Corona am 3. Alter: Et ass jo net ze änneren …

Wuel kaum eng Tatsaach huet hautdesdaags d’Liewen esou verännert wéi déi aktuell Coronapandemie, déi mat reegelrechte Wellen iwwer eise Käpp zesummebrécht an déi sozial Verhältnesser torpedéiert. Iwwerdeems vill jonk Leit den imposéierte Moossname géintiwwer ëmmer méi kritesch ginn, ass et dee sougenannten Drëtten Alter, an deem vill Leit ufänken, sech méi eleng ze fillen, deen alles guer net esou negativ gesäit.

Nach virun engem décke Joer, wéi d’Leit nach gemengt hunn, eng Mask wier e weibleche Familljemember vum Elon Musk, konnten sech déi mannste Leit virstellen, wat nach alles op eis géif duerkommen. Mee eng gutt Portioun „Altersmilde“, wéi esou schéin déi aner Säit vun der Musel gesot gëtt, léisst déi eeler Leit vun haut dat Ganzt vill méi pragmatesch gesinn. Wa mir dovun ausginn, datt den 3. Alter jo eigentlech schonn no der Pensioun ufänkt, dann hu mir eis mat e puer Vertrieder vun dëser Grupp, also am Fong déi sougenannte Juniore vum Drëtten Alter, ënnerhalen an si gefrot, wat den Impakt vun der Covid-19-Problematik fir si bedeit.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Ladies first, also soll emol fir d’éischt d’Marion (61) hei zu Wuert kommen, dat eleng lieft. „Am Ufank hunn ech et net esou eescht geholl, et ass een einfach iwwerrascht ginn an et huet een eigentlech gehofft, et wier séier eriwwer. Et ass engem jo gutt gaangen, et war een einfach e bësse méi doheem. Eigentlech fillen ech mech och net esou immens ageschränkt. Fir de Rescht huet ee sech eebe missen Hobbyen zouleeë wéi Liesen, Strécken, Schreiwen oder Molen. Ech hunn eng Duechter, déi blann ass; fir d’Nina schreiwen ech villes nidder, wat ech mat him erlieft hunn, fir datt hatt dat dono ka virgelies kréien.

Ech sinn absolut fir de Mask an och dofir, déi Reegelen anzehalen, déi mir virgesot kréien. Et schränkt mech zwar a menger perséinlecher Fräiheet an, mee et ass wichteg, datt mir et maachen. Mir probéieren eeben einfach, derduerch ze kommen an eis an déi aner ze schützen. Dofir hunn ech kee ganz grousse Problem dermat. Déi Leit, déi méi al si wéi ech, huelen dat Ganzt och guer net esou dramatesch op. Si denken zwar driwwer no, mee am grousse Ganze si si positiv der Saach géintiwwer agestallt.“

Bei mir, dem Schreiwer vun dësen Zeilen (65) ass et änlech, ech sinn elo vill méi doheem, wat meng Wunnengskosmeetikerin allerdéngs derzou bréngt, mech ze vernennen, well vill méi ze botzen ass. Ee grousse Virdeel huet déi Pandemie awer op alle Fall: Et gëtt ee vill manner Suen aus (wat mäin Noper, de Gousseldenger Wiert, bestëmmt net esou gär héiert).

De Patrick (65, eleng doheem) langweilt sech zwar a vermësst et besonnesch, mol erëm eng Kéier kënnen an e Restaurant iessen ze goen oder bei de Wiert ze trëppelen. Mee dofir huet hien awer och méi Zäit, fir seng Hallefdaagskaz Lili (si kënnt just op Besuch, ass awer elo bal ëmmer do) no alle Reegele vun der Konscht ze verwinnen. Hien huet sech net nëmmen en elektresche Vëlo kaaft (et huet awer laang gedauert, bis en d’Primm vum Staat endlech kritt huet), mee och direkt nach zwee Motorrieder, ee klengt an eng richteg schwéier Maschinn, mat deenen hien zwar emol heiansdo erausfiert, mee meeschtens beschränkt hien sech drop, drun ze kniwwelen an se ze botzen. An dann ass säi Gaart awer och nach ee vun den Hobbyen; en Héichbeet mat allerlee Blimmercher a Kichekraider an eng Wiss ronderëm d’Haus (déi bei all Wieder geméit gëtt) loossen och hie reegelrecht opbléien.

Wéi ass et awer mat deene Leit, déi nach méi al sinn an net méi kënnen eleng doheem liewen an op en Alters- oder Fleegeheem mussen zeréckgräifen? Wann een héiert, wat do ëm déi Zäit vum Schreiwe vun dësem Artikel esou alles lass war, léisst et ee schonn nodenklech ginn. Datt Botzfraen iwwerhaapt net a Fro kommen, fir prioritär geimpft ze ginn an einfach esou duerch déi eenzel Zëmmere knéchelen a wuselen, dat däerft et wierklech net ginn, dora sinn si sech eens. Muench Bewunner bekloen sech zwar, datt si elo iwwerhaapt kee Besuch kréien, mee si gesinn dat awer net all esou tragesch. Déi al Mënsche vun haut hunn an hirem Liewe schonn esou vill matgemaach, zum Deel nach de Krich erlieft, a wëssen dofir ganz genee, dës Situatioun richteg anzeschätzen. Sie verlaangeren allerdéngs no Besuch a Famill a ginn dofir scho ganz kreativ.

Zemools am Beräich Kommunikatiounstechnik si vill Pätteren a Giedelen ewell vill méi wäit, wéi mir eis dat kënne virstellen: si whatsappen, skypen a videotelefonéiere mat hire Léifsten, déi si och zum Deel dozou ugestiwwelt hunn, an esou ass ëmmerhinn nach eng Familljefeier op Distanz dran. Wann een och net kann seng Enkelkanner op de Schouss huelen (well do jo de Laptop läit), dann huet ee si awer op d’mannst bei sech am Bild an am Toun. Wann zwar och e fiichte Kannerkussi net esou einfach kann ersat ginn, dann ass awer wéinstens en elektroneschen, generatiounsiwwergräifende Meeting méiglech, an dofir si vill Bomien a Bopien, Meemeeën a Bipae wierklech dankbar. Natierlech ginn et awer och nach aner Fäll, wou al Leit richteg falegelooss ginn, dat sollte mir net vergiessen a mir sollten un si denken, a wann et nëmmen e kuerzt Telefonsgespréich ass, fir si opzemonteren.

Mee soueren héiert ee wierklech am Allgemengen net esou vill wéi ee sech dat elo vläicht als jonke Mënsch virstellt, an et ass och net onbedéngt eng Form vu Resignatioun am Drëtten Alter, mee éischter eng positiv Reaktioun ënner dem Motto „Mir packen och dat nach!“.

En Artikel vum Sully Prud’homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.