeiert gouf. Mee mir ginn elo fir d’éischt nach e bësse méi wäit an der Zäit zeréck: D’Abtei gouf tëscht 1909 an 1910 am neiromanesche Stil gebaut – inspiréiert un der berüümter franséischer Abtei vu Cluny. Gegrënnt gouf se vu Benediktinerpateren aus Frankräich, déi wéinst reliéise Spannunge gezwonge waren, hiert Land ze verloossen. Zu Lëtzebuerg hu si dunn eng nei Gemeinschaft opgebaut. Am Zweete Weltkrich stoung d’Abtei eidel, well d’Mënche vun den däitsche Besatzungsmuechte verdriwwe goufen. Awer e puer Joer nom Krich ass nees Liewen an d’Abtei zeréckkomm.
Haut liewen do zwielef Mënche vun der Gemeinschaft no der Reegel vum hellege Benedikt „ora et labora“ – wat op Lëtzebuergesch sou vill heescht wéi „biet a schaff“. Dës Philosophie bestëmmt hire ganzen Alldag, dee kloer strukturéiert ass. Den Dag fänkt moies ëm fënnef Auer mat de Vigillen un – enger Nuetswaach – an hält um hallwer néng owes mat der Kompleet, dem Owesgebiet, op. Am Laf vum Dag gëtt siwemol gebiet, dotëschent gëtt geschafft. All Mënch huet eng spezifesch Aufgab: Déi eng schaffen am Gaart oder an der Kichen, anerer am Atelier oder si responsabel fir d’Wäsch.
An engem Niewegebai gëtt och Äppeljus produzéiert – e Projet, dee viru méi wéi 15 Joer entstanen ass. D’lescht Joer goufen iwwer 20 Tonnen Äppel gepresst, an esou ginn all Joer ronn 12.000 Fläsche Jus hiergestallt. De Verkaf hëlleft, den Alldag vun der Gemeinschaft ze finanzéieren, an e gudden Deel vum Erléis gëtt u sozial Organisatioune gespent. De Jus gëtt direkt an der Abtei verkaaft, mee e gëtt och a verschiddenen Hoteller zu Clierf beim Moieskaffi zerwéiert.
Och wann d’Abtei am Allgemengen net fir de Public op ass – ausser bei enger Visite guidée, déi eemol am Mount organiséiert gëtt – ass et awer méiglech, dës Plaz vu bannen ze erliewen. Persounen, déi e spirituelle Réckzuch sichen, kënnen hannert d’Diere vun der Abtei kommen. „Dës Offer ass dat ganzt Joer méiglech. Männer wéi och Frae kënne sech hei en Eenzelzëmmer reservéieren. Iwwer d’Joren hu schonn e puer honnert Leit Zäit an eiser Abtei verbruecht“, seet den Dom Michel Jorrot, Chef-Abbé vu Clierf.
Am Gaaschthaus vun der Abtei kënne Männer eng Zäitchen an engem vun den 21 Zëmmer verbréngen. Frae kënne vun där selwechter Offer profitéieren, si ginn awer an engem anere Gebai ënnerbruecht, dat ronn 100 Meter vun der Abtei ewechläit. „Et si meeschtens Persounen, déi no enger professioneller oder schoulescher Auszäit sichen, déi de Wee an eis Abtei fannen“, erzielt de Chef-Abbé. Eng Altersgrenz gëtt et net. „Studenten, déi nach keng 18 Joer hunn, mussen awer vun enger volljäreger Persoun begleet ginn“, erkläert hien. Eng Reservatioun geet ganz einfach: Et kann een dat iwwer d’Internetsäit vun der Abtei maachen.
Wéi an all Klouschter gëllen och hei kloer Reegelen. „Et ass wéi an engem Hotel bei eis. Sou ass et zum Beispill verbueden ze fëmmen, an ab 23 Auer ass d’Nuetsrou ugesot“, verréit den Dom Michel Jorrot. Wat d’Routinnen am Dag ugeet, sou kënnen d’Gäscht – wa se wëllen – un de Gebieder deelhuelen, mee et ass keng Pflicht. D’Iesse gëtt zu feste Stonnen zerwéiert: D’Männer iessen zesumme mat der Communautéit, wärend d’Fraen am Sall vun hirem Haus hir Molzecht zou sech huelen. Ronn 40 € pro Nuecht mat Vollpensioun kascht eng Iwwernuechtung an der Abtei.
Dës Gäscht kréien och d’Chance, déi wonnerschéi Bibliothéik ze besichen, déi sech iwwer e puer Stäck verdeelt. Se enthält iwwer 130.000 Bicher, dorënner Manuskripter aus dem 12. Joerhonnert, déi nach mat der Hand geschriwwe goufen, a rar Dokumenter iwwer d’Rees vum Louis XIV op Lëtzebuerg. Och eege Produktioune wéi liturgesch a wëssenschaftlech Transkriptioune vun der Bibel kënnen do bewonnert ginn. An de Raim sti Statuen aus dem 15. Joerhonnert, déi der Plaz eng aussergewéinlech Atmosphär ginn.
Ofschléissend léisst sech also feststellen, datt d’Abtei vu Clierf eng Plaz ass, wou Glawen, Kultur a Mënschlechkeet op eng harmonesch Manéier zesummekommen. Hei leeft d’Zäit méi lues an all Steen an all Buch huet seng eege Geschicht. D’Visiteure kënne sécherlech déi selwecht Erfarung maachen.
Fotoen: © Visit Éislek
En Artikel vum Laurent Neiertz